Usprooch vum Lydia Mutsch am Kader vum 15. Anniversaire vum Spidol um Kierchbierg

Den 9. Juli huet d'Gesondheetsministesch, Lydia Mutsch, am Kader vum 15. Annniversaire vun dem Spidol um Kierchbierg eng Ried gehal.

  1. ©FOCALIZE / Tous droits réservés

    Lydia Mutsch lors de son allocution
  2. ©FOCALIZE / Tous droits réservés

    Lydia Mutsch avec le directeur général des Hôpitaux Robert Schuman
  3. ©FOCALIZE / Tous droits réservés

    Photo de groupe

Här Premier Minister,

Madame Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg,

Här President vun der Fondatioun Hôpitaux Robert Schuman a Membere vum Verwaltungsrot,

Här Generaldirekter,

Léif Mataarbechter vum Hôpital Kirchberg,

Dir Dammen an dir Hären,

Et ass mer eng grouss Éier a Freed mat Iech dëse 15. Gebuertsdag vum Hôpital Kirchberg kënnen ze feieren.

Den heidegen EU-Kommissiounspresident a fréieren Regierungschef Jean-Claude JUNCKER huet am Editorial vum Buch iwwert de projet Kirchbierg gesot: “d’Aweiung vum Hôpital Kirchbierg huet fir d’lëtzebuerger Spidolswiesen d’Enn bedeit vun enger Epoch an den Ufank vun engem neien Zäitalter”.
Tatsächlech koum mam Hôpital Kirchberg, net nëmmen e neit Gebai, mee och e neie Partner zu den deemools bestoenden centres hospitaliers, vu dass d’hôpitaux de proximité Ste Elisabeth a Sacré-Coeur  duerch d’Zesummenleeën zu engem centre hospitalier gefouert hunn.
En innovative Projet, dee sech ënnert anerem op identifizéiert Besoine vun der nationaler Spidolsplanung  baséiert  huet.
Nieft de Bauaarbechten déi néideg waren fir dat dëst Gebai konnt entstoen an a Betrib goen, wëll ech hei awer och  ervirhiewen, dass et deemools drëm  goung e nohaltegen an innovative Projet ze schafen.

D‘Grondlagen vun dësem Projet waren deemools a si bis haut :

  • Eng Architektur déi sech dem Programme médical upasst an de Patient an de Mëttelpunkt setzt,
  • Eng medezinesch Versuergung déi d‘wëssenschaftlech Evolutioun berücksichtegt,
  • Den Akzent op der Kontinuitéit vun de Soinen  mat dem Konzept vun der médecine hospitalière à plein temps dëst an engem liberale Regime,  e Konzept fir dat sech den éischten Generaldirekter onermiddlech agesat huet.

An des Grondwerter bleiwen aktuell, well déi gréisst Partie dovun de Fundament bilden, op dem onst Spidolswiese berout.
Wann ee sech di lescht Carte sanitaire ukuckt, da gëtt engem déi wichteg Positioun, déi d’Kirchbiergspidol an der Spidolslandschaft zu Lëtzebuerg ageholl huet, däitlech:

Am Joer 2016 hunn am Hôpital Kirchbierg :

  • ongeféier 27.000 Krankenhausopenthalter stattfonnt (wat  20,4% vum Total am Land ausmécht)
  • des Aktivitéit huet 120.000 Hospitalisatiounsdeeg generéiert, wat 18,5% vum Total zu Lëtzebuerg ausmécht,
  • dësweideren hunn 64.500 Erwuessener de Service d’Urgence opgesicht,  wat 29% vun alle Passagen vun Erwuessenen an den Urgencen vum Land ausmécht.

Duerch d‘Fusioun mat der Klinik Sainte Marie an der Zithaklinik totaliséiert anzwëschen de Centre Hospitalier Hôpitaux Robert Schuman, 34,7% vun den Hospitalisatiounen mat 31,2% vun den  Hospitalisatiounsdeeg, national gesinn.
Obschonn den Hôpital Kirchberg mat engem Duerchschnëtt vu 6,1 Deeg eng relativ kuerz stationär Openthaltszäit virweist,  am Verglach zu anere lëtzebuerger Spideeler (déi eng duerchschnëttlech Hospitalisatiounsdauer vu 7,4 Deeg virweisen) war den Taux vun der ambulanter Chirurgie bis 2016 rezent méi niddereg wéi landeswäit, obwuel, vum éischten Dag un, d’ambulant Chirurgie als eng Prioritéit ugesi gouf.
Mee de "virage ambulatoire" ass entaméiert an ech sinn iwwerzeegt, datt, zënter 2016,  den Taux vun der ambulanter Chirurgie sech verbessert huet a méi héich ginn ass. D’nächst Carte sanitaire wäert eis Opschloss doriwwer ginn.

Op ärer Journée, déi am Mäerz 2018 zu dësem Thema organiséiert gouf, a wou et méi speziell dorëms gaangen ass wéi d‘Erhuelung (Récupératioun) no engem chirurgeschen Agrëff verbessert ka ginn, konnt ech Folgendes feststellen:

  • E groussen Interessi bei den Dokteren fir dës Method ze applizéieren
  • d‘Wichtegkeet déi dir der Qualitéit, der Sécherheet an der Kontinuitéit vun der Prise en charge gitt,  an dëst an enger multidisziplinärer Approche .

Mee - iwwer dës Zuelen eraus - wëll ech d’Aarbecht ervirhiewen déi gemaach gouf fir d‘Qualitéit vun de Soinen  an d‘Sécherheet vum Patient ze garantéieren, wat e groussen Engagement vun der Direktioun an allen Équipen gefuerdert huet. D‘Partizipatioun vun den Hôpitaux Robert Schuman, un der Démarche fir d’Sécherheetskultur vum Spidol ze analyséieren a verbesseren ass heifir e gutt Beispill. Och d‘Démarche zu enger Accréditatioun no kanadescher Norme déi d’Hôpitaux Robert Schuman entaméiert hunn, wäert zu enger Consolidatioun a Valorisatioun vun der op d’Been gesater Organisatioun fir den EFQM oder spezifeschen Zertifikatioune, féieren.

An all dëst an engem Kontext vun Evolutioun an déifgräifende Changementer am Zesummenhang mat der  Fusioun.

Dat neit Spidolsgesetz, wat den 1ten Abrëll 2018 a Kraaft getrueden ass, wäert dës Dynamik begleeden an  ënnerstëtzen.  Effektiv wëllt d‘Regierung mat dësem neie Spidolsgesetz Folgendes erreechen:

  1. d‘Positioun vum Patient am Mëttelpunkt vun eisem Gesondheetssystem renforcéieren, seng Informatioun verbesseren an e besser outilléieren Entscheedungen  treffen ze kënnen + Ambassadeur vun der eegener Gesondheet,
  2. d‘Koordinatioun an d‘Kontinuitéit vun de Soinen verbesseren duerch eng Formalisatioun vun den  Interaktiounen tëschent Spidolsservicer, deene verschiddenen Infrastrukturen vum Gesondheetswiesen an Dokteren, op organisatoreschem a funktionellen Niveau,  
  3. d’Zesummenaarbecht,  d’Transparenz verbesseren an doduerch d‘Offer vun de Spideeler fir de Bierger esou transparent ewéi méiglech maachen,  d.h. Kompetenz-Réseaux
  4. d‘Aféiere vun enger documentation hospitalière, fir besser Informatiounen iwwer d‘Zuelen an awer och iwwert d‘Qualitéit vun de Prestatiounen, déi am Spidol gemaach ginn, ze kréien. Duerch eng systematesch Dokumentatioun vun den Aktivitéiten am Spidol an  duerch d‘Demanden vu Reconnaissance vun de Servicer déi elo vun de Spideeler erakommen, gëtt sech Lëtzebuerg di neidesch Moyen fir de Pilotage vu sengem Spidolswiesen, ganz transparent, a baséiert op faktuell Donnéeën .

D’Hôpitaux Robert Schuman hu widerhuelt d‘Wichtegkeet vun dësen Donnéeën ënnerstrach,

  • fir hir Projeten ze ënnerstëtzen,
  • fir hir Équipen ze ënnerstëtzen bei hirer Sich no kontinuéierlecher Verbesserung vun der Qualitéit a vun der Sécherheet vun de Soinen,
  • fir hire Patiente validéiert Informatioune kënnen ze ginn,  déi als Beweis sti fir  d‘Qualitéit vun hire Servicer.

Dir Dammen an Hären,

Eis Spidolslandschaft huet an deene leschte Joeren eng bemierkenswäert Entwécklung matgemeet: an alle Regiounen hu Fusioune stattfonnt, Neibauten a Moderniséierunge vu bestoende Gebailechkeeten, nei spezialiséiert Strukture goufe geschafen.

Dës Regierung huet awer och Jalone gesat fir nach weider an Zukunft a grouss Spidolsbauten ze investéiren an dat an all de Regiounevum Land z. Bsp. Südspidol, Hôpital municipal vum CHL, Rehaklinik vum CHNP an awer och eng grouss ugeluechte  Moderniseierung vun der Zithaklinik wou am Moment nach d’Bauaarbechte net ganz ofgeschloss sinn.

Et steet awer och schonns erëm e neie Projet an de Startlächer an dat direkt hei um Site Kirchbierg.

Et soll e neien Tuerm gebaut ginn, den d’Aktivitéiten an d’Better vun der Ste Marie iwwerhuele soll. Mir  waren eis eens dass esou e Neibau an eng Fermeture vun der Ste Marie noutwendeg wier  fir eisen eelere Patienten eng modern Prise en Charge an der Rehabilitation gériatrique ze garantéiren.

Dir positionéiert iech och schonns fir verschidden services nationaux an de nächste Joeren ze exploitéiren. Et geet rieds vun enger ophalmologie spécialisée an engem service d’hospitalisation de longue durée. Ech si gespaannt op äre Projet d’établissement an op är Projets de services déi bis Enn dëses Mounts wäerten um Ministère era kommen.

Ech mengen dat alles weist dass mir nach vill gemeinsam Ambitiounen hunn fir d`Hôpitaux Robert Schuman an dass mir zesummen ären future Neibau schonns matt Liewe gefëllt kreien.

An dësem Joer 2018 wënschen ech dem Hôpital Kirchbierg e ganz schéine Gebuertsdag a natierlech nëmmen dat Bescht fir déi nach ganz vill Joeren déi nach op et zoukommen, virun allem dat et sech weider entwéckelt, natierlech  am Respekt vun eise gemeinsame Valeuren, wou de Patient am Mëttelpunkt steet vun enger qualitativ héichwäerteger a sécherer Prise en charge. 

Aktualiséiert