E komplettéiert Reegelwierk vun der Lëtzebuerger Sprooch

De Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise) huet den 20. Mäerz 2019 e komplettéiert Reegelwierk vun der Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl.

Nodeems eng éischt Versioun vun deene Reegelen am Dezember 2018 op www.cpll.lu publizéiert gouf, koumen eng Partie Avisen eran an eng zweet Versioun gouf redigéiert. Dës Versioun steet och elo op www.cpll.lu a jiddweree ka seng Bemierkungen a Virschléi per Mail op cpll@cpll.lu  eraginn, bis den 30. Abrëll 2019. Dono gëtt déi Schreifweis dann offiziell publizéiert.

 

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert