Virsiichtsmoossname, wéinst dem Virus COVID-19, fir all Organismen déi technesch Kontrollen duerchféiere vum 17. Mäerz 2020

Wéinst der Evolutioun vum Virus COVID-19 zu Lëtzebuerg an enger domat verbonnener Hausse vum Risk vun enger Iwwerdroung huet d'Regierung an de leschten Deeg eng Rei Mesurë geholl a Recommandatioune gemaach fir d'ëffentlech Gesondheet ze schützen.

Fir de Risiko ze reduzéieren, datt Clienten an Inspektere vun den Organisme vun den technesche Kontrollen ugestach ginn, gëlle verschidde Virsiichtsmoossname vum 17. Mäerz un a bis den 31. Mäerz 2020 (bis op Weideres).

Déi folgend Virsiichtsmoossname gëlle fir all d'Organisme vun den technesche Kontrollen:

  • D'Organisme vun den technesche Kontrollen akzeptéiere wärend där Period just Gefierer, fir déi de Certificat bannent de folgenden 2 Wochen ofleeft, oder fir déi de Certificat net méi gülteg ass;
  • De Kontakt mam Client ass op e strikte Minimum reduzéiert;
  • D'Zuel vun de Clienten déi an engem zouene Raum waarden dierf net iwwer 5 klammen. Doriwwer eraus muss e Mindestofstand vun 2 Meter tëscht de Cliente respektéiert ginn;
  • De Kontrollinspektere gëtt geroden, sech mat Eemol-Händschen oder Desinfektiounsmëttel géint eng méiglech Iwwerdroung duerch Krankheetserreeger ze schützen, wann se e Gefier vun engem Client mussen deplacéieren.

De Vizepremierminister, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte behält sech d'Recht vir dës Restriktiounen unzepasse wann d'Situatioun evoluéiert, a kann zu all Moment d'Applikatioun vun dësen Obligatiounen a Recommandatioune kontrolléieren.

Fir all weider Informatiounen, oder an engem Noutfall, steet eng Kontaktpersoun zur Verfügung ënner der Nummer (+352) 247-84958.

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

 

Aktualiséiert