Nei Campagne fir méi Sécherheet op der Strooss: "Alkohol um Steier kascht Mënscheliewen"

26.000 Mënsche verléieren hiert Liewen all Joer an Europa op der Strooss. Eng vun den Haaptursaache vun dësen Accidenter ass nieft der Vitesse den Alkohol um Steier.

©MMTP
De François Bausch bei der Presentatioun vun der Sensibiliséierungscampagne

 

Och wann d'Evolutioun an der Zäit positiv ass (36 Doudeger zu Lëtzebuerg am Joer 2018 géint 22 Doudesaffer am Joer 2019), mussen all Dag Efforte gemaach ginn, fir Mënschliewen ze retten: sief et duerch Formatioun, Sensibilisatioun oder Repressioun.

1.400 Führerschäiner sinn am Joer 2018 am Kader vun Ethylotester vun der Police agezu ginn, dat sinn 81% vun allen agezunnene Permisen.

Opgrond vun de villen Accidenter, an och de Policekontrollen, bei deenen d'Chaufferen ënner Alkoholafloss stoungen, huet d'Association des victimes de la route (AVR) beschloss, en Informatiounsspot iwwert den Alkohol um Steier ze realiséieren.

De Kontakt ass mat "FrameArt Media" opgeholl ginn, fir ee Projet/Zenario mam Thema: "Alkohol um Steier" auszeschaffen. De Laurent Ernzer vu FrameArt Media huet den Andy Bausch gefrot, fir d'Regie bei der Produktioun ze féieren. D'AVR huet sech erëm de Mobilitéitsministère als Partner erausgesicht, deen enk mat der Associatioun zesummeschafft.

Sou ass eng prägnant Campagne zesummegestallt ginn, déi iwwer verschiddene Medie vehiculéiert gëtt: Spotten op der Televisioun an den Drive-in Kinoen, Annoncen an der Press, wéi och Bänner op verschiddene Sitten an de soziale Medien. D'Campagne leeft de 24. Juni un a mir invitéiere jiddereen, deen de Spot ënnerwee begéint, en ze deelen!

 

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Aktualiséiert