D'Finanze vun de Gemenge si resilient!

D'Gemengefinanze si stabil, an dowéinst sinn d'Gemenge resilient, si belaaschtbar: dat war de Constat am leschte "Conseil supérieur des finances communales" am Inneministère.

D'Inneministesch huet déi nei Zuele via Budgetscirculaire un déi 102 Gemenge kommunizéiert. Par rapport zum Kont 2020 kënne sech d'Gemengen op e Plus vun 238 Milliounen (+12%) beim Fonds de dotation globale des communes (FDGC) astellen. Fir 2021 wäert deen FDGC domat erëm den héijen Niveau vun 2019, d.h. vu virun der Pandemie, erreechen (2,1 Milliarden 2019 - 2,2 Milliarden 2022).

D'Gemenge sinn dem Opruff vum Ministère, fir weider z'investéieren a Projeten ze realiséieren, och nokomm, fir ronn 1,2 Milliarden Euro! An deem Sënn waren d'Subside fir d'Équipements collectifs vun de Gemengen an d'Luucht gesat ginn, wat e kloert politescht Signal dofir war, dass d'Gemenge mat hire Projete vun essentiellen Infrastrukturen, wéi z. B. Schoule fir d'Kanner, sollte weiderfueren.

Och wann 2020 keen einfacht Joer war, ass d'Gesamtsituatioun vun de Gemengefinanzen no annerhalwem Joer Pandemie deemno besser wéi ufanks erwaart. Sou huet keng Gemeng de Kont mat engem Minus am ordinäre Budget ofgeschloss!

Getrei dem Slogan "mateneen fir eng modern Gemeng":

  • hält den Inneministère d'Gemengefinanzen iwwer säi MINT-Board am A, dee mat engem Luuchtesystem e Bléck op all eenzel Gemeng vum Land erlaabt an op Parametere wéi de Scholdestand, d'Liquiditéiten oder d'Annuitéiten,
  • bitt de Ministère de Gemenge weiderhin eng Finanzberodung un, a
  • gouf d'digital Plattform, op déi d'Budgeten eropgeluede ginn, iwwerschafft, zum MICOF 2.0, enger Plattform, déi och als Virreider vun all deem geduecht ass, wat de Ministère a Saachen digital Transformatioun wëlles huet.

Communiqué par le ministère de l'Intérieur

Aktualiséiert