Temporär Reouverture vun engem 5. Impfzenter an der Luxexpo The Box

Nodeems d'Delaien tëschent der 1. Impfung an der "Booster"-Impfung gekierzt goufen an am Kontext vun enger méi schneller Liwwerung vun Impfstoffer, huet d'Regierung decidéiert vum 10. Januar 2022 un en temporäre 5. Impfzenter an der Luxexpo The Box (Kierchbierg). Den Impfzenter gëtt fir eng initial Period vum 10. bis de 15 Januar opgemaach. Dës Period kann allerdéngs verlängert ginn, ofhängeg vun den Impfstoff-Liwwerungen an de Grand-Duché.

Den Impfzenter déngt ausschliisslech fir Impf-Rappeller, déi op Rendez-vous gemaach ginn.

Et kann een ab den Owend Rendez-vouse fir dësen Impfzenter op www.guichet.lu huelen.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert