Aktioun SuperDrecksKëscht: Carole Dieschbourg presentéiert neit Finanzéierungsgesetz a lueft juristesch Aarbecht vun der Chamber

No der Publikatioun vum Avis juridique vun der Cellule scientifique vun der Chamber huet d'Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Carole Dieschbourg, reagéiert an haut an der gemeinsamer Sëtzung vun der Ëmweltkommissioun a vun der budgetärer Kontrollkommissioun de Memberen matgedeelt, dass d'Regierung en neie Finanzéierungsgesetzesprojet ugeholl huet, dee kuerzfristeg an der Chamber déposéiert wäert ginn.

Dëst garantéiert d'Verfassungskonformitéit par rapport zum Artikel 99, a stärkt domat d'Rechtsgrondlag vun der Aktioun SuperDrecksKëscht. D'Ministesch huet dobäi déi nei Cellule scientifique als exemplaresch fir d'Rechtsstaatlechkeet an d'wëssenschaftlech Ënnermauere vun der parlamentarescher Aarbecht gelueft.

D'Carole Dieschbourg huet an deem Zesummenhang nach eng Kéier rappelléiert, dass d'Diskussioun ronderëm den Avis vun der Cellule scientifique, deen d'Fro vun der Verfassungskonformitéit vum Gesetz vun 2005 opwërft, wäit iwwert d'SuperDrecksKëscht erausgeet.

Des Weideren huet d'Ministesch sech de Froe vun den Deputéierten zur Aktioun SuperDrecksKëscht gestallt. D'Carole Dieschbourg huet an dësem Kontext profitéiert fir de Fortschrëtt bei der Ëmsetzung vum Audit, deen am Hierscht 2021 presentéiert gouf anzegoen. Op Initiativ vum Ëmweltministère ass de Comité d'accompagnement schon am November 2021 vun der SuperDrecksKëscht nees nei agefouert, an nei besat ginn.

Dëse Comité, zu deem Vertrieder vum Finanzministère, vum Inneministère, vum Ëmweltministère a vun der Ëmweltverwaltung zielen, wäert an den nächste Méint d'Moderniséierung vun der Aktioun SuperDrecksKëscht, op Basis vun de Recommandatiounen aus dem Audit virun dreiwen. E weidere Punkt vun der Ëmsetzung ass d'Iwwerschreiwung vun der Marque "Aktioun SuperDrecksKëscht" op de Staat, dee mëttlerweil an d'Weeër geleet gouf.

Äntwerten op d'gestallte Froe vun der Oppositioun sinn ënnert "Méi dozou" (an däitscher Sprooch) nozeliesen.

Communique vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung

Aktualiséiert