COVID-19-Impfung: eng nei Helpline fir op d'Ängschte vun den net geimpfte Leit z'äntweren

Och wa mëttlerweil bewisen ass, dass d'COVID-19-Impfstoffer Liewe retten, hunn ëmmer nach eng Rei Leit Zweiwel sech impfen ze loossen.

Fir déi net-geimpfte Persounen, déi nach zécken, ze berouegen an z'iwwerzeegen sech impfen ze loossen, huet de Gesondheetsministère eng Helpline iwwert d'COVID-19-Impfung am Centre hospitalier de Luxembourg (CHL) ageriicht.

D'Helpline ass vu Méindeg bis Freideg tëschent 14 an 18 Auer gratis iwwert d'Telefonsnummer 4411-9955 z'erreechen.

Geschwate Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch a Portugisesch.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Organisatioun

Gesondheetsministère

Event Datum

22.03.2022