Musekschoulen.lu: Fann deng Bün!

De Ministere fir Educatioun, Kanner a Jugend lancéiert den 23. Mäerz 2022 d'Campagne "Fann deng Bün!” fir enger Majoritéit vu Kanner a Jonken d'Méiglechkeet ze ginn, déi vaste Offer vum Enseignement musical ze notzen.

©MENEJ Banner Musekschoulen
Banner Musekschoulen

D'Campagne ass Deel vun den Efforten, déi de Ministère zënter 2018 ënnerhëlt, fir en qualitativ héichwäertege Museksunterrecht ze entwéckelen, dee méiglechst fir vill Kanner a Jonker accessibel ass.

"Musekschoule bidden de Kanner haut eng Bün fir sech ze entfalen, fir kreativ ze ginn, Freed ze hunn, Frënn ze fannen. Musek stäerkt eis Kanner", betount de Minister Claude Meisch.

Eng Abberzuel un Avantagen

De Museksunterrecht ass en essentielle Vecteur vun der Kultur, e Motor vun der psychomotorescher a kognitiver Entwécklung vu Klengem un, eng perséinlech Beräicherung, hie fërdert Relatiounen, ass eng Plaz vu sozialer Kohesioun, a villes méi. D'Agantage vum Enseignement musical si villfälteg.

De Museks-, Danz- an Diktiounsunterrecht bréngt d'Generatiounen zesummen a kenne keng sproochlech oder kulturell Barrièren. Si fërderen d'Gefill vum Rhythmus, d'Konzentratioun, d'Opmierksamkeet, d'Nolauschteren, d'Kreativitéit an d'Memoire, awer och Gläichgewiicht, d'Koordinatioun an d'Motorik - an dat vu Klengem un. Net ze vergiessen, d'Selbstvertrauen an d'positiivt Selbstbild, mee virun allem d'Freed zesummen ze spillen, Emotiounen ze schafen an ze deelen.

D'Gratuitéit vun engem groussen Deel vum Enseignement musical an d'Deckelung vum Minerval op 100 Euro, déi ab der Rentrée 2022 agefouert ginn, hëllefen, de Museksunterrecht fir e Maximum vu Schüler zougänglech ze maachen.

Fannt e Musekscours an Ärer Géigend

Wou an Ärer Géigend léiert Dir Klarinett spillen, sangen, danzen oder Är Diktioun ze verbesseren? Ab wéi engem Alter sollt ee mam Eveil musical oder mam Danzunterrecht ufänken?

Op www.musekschoulen.lu kënnt Dir op enger interaktiver Kaart d'Musek-, Danz- an Diktiounsscoursen entdecken, déi an all eenzel vun den 19 lokale Museksschoulen, de 14 regionale Museksschoulen an 3 Conservatoiren am Land ugebuede ginn.

An de Medien

Wärend zwou Woche wäerte Videoen, déi an de Kinoen an op der Tëlee gewise ginn, Radiospotten, Plakater a Social Media Posts de Grand Public animéieren, fir déi grouss Offer an d'Wichtegkeet vum Enseignement musical fir déi perséinlech Entwécklung an de perséinlechen Epanouissement ze entdecken.

Den Enseignement musical an Zuelen (2021-2022)

  • Schülerzuel: 18.200
  • Schüler ënner 18: 14.836 Studenten.
  • Léierpersonal: 794
  • 3 Conservatoiren
  • 14 regional Musekschoulen
  • 19 lokal Musekschoulen
  • ronn 100 verschidde Fächer

Kontext

Den Enseignement musical gehéiert zënter Dezember 2018 zu de Missioune vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. De Ministère fokusséiert sech op d'Entwécklung vun der Offer an der pedagogescher Koordinatioun, der Kontroll an Iwwerwaachung souwéi de finanzielle Volet vum Museksunterrecht.

Zousätzlech Informatiounen fannt Dir ënner www.musekschoulen.lu

Communiqué par le ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

Aktualiséiert