COVID-19-Impfung: Eng 4. Dosis fir Persounen ab 60 Joer

Entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI), kënne Persounen ab 60 Joer, souwéi Persoune mat Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19, eng 4. Dosis vun der Impfung géint de COVID-19 kréien. Déi 4. Dosis gëtt mindestens 4 Méint no der leschter Booster-Dosis administréiert. Den Impfstoff vun der 4. Dosis ass een mRNA-Impfstoff. Mat dëser Booster-Impfung soll den héijen Impfschutz oprechterhale ginn, deen déi betraffe Persoune géint eng Infektioun, schwéier Krankheetsverleef oder Doudesfäll opgebaut hunn.

Wéi huelen ech e Rendez-vous?

Persounen iwwert 60 Joer, déi hir lescht Impfung viru 4 Méint oder méi kruten, kréien eng Invitatioun vum Gesondheetsministère per Post geschéckt, mat detailléierten Instruktiounen iwwert de Virgang fir e Rendez-vous ze huelen. Dëst ass méiglech am Impfzenter Victor Hugo, deen ausnamsweis tëscht dem 12. Juli an 13. August seng Dieren opmécht, souwéi och beim Dokter, an enger Apdikt oder am Impfbus. Den Impfzenter an der Victor Hugo Hal mécht seng Dieren nom 13. August nees zou. Persoune bei deenen de Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19 besteet an déi nach keng 60 Joer hunn, si gebieden hiren Hausdokter ze kontaktéieren, deen si direkt impfe kann oder un een Impfzenter oder eng vun den aneren Impfméiglechkeete weiderverweise kann.

D'Lëscht vun den Dokteren an Apdikten, déi bei der Impfcampagne matmaachen, esou wéi d'Datumer vum Impfbus, fannt Dir op der Säit covidvaccination.lu.

Eng personaliséiert Hëllef gëtt och iwwert eng speziell dofir ageriichten Helpline ugebueden: (+352) 247-65533.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert