De Franz Fayot gëtt Impulser fir eng nohalteg Industrie beim "Gipfeltreffen der Weltmarktführer"

De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet um Gipfeltreffen der Weltmarktführerzu Schwäbisch Hall deelgeholl, wou hien um éischte Moien, wou sech mat der Roll vun de Weltleaderen an dëser Period vu geopoliteschen Ëmbréch befaasst gouf, eng Ried mam Titel "Wéi Lëtzebuerg seng Wirtschaft op muer virbereet: Resilienz duerch gréng an digital Transformatioun" gehalen huet. De Minister huet duerno un enger Diskussiounsronn zum selwechten Theema deelgeholl, zu där och zwou Lëtzebuerger Firmen invitéiert waren, nämlech Ceratizit an Artec 3D. D'Participatioun vum Minister gouf mat Hëllef vun der Ambassade vu Lëtzebuerg zu Berlin koordinéiert.

D'"Gipfeltreffen der Weltmarktführer" gëtt all Joer vun der WirtschaftsWoche, der wichtegster däitscher Zäitschrëft fir Wirtschaftsdecideuren a vun der Akademie Deutscher Weltmarktführer organiséiert, mam Zil grouss däitsch Entrepreneuren zesummenzebrénge fir Erfarungen auszetauschen an zesummen iwwer Best Practices an déi neisten Trends an der Branche ze diskutéieren. Dëst Joer fënnt de Sommet den 1. an 2. Februar statt a konzentréiert sech op Theeme wéi permanent Krisen déi vill Entrepreneuren a Leaderen um Weltmaart trëfft. De Programm ass a 4 Haaptsujeten opgedeelt: Dekarbonisatioun vun der Industrie, digital Transformatioun, Mangel u Rostoffer a Manktem un Talenter.

Nodeems en déi gutt Zesummenaarbecht tëschent Däitschland a Lëtzebuerg ënnerstrach huet, besonnesch am Beräich vun der digitaler Gesondheet an der Raumfaart, huet de Wirtschaftsminister a senger Ried Denkustéiss ginn, wéi ee gestäerkt aus de permanente Krisen erausgoe kann. Hien huet gesot: "D'Globaliséierung, esou wéi mir se bis elo erlieft hunn, ass un hir Grenze gestouss. Mir mussen dëse Schlësselmoment notze fir eis a Fro ze stellen, aus eise Feeler ze léieren an eis besser op d'Zukunft virzebereeden. An dësem Kontext ass d'Resilienz vun eiser Ekonomie, an där 'friendshoring' a 'nearshoring' eng wichteg Roll spillen, déi ee muss stäerken." Hien huet drop bestanen, datt et wichteg wier strategesch Gidder (wéi Medikamenter, Mikrochippen,...) an Europa ze produzéieren, datt déi a Krisenzäiten och bei Probleemer an der Liwwerketten, verfügbar bleiwen. Hien huet nach bäigefüügt: Diversifizéierung vun onser Liwwerketten ass vu gréisster Bedeitung. Mir mussen ons wirtschaftlech Ofhängegkeet reduzéieren an deem mir ons méi op eng lokal a regional Produktioun konzentréieren a gläichzäiteg d'Unzuel vun eise Partnerlänner koherent erweideren. Dëst gëllt fir Lëtzebuerg, an awer och fir d'europäesch Unioun. Dëst ass déi strategesch Visioun déi mir zu Lëtzebuerg hunn, ënner anerem mat onsem Fuerplang "Ons Wirtschaft vu Muer" an de strategesche Plang vun der europäescher Unioun reflektéiert och dës Ambitiounen.

Tatsächlech huet d'europäesch Kommissioun am Kader vum Green Deal Industrial Plan, deen déi europäesch Industrie bei der Energie- a Klimawend ënnerstëtze soll, grad hire Plang fir eng CO2-neutral Industrie virgestallt. Ee vun onsen Haaptziler ass et fir d'Investitioune vun der europäescher Industrie a propper Technologië virunzedreiwen, besonnesch duerch den Ausbau vu Produktiounskapazitéiten a Schlësselberäicher (Waasserstoff, Mikrochippen, Batterien) fir datt d'EU bis 2050 klimaneutral gëtt. Et gi Produktiounsziler bis 2030 festgeluecht, administrativ Prozedure gi vereinfacht an et gi gesetzlech Testberäicher geschaf, fir d'Experimentatioun vun disruptiven Technologië ze vereinfachen. Den Green Deal Industrial Plan gëtt um nächsten europäesche Sommet den 9. an 10. Februar virgestallt.

Communiqué vum Wirtschaftsministère

Aktualiséiert