Ried vun der Gesondheetsministesch, Lydia Mutsch, um Relais pour la vie 2018.

"Ensemble, relayons l’espoir"

  1. ©MSAN

    Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État et Lydia Mutsch, ministre de la Santé, entourés de l'équipe du ministère de la Santé
  2. ©MSAN

    Lydia Mutsch, ministre de la Santé
  3. ©MSAN

    Lydia Mutsch, ministre de la Santé lors du discours

Här Chamberpresident,

Här Staatsminister,

Léif Kollegen Ministeren, Deputéiert an aner Éieregäscht,

Dir Dammen an Dir Hären,

Et ass mir eng ganz besonnesch Freed fir haut bei dëser Erëffnungs-Feier vun der mëttlerweil schonns 13. Editioun vum "Relais pour la Vie" dobäi ze sinn.

Et ass een aussergewéinleche Moment vu Solidaritéit mat de villen Leit déi Kriibs hunn a mat hiren Familljememberen a Frënn déi si an dëser Situatioun begleeden.

“Ensemble, relayons l’espoir” esou de Motto vun dësem Joer. Zesummen wëlle mir d’Hoffnung weider droen. Dës Hoffnung ass fir all Mënsch liewenswichteg – ouni geet näischt – a besonnesch wann een un enger schwéierer Krankheet leit an d’Ongewëssheet viru sech gesäit.

Ech wëll hei der Fondation Cancer an hire ville Mataarbechter a Volontaire félicitéieren fir déi exzeptionell Aarbecht déi si all Dag leeschten am Interessi vun de Betraffenen an hiren Familljen: si ginn de Leit ëmmer erëm Hoffnung, Hoffnung dass et besser geet, Hoffnung dass een et packt an dass ee méi staark ass wéi d’Krankheet; an dat ass een vun de schéinste Kadoen deen een de Mënsche ka maache !

D’Ouverture vum Relais pour la vie gëtt mir awer och ëmmer d’Geleenheet fir e kuerze Bilan ze maachen wat mir als Ministère a Regierung géint de Kriibs a fir déi betraffen Leit gemaach hunn.

Eisen éischten nationalen Kriibsplang, deen iwwert 4 Joer gelaf ass, geet am Dezember 2018 zu Enn. Et ass hei an e puer Minutten onméiglech alles opzezielen wat do geleescht ginn ass, an enker Zesummenaarbecht mat de Leit vum Terrain.

Nawell komme mir do spontan eng Rei Aktiounen an de Kapp, wéi zum Beispill den Fréierkennungs-Programm fir Daarmkriibs deen elo ganz gutt am Lafen ass; oder déi besser Prise en Charge vun de Kanner mat Kriibs, oder och nach déi vill Verbesserungen bäi der Diagnos vu Kriibs. Ech wëll och kuerz de sougenannten Centre national de génétique humaine uschwätzen, well ech weess dass deen ville Leit besonnesch um Häerz leit – zu Recht, well ouni eng modern Genomik kann ee keng zäitgeméiss Behandlung vum Kriibs maachen, am Sënn vun enger personaliséierter Medizin fir déi mir eis ëmmer staark gemaach hunn!

 Mir hunn elo déi gesetzlech Basis fir dësen Centre national mat dem neie Spidolsgesetz dat an e puer Deeg a Kraaft trëtt.

Den nationalen Gesondheetslaboratoire huet awer net ofgewaart fir sech op dësen neien Challenge virzebereeden, mee huet schonns ugefaangen déi richteg Leit mat den néidegen Kompetenzen ze rekrutéieren an sech och a punkto Équipementer besser opgestallt.

Sief nach gesot, dass déi finanziell Implikatiounen vun esou engem grousse, wichtegen Projet och dobäi sinn eng Äntwert ze fannen. Alles ass also prett, fir dem Patient elo eng besser Medizin unzebidden.

Mir wëllen eisen nationalen Kriibsplang awer och kritesch ënner d’Lupp huelen an dofir hu mir dräi europäesch Experten, déi selwer mat u Kriibspläng an hire Länner geschafft hunn, engagéiert fir Ufank Juli eng Visite zu Lëtzebuerg ze maachen a mat ville Concernéierten ze schwätzen.

Hir kritesch, externe Analyse vun eiser Aarbecht wäert dann mat afléissen an d’Ausschaffen vum zweeten nationalen Kriibsplang – well d’Aarbecht ass sécher net fäerdeg, a mir wäerten net midd ginn eis ëmmer weider ze verbesseren am Interessi vun de Betraffenen!

Nach eng Kéier, villmools Merci un d’Fondatioun fir hiren Engagement, a och un all déi, déi beim Relais pour la vie 2018 esou aktiv matmaachen. Mir zesummen wäerten d’Hoffnung ni verléieren an dës och ëmmer erëm mat Iwwerzeegung un eis Matmënsche weider ginn.

Aktualiséiert