Ried vun der Gesondheetsministesch, Lydia Mutsch, zum 30. Gebuertsdag vum Réseau PSY – Psychesch Hëllef dobaussen

"Haut ass di psychiatresch Prise en Charge bei Wäitem eng aner wéi nach virun 30 Joer, an dat ass gutt esou!"

©MSAN
D'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch um Vernissage vun der Expo zum 30. Gebuertsdag vum Réseau PSY

Léif Membere vum Verwaltungsrot,

Léif Membere vum Gemengerot,

Här Direkter,

Léif Mataarbechter a fréier Mataarbechter vun Réseau Psy-Psychesch Hëllef Dobaussen,

Dir Dammen an Dir Hären,

Et ass mer eng ganz besonnesch Freed fir haut hei zu Esch fir d’Feierlechkeete vun dësem 30. Gebuertsdag vum Réseau Psy - Psychesch Hëllef Dobaussen, derbäi ze sinn. Fir unzefänken, wëll ech iech duerfir emol ganz häerzlech gratuléieren!

Wéi de Numm et seet - Réseau Psy an Psychesch Hëllef Dobaussen - gëtt hei de Gebuertsdag gefeiert vun enger ASBL déi no der Fusioun vun 2 Associatiounen entstanen ass.

D‘läscht Joer am Juni  woren et ganz genau 30 Joer datt Psychesch Hëllef Dobaussen, déi d‘Regioun vum Süden deemools sollt ofdecken, eng Konventioun mam Gesondheetsministère ënnerschriwwen huet.

Ech denken datt net all Grënnungsmemberen déi deemools dobäi woren - wéi de fréieren Direkter vum Hôpital Municipal hei zu Esch, den Dr Franck, deen den éischte President vun dëser Asbl wor - haut präsent kënne sinn. Awer vill déi dësen Opbroch vun der Reform vun der Psychiatrie virugedriwwen hunn, sinn haut hei versammelt fir mat ze feieren.

Eng zweet Konventioun gouf dunn den 2. Januar 1991 tëscht dem Réseau Psy - Oppen Psychosozial Betreiung an der Santé ënnerschriwwen, mat sengem éischte Sëtz am Osten vum Land, nämlech zu Gréiwemaacher.

Di fréier Riichterin, d’Madame Bouzidi-Steil, wor hei déi éischt Presidentin. Déi deemools jonk Équipe, huet bestanen aus grad emol engem Psychiater, zwee Psychologen, enger Sekretärin an enger Assistante sociale.

Haut, zielt de Réseau Psy-Psychesch Hëllef Dobaussen iwwer 50 Mataarbechter, mat 18,75 konventionéierte Posten, déi mëttlerweil op 6 verschiddene Site schaffen – dovunner der 5 hei zu Esch an 1 zu Gréiwemaacher.

Dës Opstockung vu Personal geet Hand an Hand mat enger ëmmer méi breet gefächerter Offer vun ambulanten, sozial-psychiatreschen Déngschter an Dagesstrukturen, grad ewéi superviséierten, psychiatresche Wunnéngen, déi e  selwer bestëmmtend Liewen erméiglechen.

Dës Offer passt sech enger ëmmer méi grousser an diversifizéierter Demande un: eleng d‘läscht Joer krut dir 158 nei Patiente bäi!

An ech schwätzen emol net vun den puer Dausend Consultatiounen an äre Strukturen, Doheem oder am Spidol, de Berodungs-Gespréicher,  Krisesituatiounen, asw.

Dat alles ass eng formidabel Aarbecht, déi dir all zesummen Dag fir Dag leescht a bedeit e groussen Engagement. Duerfir gëllt iech all mäin häerzleche Merci: esouwuel de Grënner a jidderengem deen an de läschten 30 Joer de Wee mat gaangen ass, wéi jidderengem deen sech all Dag an der Praxis fir d’ Besoinen vu Mënschen mat enger psychescher Krankheet asetzt.

Haut ass di psychiatresch Prise en Charge bei Wäitem eng aner wéi nach virun 30 Joer, an dat ass gutt esou!

Haut gëtt de Patient net méi ewech gespaart. Haut gëtt et net méi just eng eenzeg Struktur, déi sech em d’“Gécke” këmmert. Et gëtt vill Strukturen, bannent a baussent de Maueren vun engem Spidol.

Haut ass de “Géck” e Mënsch; e Mësch deen eng psychesch Krankheet huet; e Patient, mat Rechter a Flichten.

Haut kritt dëse Patient déi Versuergung déi fir hien di bescht, an déi fir hien déi richteg ass!

Bis dohin ze kommen, war e wäiten an en haarde Wee.

Och hei zu Lëtzebuerg wor d’Psychiatrie-Enquête an de 60er Joren e Meilesteen an der Geschicht vun der Reform-Beweegung vun der psychiatrescher Versuergung.

No der Grënnung vun der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale 1956 an der CERMM asbl 1979 am Zentrum, hunn de Süden an den Osten nach 30 Joer gebraucht, fir den Terrain vun der Psychiatrie extra-hospitalière ofzedecken.

1987 ass dunn och Liewen Dobaussen am Norde gegrënnt ginn. Datt  Réseau Psy also de Süden an den Osten ofdeckt, wor zu deem Zäitpunkt absolut noutwenneg.

Zënterhir huet d’Psychiatrie weider duerchgräifend Verännerungen erlieft. Net vu Mutwëll, well et woren tatsächlech brutal Zoustänn, an deenen vill psychesch Kranker oder marginaliséiert, onbequem Randgruppen, zum Deel liewenslänglech an isoléiert, am Hospice Central, spéider dem Centre Neuropsychiatrique, ewech gespaart goufen.

Froen zwéngen sech nach haut op : Wéi konnten sech esou Verhältnisser - an dat mat therapeutesche Begrënnungen – entwéckelen, a vun der Gesellschaft aktiv awer och passiv matgedroe ginn?

Firwat bitt grad d’Psychiatrie e Feld, op deem Mënschen hir ideologesch Virstellungen sou liicht ausliewe kënnen an op aner Mënschen Zwang, Gewalt an Repressioun ongestrooft ausüben oder ausüben loossen?

Allgemeng Äntwerten op dës Froen ze fannen ass net einfach. Awer e Grond ass sécher, datt psychesch Krankheet heefeg mat engem Verhalen iwwerteneen geet, dat vun der Norm vum Alldeeglechen ofwäicht. An dëst irritéiert déi meescht.

Och nach hautdesdaags. A mir begéinen Mënschen mat psycheschen Stéierungen oft nach mat gemëschten Gefiller, heiansdo Interessi, dacks awer kombinéiert mat enger Mëschung aus Onverständnis, Angscht, Ofwier an Ausgrenzung.

Ausgrenzung an den Entzuch vu Fräiheet kann awer net zu de Prinzipien gehéieren, déi d’ Grënner vun der Psychiatrie-Reform gewollt hätten.

D’Reform an d’Dezentraliséierung vun der psychiatrescher Landschaft hei zu Lëtzebuerg huet du nach emol Mëtt de 90er Joren neien Opdriff kritt.

D’Reform vun der zentraliséierter Psychiatrie hin zu der Sozialpsychiatrie an enger gemengenoer Psychiatrie, wor an ass och haut nëmmen doduerch méiglech, dat sech eenzel Persounen an Institutiounen, Verbänn oder Administratioune fannen, déi sech, wann och net ëmmer am Detail, esou awer an der Saach eens sinn.

Dës Persounen sinn et déi sech dacks mat immenser Iwwerzeegung an engem grousse Moos fir d’Verbesserung vun der Situatioun vun psychesch Kranken agesat hunn.

Mär hunn deemno all Gronn, zefridden ze sinn mat deem wat bis haut erreecht gouf! Dëst verbannen ech mat engem Merci un iech all, déi dofir laang an haart geschafft hunn.

Mär sinn haut zesumme komm fir ze feieren, an ech wëll eis dat verdéngtend Stéck Kuch och net méi laang vir enthalen.

Erlaabt awer trotzdem nach kuerz e Bléck an d’Zukunft. Well jo, mir hu Villes erreecht, a jo, mir kënnen zefridde sinn – mee NEE, mir kënnen net dobäi stoe bleiwen.

Et ass richteg, dass mär an der nationaler flächendeckender Versuergung en héiche Niveau erreecht hunn. An awer si bestëmmte Regioune vum Land nach net holistesch ofgedeckt.

Mir hu gutt ambulant Versuergungs-Strukturen – awer och eng héich Zuel vu stationären Hospitalisatiounen, wou d’ Openthaltsdauer zwar erof geet, d’Gesamtzuel awer erëm zouhëlt;

Mir hu méi Plazen fir de superviséierte Logement – e grousse Succès! - um Gesondheetsministère wësse mer awer op Grond vun de Waardelëschten an der Unzuel vun den psychesch-kranken Sans-Abrisen  déi an der Laangzäit-Psychiatrie sinn, ass dës Zuel mat Ofstand nach ze niddereg.

Donieft sinn d’Verschreiwunge fir Psychopharmaka staark geklommen, Lëtzebuerg ass hei europäesche Spëtzereider.

All dësen Erausfuerderunge musse mär eis an Zukunft stellen:  di Responsabel an de Kliniken, am extrahospitalière Beräich an d’Fachleit um Terrain, grad ewéi d’Gestionnairen, d’Gemengen an natierlech d’Regierung.

Mär musse méi patientenorientéiert Schaffen.

Mär schaffen zesumme mat der CNS drun, fir d’Richtlinnen ze definéieren, fir iwwerhaapt Usproch op dës ambulant psychiatresch Versuergung ze hunn.

Mär brauchen hei zu Lëtzebuerg e seriöse System, bei deem den ambulanten an den hospitalière Beräich gutt anenee gräifen. Ech weess datt de Réseau Psy an de CHEM hei z.B. intensiv dru schaffen.

Well eng effizient, gemengeno Psychiatrie muss haut a muer Béides ëmfaassen. Nëmmen esou léisst sech verhënneren datt d’Zuel vun de stationären Hospitalisatiounen weider zouhëlt.

Den Ëmgang vun eiser Gesellschaft mat psychesch Kranken ass net nëmmen e Spigelbild vun der gesellschaftlecher Gesënnung par rapport zu den psychesch Kranken, mee ass ëmmer och e Spigelbild vun deem allgemenge Mateneen.

An dësem Sënn geet et am Kader vun der psychiatrescher Patienteversuergung déi Associatiounen wéi de Réseau Psy ubitt, ëm méi wéi em eng besser ambulant Versuergung vun psychesch kranke Leit.

Et geet em Verännerung an der Gesellschaft, an hirer Astellung par rapport zum Onkonventionellen, oder dem “Anescht” sinn.

Mär all kënnen e Bäitrag dozou leeschten! A sief et schonn alleng duerch esou flott Aktivitéiten wéi dës Feier.

De Réseau-Psy ass en engagéierten a kompetente Partner vum Gesondheetsministère a senger Missioun fir Leit mat psychesch a soziale Problemer opzefänken.

D’Zesummenaarbecht mam Ministère ass a wor ëmmer exzellent, an dofir wëll ech haut dovu profitéiere fir all deenen nach emol Merci ze soen, déi zënter laange Joere vill Engagement, Energie an Zäit an dës Servicer investéiert hunn.

D’Bénévoler, d’Membere vum Verwaltungsrot, d’Personal vun de verschiddene Siten an déi vill aner déi op déi eng oder aner Manéier zum gudde Fonctionnement an zum Erfolleg vum Réseau Psy bäigedroen hunn.

Ech sinn iwwerzeecht, datt de Réseau Psy seng wichteg Missiounen esou professionell a mat dem nämmlechte Succès och di nächst 30 Joer wäert viru féieren.

Alles Gutts!

Aktualiséiert