Ried vum Lydia Mutsch am Kader vum 10. Gebuertsdag vun der jugendpsychiatrescher Dagesklinik vun den Hôpitaux Robert Schuman

D'Lydia Mutsch, Gesondheetsministesch huet am Kader vum 10. Gebuertsdag vun der jugendpsychiatrescher Dagesklinik vun den Hôpitaux Robert Schuman eng Ried gehale.

  1. ©FOCALIZE / Tous droits reserves

    Lydia Mutsch, Gesondheetsministesch
  2. ©FOCALIZE / Tous droits reserves

    Lydia Mutsch wärend der Ried

 

Et ass mär eng besonnesch Freed, fir den 10. Gebuertsdag vun der jugendpsychiatrescher Dagesklinik vun den Hôpitaux Robert Schuman hei an der Escher Kulturfabrik mat iech zesummen ze feieren.

Haut ass eng Dagesklinik am Kader vun der jugendpsychiatrescher Betreiung net méi aus der Psychiatrie-Landschaft ewech ze denken. Ville jonke Leit an hiren Familljen ass an dëse leschte Joren, Dank dëser Struktur, gehollef ginn.

D‘Statistiken vun der Weltgesondheetsorganisatioun weisen op, datt bis zu 20% vun de Kanner a Jugendlechen ënner psycheschen Stéierungen oder Problemer leiden. 1 Jonke vu 6 tëschent 10 a 19 Joer wier betraff!

50% vun all dëse Stéierungen fänke spéitstens mat 14 Joer un, mee di meescht Problemer oder Symptomer ginn zu dësem Zäitpunkt ënnerschat, net detektéiert oder net behandelt.

De rezensten EU-Jugendbericht hält fest dat d‘psychesch (psychiatresch) Krankheeten a Stéierungen bei jonkeLeit, méi wéi jee an der europäescher Unioun opkommen.

Och Lëtzebuerg ass hei keng Ausnam!

20% vun de Jonken leiden un psycheschen Stéierungen, an 1/5  heivunner méi spezifesch un Entwécklungs -, Bindungs -, Upassungs -, Emotionalen - oder Verhalensstéierungen.

Jonk Leit mussen sech villen Erausfuerderungen stellen, wa si aus der  Kandheet an den Erwuessenenalter wiesselen. Dës Erausfuerderungen kënne vum gesellschaftlechen a familiären Drock verschäerft ginn.

Dofir brauche mär e Gesondheetssystem, deen dem Jonken a senger Famill hëlleft fir mat dëse grousse Verännerungen Schrëtt ze halen, esou dat se net dovun iwwerwältegt ginn.

Mär mussen och bannent eisem Gesondheetssystem iwwerzeegend Äntwerte fannen a proposéieren, géintiwwer de gesellschaftlechen Entwécklungen, wéi och um Niveau vun der digitaler Revolutioun, déi an der nächster Zäit esou gutt wéi all Liewensberäicher wäert beaflossen. Schrëtt ze halen mat der Realitéit ass an Zäiten vu rapide Verännerungen natierlech och eng besonnesch Erausfuerderung fir de Gesondheetsministère.

Aus all dëse Grënn musse gëeegent Präventiv-Moossnamen a Fréi-Interventiounen, gëeegent diagnostesch a Behandlungs- Méiglechkeeten, souwuel ambulant, dagesklinesch, ewéi stationär, méiglech sinn.

Mär däerfe net – an dat wëlle mär op kee Fall - d’Krankheete vergiessen déi mat der psychescher Gesondheet ze dinn hunn!

Op dëser Platz wollt ech op de Nationalen Suizidpräventiounsplang hiweisen deen dëst Joer haaptsächlech d’Thema vun der Depressioun op d’Agenda bréngt. Den 10. Oktober ass den Internationalen Dag vun der Santé Mentale. D’Weltgesondheetsorganisatioun huet dësen Dag an d’Zeechen vun der Santé Mentale vum Jonke gestallt.

Global gesinn, seet d’WHO datt d’Dépressioun ee vun den heefegste Grënn vu Beanträchtegungen bei Jonker ass, an de Suizid déi 3. héchsten Doudesursaach weltwäit bei de Jonken tëschent 15 a 19 Joer!  

Dat muss eis dach ze denke ginn! An dat huet eis ze denken ginn!

Duerfir ass eent vun de wichtegen Zieler, dat eis Gesondheetspolitik mam 1. Nationalen Suizidpräventiounsplan usteiert, fir d’Unzuel vun de Suiziden zu Lëtzebuerg ze reduzéieren.

Dëse 5-Jores-Plang kuckt déi multipel Facteuren déi direkt oder indirekt de Suizid beaflosse kënnen, also net nëmmen d’Gesondheetsstrukturen, mee d’ganz Gesellschaft am breede Sënn: bei de Jonken also och de Schoul- oder den Aarbechtsmilieu. Jiddereen huet hei eng wichteg Roll ze spillen.

Wa bei Kanner a Jugendlechen fréi intervenéiert gëtt, da besti fir si virun allem besser Ausbildungsperspektiven.

Zousätzlech mussen d’Elteren, dat familiäert Ëmfeld an de Schoulsystem ënnerstëtzt ginn, an ënnerstëtzend wierken, a mat dëser Haltung dem Jonken a sengem psycheschen Leed aus senger schwiereger Situatioun eraushëllefen. Dëst geet leider a ville Situatiounen net ouni psychesch/psychiatresch Behandlung.

Aus deem Grond versiche mär déi Jonk, souwäit wéi méiglech, am Fall wou eng jugendpsychiatresch Prise en Charge dagesklinesch oder stationär noutwenneg ass, hei zu Lëtzebuerg ze behandelen.

Virun 10 Joer, hunn den Dr Christopher Goepel, den Dr Gerhard Ristow an d’Dr Salima Aarab, mat hire multidisziplinären Équipen, d’Wäitsiicht an de Courage gehat, d’dagesklinesch Prise en Charge an déi schwiereg Tâche déi heimat verbonnen ass, unzegoen.

Zu dëser Zäit war d’Jugendpsychiatrie, wat elo d’Offer an de Spideeler ugeet, nëmmen an der Kannerklinik fir Kanner ënner 14 Joer, am CHNP oder am HRS voll stationär méiglech. Zënter hir kann ech soen, datt d’Better am Service national vun der Jugendpsychiatrie vun den Hôpitaux Robert Schuman iwwert d’ganzt Joer konstant zu 100% beluecht sinn.

D’Jugendpsychiatrie um Kierchbierg gëtt carrément, souwuel stationär wéi dagesklinesch, vum eegene Succès iwwerrannt!

Well d’Waardelëschten ëmmer méi laang gi sinn, d’Zuel vun de Noutfall-Opnamen däitlech zougeholl huet, an d’dagesklinesch Prise en Chargen ëmmer méi induzéiert goufen, huet de Gesondheetsministère säin Aval ginn, fir souwuel de stationären, wéi och den dagesklinesche Beräich auszebauen.

De Gesondheetsministère ënnerstëtzt och nach d’Erweiderung vum Service National vun der Jugendpsychiatrie, esou datt mär am Joer 2021 op 30 Better kommen, déi op 2 stationär Servicer opgedeelt ginn. Dobäi kënnt nach d’Erweiderung vun der jugendpsychiatrescher Dagesklinik op 20 Plazen. Dës Extensioun beleeft sech op e Gesamtbudget vu knapp 11 Mio €.

Donieft begleeden meng Servicer d’Extensioun vun de noutwennegen Strukturen déi fir d’Beschoulung vun de Jonke noutwenneg sinn. Eng Jugendpsychiatrie ouni Beschoulung ass an enger ganzheetlecher Prise en Charge vum Jonken einfach net méiglech.

D’Haaptzil vun dëser Schoul déi un de Service National rattachéiert soll ginn, ass d’Reintegratioun vum Jonken an den originäre Schoulsystem. Wichteg ass hei d’schoulesch Retarden ze verhënneren oder mindestens ze reduzéieren a méiglech Defiziter ze kompenséieren.

Den Erfolleg vun der schoulescher Reintegratioun ass en immens wichtege Faktor fir de Prognostik vun der psychosozialer Reintegratioun vum Jonken op laang Siicht.

D’Ziel muss sinn fir all psychesch kranke Jonken, egal wou dësen hei am Land wunnt, adäquat Méiglechkeeten, mat der noutwenneger Qualitéit, an dëst zäitno, unzebidden.

Dir Damen an Dir Hären, mat der erfollegräicher Opstellung vun der dagesklinescher Jugendpsychiatrie vum Kierchbierger Spidol ass an de leschten 10 Joer e grousse Schrëtt a Richtung Zukunft gemaach ginn.

Ech wëll iech ganz häerzlech zu dësem ganz gelongene Projet gratuléieren a wënschen den Équipen vun der Jugendpsychiatrie, datt si d’Kraaft an d’Motivatioun aus dësem respektabelen Erfolleg zéie kënnen, fir di nächst 10 Joer unzegoen!

De jonke Patientinnen a Patienten wënschen ech, datt si sech an Zukunft weiderhin gutt verstanen a professionell opgeholl fillen, a ganz individuell, esou wéi all Eenzelen a senger Perséinlechkeet och ass, mam noutwennege Bagage fir d’Zukunft ausstafféiert kënne ginn, esou datt si d’Erausfuerderungen vum Liewen meeschtere kënnen.

Ech soen iech Merci.

 

 

 

 

 

 

Aktualiséiert