Chrëschtusprooch 2020 vun S.K.A. dem Grand-Duc

©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

 

Léif Matbierger,

D'Joer 2020 wor fir eis all eng enorm Erausfuerderung, esou wéi mir se an de leschte Joerzéngten net kannt hunn.

D'Enn vum Joer verbrénge mir gäre mat Famill a Frënn, Doheem oder op engem feierlech dekoréierte Chrëschtmaart. Dëst Joer ass et méi komplizéiert, wann net onméiglech, an dat wéinst engem Virus, dee mir all ënnerschat hunn, an dee sech zu enger Pandemie entwéckelt huet déi eis Welt op d'Kopp gestallt huet.

D'Regierung huet hir Responsabilitéit direkt iwwerholl. Fir ganz séier kënnen ze reagéieren, huet si am Mäerz den État de Crise fir 3 Méint ausgeruff, fir d'éischt zanter dem Zweete Weltkrich. Dat war eng schwéier Décisioun, mee si ass vun der ganzer Chamber matgedroe ginn.

De Respekt vun den décidéierte Mesuren ass zu engem wichtegen Ament vu Solidaritéit fir eis all ginn, deen eis gewisen huet, datt mir zesummenhalen, wann et drop ukënnt.

Jo, eis Fräiheete sinn zum Deel ageschränkt ginn. Dat op eng Aart a Weis, wéi vill vun eis et nach ni erlieft hunn. Dës Mesurë sinn awer néideg, fir eis Matmënschen an eis selwer ze schützen, a si sinn zäitlech begrenzt.

Doriwwer gëtt weider an der Chamber debattéiert, well et wichteg ass, de richtegen Equiliber tëscht strikten a manner strikte Mesuren ze fannen. Dat ass lieweg Demokratie.

Nach ëmmer siche Fuerscher, Dokteren a Regierungen, wéi een d'Mënschen esou gutt wéi méiglech protegéiere kann. Et gëtt geschwënn e Vaccin. Dee wäert eis erlaben, nees e Liewen ouni Angscht virun dëser Infektioun ze féieren, a lues a lues an d'Normalitéit zréck ze goen. Dat ass eis Hoffnung an eist Zil!

Mee, mir brauche Gedold!

 

Léif Matbierger,

Meng éischt Gedanke gëllen deene Mënschen, déi duerch de Covid hiert Liewe verluer hunn, an hire Familljen a Frënn. Et läit der Grande-Duchesse a mir um Häerz, deenen, déi de Verstuerwenen no stoungen, eist déift Matgefill auszedrécken.

A Gedanke si mir och bei deenen, déi momentan ënner de Symptomer vum Virus leiden, respektiv nach ëmmer mat de Suitten ze kämpfen hunn. Hinnen, an all den anere kranke Leit, wënsche mir vill Courage.

Net vergiesse wëlle mir natierlech déi eeler a vulnerabel Persounen, déi dacks eleng Doheem oder am Altersheem sinn.

Eng aner Suerg gëllt de Kanner an de jonke Leit. Fir si ass et eng schwiereg Zäit. Besonnesch wann ee jonk ass, wëll een erausgoen, mat Frënn feieren, oder am Veräin Musek oder Sport maachen. All dat ass scho bal ee Joer laang net, oder nëmme begrenzt, méiglech.

E grousse Merci well ech un d'Enseignante riichten, déi sech och un déi nei Situatioun hu missen upassen, fir ënnert deenen spezielle Konditiounen hire wichtege Beruff auszeüben.

E weidere Gedanke geet un d'Matbierger déi a Quarantän oder Isolatioun sinn. Mir all kennen där Leit, a mir all hu probéiert, hinne bäizestoen.

Dës Crise sanitaire, déi eisen Alldag verännert huet, weist, wéi fragile eis Gesondheet ass, déi physesch an déi psychologesch, a wéi wichteg et ass, dass mir am Gesondheetssecteur gutt opgestallt sinn.

An de leschte Méint hunn ech mat ville Leit aus deem Secteur geschwat: Fraen a Männer déi sech all Dag asetze fir d'Pandemie ze meeschteren. Ech hat de grousse Pleséier, Zeie vun Ärem Asaz ze sinn. Et ass kloer, datt déi aktuell Situatioun extrem schwiereg ass: den alldeeglechen Drock op Iech ass enorm a vill Dokteren, Infirmièren an Infirmieren, Soignantes a Soignants leeschten eng formidabel Aarbecht.

Je veux dire à tous ceux qui travaillent dans les métiers qui sont essentiels au bon fonctionnement de notre société, un très grand Merci pour votre dévouement.

Auch unseren deutschsprachigen Mitmenschen möchte ich von ganzem Herzen für ihren beispielhaften Einsatz danken.

Ouni Iech alleguer geet et net!

 

Léif Leit,

Et ass d'Solidaritéit an eiser Gesellschaft, déi mir am Moment brauchen. Ech sinn impressionéiert iwwer den Zesummenhalt hei am Land, deen elo schonn esou vill Méint unhält.

Eis Wirtschaft konnt um Lafe gehale ginn, wann och am Ralenti a mat vill Perten, besonnesch fir déi méi kleng Betriber.

D'Secteure vun der Horeca, dem Evenementiel, a vun der Kultur si besonnesch schro betraff. Vill Leit aus dëse Branchen hunn héich finanziell Verloschter gemaach a wëssen net, wéi et soll weidergoen. Dat obschonn d'Regierung Mesurë geholl huet, fir den Entreprisen ënnert d'Äerm ze gräifen.

D'Repercussioune vun der Pandemie op eis Wirtschaft wäerten nach eng Zäit unhalen, dat ëmsou méi, well d'Lëtzebuerger Ekonomie staark vun eisen europäeschen Noperen a vun der Weltwirtschaft ofhänkt. Dofir ass et indispensabel, datt nach méi op europäeschem Niveau zesumme geschafft gëtt.

Am Interêt vun der Allgemengheet ass et wichteg dass mir, an der Europäescher Unioun, eis Efforte mobiliséieren. Ech konnt mech selwer dovun iwwerzeegen, wéi ech d'Direction générale vun der Santé an der Sécurité alimentaire vun der Europäescher Kommissioun op der Cloche d'Or am Oktober besicht hunn.

Äntwerten op déi meescht Froe fënnt een net exklusiv um nationale Plang. Och hei bréngt de blannen Nationalismus keng Äntwerten op d'Défiën. Aus deem Grond ass de Multilateralismus, fir dee Lëtzebuerg sech nach ëmmer staark gemaach huet, fundamental wichteg.

De Klimawandel bleift eng Erausfuerderung fir all d'Länner an Regierungen op der Welt. D'Paräisser Ofkommes muss ëmgesat ginn. Et besteet Urgence. Och zu Lëtzebuerg kréie mir den Impakt vun der Klimakris hautno ze spieren. Hei kann all Eenzele vun eis seng Responsabilitéit iwwerhuelen a probéieren, säi Liewensstil esou nohalteg wéi méiglech ze gestalten.

 

Léif Matbierger,

D'Joer 2020 wäert eis sécher nach laang an Erënnerung bleiwen. Fir mech perséinlech war et e ganz symbolescht Joer: Et sinn 20 Joer, datt ech Äre Grand-Duc sinn. Dat sinn 20 Joer wou ech frou an houfreg sinn, am Déngscht vum Land a senge Bierger däerfen ze stoen, an dat mat der Stäip vun der Grande-Duchesse. Ech well Iech alleguer Merci soen, fir déi léif Gléckwënsch a fir Äert Vertrauen.

Och am Palais hunn dëst Joer eng Rei Saachen geännert: Mat der Kreatioun vun der Maison du Grand-Duc gëtt d'Monarchie als Institutioun fir d'Zukunft gestäerkt. Et erlaabt mir, der Grande-Duchesse, an den nächsten Generatioune sech méi op d'Substanz vun eisen Aktivitéiten ze konzentréieren.

 

Léif Leit Alleguer,

Eng immens grouss Freed fir eis Famill war natierlech d'Gebuert vum Prënz Charles. De Prënz Guillaume an d'Prinzessin Stéphanie sinn zanter dem 10. Mee houfreg Elteren. Ech wënschen dem klenge Charles, sengen Elteren an eis alleguer, datt mir nees geschwënn mat Zouversiicht an d'Zukunft kënne kucken.

Loosse mir eis an dësen Deeg besënnen an eis nei bewosst ginn, wat wierklech zielt: d'Famill, d'Frënn, an ee fir deen aneren do ze sinn.

Jo mir maachen eis Suergen, wa mir ronderëm eis kucken. Mir stellen eis Froen, wéi et soll weider goen. Wichteg ass, datt mir net opginn, datt mir un eis selwer gleewen, an esou eis Zukunft positiv gestalten.

Den Opruff, dee meng Groussmamm, d'Grande-Duchesse Charlotte, virun engem vill méi trageschen Hannergrond 1942 un d'Populatioun geriicht huet, wéilt ech haut widderhuelen: kommt mir loossen de Kapp an dëse schwéieren Zäiten net hänken!

 

Léif Matbierger,

No all Däischtert, kënnt Liicht.

Zesumme mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume, der Prinzessin Stéphanie, an all eise Kanner, wënschen ech Iech vu ganzem Häerze schéi Chrëschtdeeg, an all Guddes fir en neit a bessert Joer 2021.

Aktualiséiert