Interview mam Paulette Lenert am FGFCmag

"Ech zielen op jidderengem seng perséinlech Responsabilitéit!"

Interview: FGFCmag (Benoit Billo, Marco Thomé)

FGFCmag: Wéi geet et lech Madamm Ministesch?

Paulette Lenert: Mir geet et gutt. Elo, Enn Mee, wou den Deconfinement sech ëmmer méi konkret a Richtung Normalitéit entwéckelt, sinn ech berouegt, datt et eis wéi et schéngt gelongen ass, dat Schlëmmst ofzewennen. Ech wëll zouginn: Et ass schonns eng Laascht déi vu mer fält. Ech hunn awer trotzdeem weiderhin en nervööst Kribbelen, op d'Pandemie-Situatioun wéi mer se aktuell kennen, net dach nach aus dem Rudder leeft. Dat Ganzt ass a bleift eng Inconnue, op déi mer musse preparéiert bleiwen.

FGFCmag: Dir sidd nach net all ze laang Gesondheetsministesch. lech blouf net vill Zäit iech anzeschaffen?

Paulette Lenert: Dat war wierklech am Ufank eng Erausfuerderung. Beim engem Krisen-Management huet een oft en agespillten Team, wat effektiv eréischt huet missen opgebaut an organiséiert ginn. Ech hat keng 100 Deeg fir emol meng Servicer a virun allem meng Mataarbechter all kennen ze léieren. Et war also net esou einfach, dat stëmmt.

FGFCmag: Wéi hutt der lech perséinlech gefillt, wéi iech Ufank-Mäerz ënnerlech bewosst ginn ass, wat am Kontext vu Covid19 op eis alleguer duerkomme géif? Wéi sidd Dir perséinlech mat der Situatioun eens ginn. Wéi eleng spiert ee sech do?

Paulette Lenert: Am Ufank war et schonns e Gefill vu eleng sinn, zemools well ech schnell eng Vue générale vun der Saach hat, datt de Covid19 net laanscht Europa zitt. E groussen Deel vun de Leit, huet dat Ganzt nach zu dem Moment an d'Lächerlecht gezunn. Ganz séier wor mir kloer, datt ech Leit ëm mech bräicht, fir dës enorm Erausfuerderung unzegoen. Ab deem Moment hunn ech ëmmer méi Leit fonnt, déi mat engem exzeptionelle professionellen an awer och perséinlechem Dévouement déi ganz Saach ugepaakt hunn. Ugefaangen iwwert den Haut-Commissariat à la protection nationale, wou eng Cellule sech schonns zënter Dezember mat Covid19 beschäftegt huet, huet mir mäi perséinleche Reseau innerhalb vun de veschiddene Verwaltungen, richteg an d'Kaarte gespillt. Dir wësst, ech war eng Zäit als Conseillère de gouvernement am Ministère de la Fonction publique. Innerhalb dëser Funktioun hunn ech schonns e ganze Pak vun Entscheedungsträger beim Staat kannt. Ech wousst also ab engem bestëmmte Moment wat fir eng Profiller ech fir wat fir eng Defie gebraucht hunn a virun allem, wou ech se ze sichen hunn. Ab deem Moment hunn ech mech dann immens opgehuewe gefillt, well vill vu menge fréiere Kolleegen sech direkt ugebueden hunn, mech ze ënnerstëtzen.

FGFCmag: Dir waart lech zimmlech séier bewosst, datt Lëtzebuerg net op eng Pandemie virbereet war. Hei hu misse séier Entscheedunge getraff ginn, wéi ass dat ofgelaf?

Paulette Lenert: Dat ass effektiv ganz séier gaangen. Dat éischt wat siichtbar ginn ass, waren d'Problemer bei der Logistik. Hei konnte mer déi normal Prozeduren, wéi zum Beispill eng europäesch Ausschreiwung, einfach net anhalen, soss géife mer nach haut dorops waarden. Et waren immens Spannungen um Maart. Hei huet mer d'Zesummenaarbecht mat der Arméi vill gehollef, fir séier zesummen mat der Direction de la santé e Logistik-Zentrum mat der néideger Kompetenz an Ausdauer op d 'Been ze stellen. Virun allem de Colonel Simon, mee och de Gilles Feith, hu konkret hei am Haus d'Cellule logistique opgebaut. Aus dem Näischt ass dunn quasi e Krisen-Management en Place gesat ginn, deen iwwert Wochen ëmmer méi gewuess ass. Perséinlech sinn ech, wann ech da mat enger Erausfuerderung konfrontéiert sinn, éischter eent, dat sech selwer freet: "Wat kann ech maachen?"Ech hunn z.B. iwwert e Weekend en décke Schmöker iwwer Krisen-Management an divers aner Bicher an deem Kontext gelies. Vum Mentalen hier war ech bis elo meeschtens resilient fir e klore Kapp ze behalen. Wou ech u meng Limitte koum, war am physesche Beräich. Hei war et wichteg, trotzdeem, datt jiddereen eppes vun engem wollt, de richtege Moment ze fannen, fir zur Rou ze kommen. Dëst huet natierlech och fir meng Mataarbechter gegollt, déi och un hier Limitte gaange sinn. Ech hunn am Fong eng immens Solidaritéit erfuer, déi mech matgedroen huet. Hei mengen ech och, datt mer eppes typesch Lëtzebuergesch erlieft hunn. Wann et zielt, mir sinn eis eens wat mer wëllen, zéie mer alleguer un engem Strang. An eisem klenge Land sinn d'Weeër immens kuerz, datt ass en dësem Fall e Virdeel gewiescht.

FGFCmag: War d'Europäesch Unioun an dësem Kontext op der Héicht?

Paulette Lenert: Et wier e bëssen einfach festzestellen, datt d' EU am Kontext vun der Pandemie net op der Héicht wor. Perséinlech mengen ech, datt eng Zesummenaarbecht am Beräich vun der Gesondheet net op der Prioritéitelescht vun der Unioun stoung. Mir sinn als Europäer, wann net esouguer als Mënschheet generell, total onpreparéiert an des Geschicht erageschliddert. Et ass schwiereg esou eng Krisesituatioun ze handelen, wann ee net kann op konkret Erfarungswäerter opbauen. Doriwwer eraus, huet d'EU keng direkt Kompetenzen am Beräich vu sanitäre Krisen, dëst ass aktuell nach ëmmer e rengen nationalen Domaine. Jidderee souz also souzesoen op "senger Kris" doheem, wat och déi deels divergent Reaktiounen oder Prozeduren erkläert, bis hin zum onsënnegen Zoumaache vun de Schenge-Grenzen. An dësem Kontext bleift awer ze ënnersträichen, datt d'Covid19-Recommandatioune gréisstendeels vun der EU a vun der WHO koumen. Wa mer déi nach hätte misse selwer opstellen, wiere mer domm dru gewiescht.

FGFCmag: A Propos #bleiftdoheem: wat denkt e Master am droit européen wéi Dir, wann ee muss e komplette Lockdown ordonéieren, deen de Leit hier elementar konstitutionell garantéiert Rechter ewech hellt?

Paulette Lenert: Ech stelle fest, datt eis Grondrechter endlech erëm Thema ginn, och bei eis. Vill vun eis sinn sech net bewosst, datt eis Grondrechter all Dag nei mussen erkämpft ginn a fragille bleiwen. Wann een op enger Pandemie schafft, dann ass awer séier ganz kloer, datt et net anescht geet, wéi e Lockdown duerchzezéien. Virun allem am legislativ-juristesche Kontext, war net vill Verwäertbares do. Hei sinn ech elo frou, dass een demokrateschen Debat ronderëm verschidde Mesurë ka gefouert ginn.

FGFCmag: Firwat brauche mir e Pandemie-Gesetz an wéi stitt Dir perséinlech zur Impfflicht?

Paulette Lenert: Prinzipiell fannen ech, datt et net de Moment ass an enger Kriss gesellschaftlech Grondsaz-Diskussiounen ze féieren. Heifir brauch ee Rou, an Zäit fir e méiglecht breede gesellschaftleche Konsens ze fannen. Als Regierung proposéiere mir elo e spezifescht Corona-Gesetz, dat keng allgemeng Gültegkeet an d'Zukunft kritt. Dëst Gesetz bleift an der Zäit begrenzt a resuméiert am Fong d' Noutfall-Mesurë fir am Kontext vun der Covid19-Pandemie ze reagéieren. Et geet virun allem dorëms fir nom l'État de crise nach reaktiounsfäeg ze bleiwen. Beim Thema Impfflicht, muss ech soen, datt ech nach keng fest Meenung dozou hunn. Ech gleewen u perséinlech Verantwortung a géif guer net verdroen, wann ee mir dat perséinlech als Mënsch géif imposéieren. Et gëllt awer dëst Thema vu verschidde Gesichtspunkten ze kucken. Et gëllt hei den Intérêt général géintiwwer den Intérêt individuell ofzeweien, an dat ass net esou einfach wann ee Responsabilitéit fir dat Ganzt dréit.

FGFCmag: Wéi sti der zum Thema digital Contact-Tracing?

Paulette Lenert: Als Regierung si mer hei éischter zeréckhalend. An dësem Kontext sinn Dateschutz a Privatsphär absolut wichteg. Fir e Land wéi Lëtzebuerg bräichte mer schonns eng europäesch Léisung. Mir sinn zur Zäit an der Lag manuell ze tracéieren, a maache ganz gutt Erfarungen domadder. Ech si kee grousse Fan vum digitalen Tracing. Ech sinn der Meenung, datt deen, dee sech d'Méi mécht eng App erofzelueden a versteet wat dobäi geschitt, och à même ass d'Distanzreegelen ze respektéieren. Dat ass vill manner opwenneg.

FGFCmag: Konspiratiouns-Theorië sinn en Vogue, virun allem op de sozialen Netzwierker. Verstitt Dir déi Leit déi Angscht dofir hunn, datt de Mënsch digital oder/a medezinesch kontrolléiert soll ginn?

Paulette Lenert: Rationell verstinn ech dat ganz gutt, well et ass eng Situatioun mat villen Ongewëssheeten. Vill Mënschen hunn de Besoin hiert Liewen ze kontrolléieren. Wann dat net méi assuréiert ass, sicht een no Erklärungen déi engem den Ëmgang mat der Situatioun erliichteren. Haut mat de sozialen Netzwierker fënnt natierlech jiddereen, wann ee googelt, eng Erklärung déi him aliicht. Wat e Lockdown och méi laang dauert, wat dat ëmmer méi zouhëlt. Et ass e Phänomen deen ech e bësse vu mir ewech halen. Als Regierung ass een hei gefuerdert, mat gudder Kommunikatioun an enger gudder Krise-Gestioun dogéint ze halen. Trotz allem hunn ech d'Gefill, datt déi Konspiratiouns-Theorien hei zu Lëtzebuerg manner Unhänger fannen, wéi an eisen Nopeschlänner. Dat kënnt vläicht dohier, datt an der Reegel de wirtschaftlechen Impakt vun der Kriss heiheem, fir eng ganz Rei Leit oft net esou staark ze spieren ass wéi am Ausland.

FGFCmag: Wat huet Covid19 lech perséinlech geléiert?

Paulette Lenert: Ma datt d' Krise-Kommunikatioun e Metier fir sech ass. Eis huet et tatsächlech ganz einfach un Zäit gefeelt, fir un der Kommunikatioun ze schaffen. Mir ware virun allem mat der Gestioun beschäftegt an d'Kommunikatioun houng ëmmer e bëssen hannen dran. Dobäi kennt, datt wat elo richteg ass, an e puer Stonnen net méi Konsens ass. Iwwerdeems ass dat Ganzt héichgradeg politesch. Ech hu geléiert, no Prioritéiten ze schaffen, a wéi wäertvoll et ass, op eng gutt Zesummenaarbecht zielen ze kënnen. An der professioneller Kommunikatioun an an der Gestioun vun de Personal-Ressourcë bleift nach esou munches ze di bei eis. Hei sollte mer besser ginn.

FGFCmag: Wou fannt Dir déi néideg Ressourcë fir perséinlech Kraaft ze tanken?

Paulette Lenert: Déi fannen ech doheem, bäi mengem Mann, menge Kanner, menge Muppen an doriwwer eraus um Büro bei mengen Aarbechtskolleeginnen a Kolleegen.

FGFCmag: Maacht Dir lech Suergen iwwert d'Zukunft vun äre schonns grousse Meedercher?

Paulette Lenert: Nee eigentlech net! D'Zukunft mécht mer keng Angscht, déi gëllt ze unzegoen. Meng Meedercher gesinn dat änlech, hoffen ech. Ech war nach ni eent wat no hanne gekuckt huet, a mech gefrot huet: "hätt ech hei oder hätt ech do".

FGFCmag: Dir sidd net allze vill aktiv op de sozial Reseauen: Wann dir méi onkonventionelle Message op Facebook kéint lass ginn, wat wier dat fir een?

Paulette Lenert: Ech zielen op deng perséinlech Responsabilitéit!

FGFCmag: Paulette Lenert for Prime Minister?

Paulette Lenert: Ech muss zouginn, datt ech perséinlech nach net esou richteg op der politescher Bün ukomm sinn. D'Gestioun vun enger Kris, spréch e konkrete Projet ze geréieren, ass eppes wat mer läit, och wann et ustrengend ass. Politik awer ass anescht ustrengend. Ech war an de leschte Méint quasi just mat der Kris beschäftegt. Dofir: Ech sinn, wann der esou wëllt, an d'Politik erageschmass ginn, ob dat awer mäin Dada gëtt, hunn ech mat mir selwer nach net ausgemaach. Mee deem ganze Kontext widmen ech mer, nodeems mer dës Kris zesummen ausgestanen hunn. Elo geet et an der éischter Linn drëm, d'Kris gemeinsam ze iwwerstoen.

FGFCmag: Merci Madame Lenert fir dësen Interview, a wéi heescht et esou eescht dëser Deeg, bleift gesond!

Aktualiséiert