Progressive Relancement vun de Coursen an de Klassen, déi ab dem 4. Mee 2020 ofwiesselend organiséiert ginn

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 16. Abrëll 2020 den etappeweise Relancement vun den Aktivitéiten an de Schoulen an de Betreiungsstrukturen erkläert.

©SIP / Jean-Christophe Verhaegen
De Minister Claude Meisch wärend der Pressekonferenz

 

"Mir konnten d'Verbreedung vum Covid-19-Virus limitéieren, mee mir kënnen d'Schoulen net all mateneen erëm opmaachen, a si kënnen och net wéi virum 13. Mäerz funktionéieren", huet de Minister gewarnt.

D'Regierung huet analyséiert, wéi ee Schrëtt fir Schrëtt déi schoulesch an erzéieresch Aktivitéiten erëm kann ophuelen. E Kalenner an eng Method, mat zwee kloren Objektiver, goufe festgeluecht: de Kanner an deene Jonken déi beschtméiglech Zukunftsperspektiven ze bidden an d'Gesondheet vun de Schüler an dem schouleschen a pedagogesche Personal esou gutt ewéi méiglech ze schützen.

Progressiv Reouverture wärend engem Mount

Am Kalenner gouf festgehalen, dass d'Lycéesschüler fir d'éischt erëm an hir Klassen dierfe goen, well se scho méi erwuesse sinn an d'Schutzmoossnamen, fir sech net unzestiechen, vu sech aus respektéiere kënnen an esou weiderhin d'Verbreede vum Virus kënnen ofbremsen. "Déi ëffentlech Gesondheet huet fir eis Prioritéit", sot de Claude Meisch.

Vum 4. Mee u ginn all d'Premièresschüler erëm an d'Coursen, a vum 11. Mee un all déi aner Klassen aus dem Enseignement secondaire, der Formation professionnelle an dem BTS (brevet du technicien supérieur). D'Léiermeedercher a -bouwe kënnen erëm op hir Léierplazen an deenen Entrprisen zeréckgoen, déi zu deene Secteure gehéieren, fir an déi den Deconfinement decidéiert gouf.

Vum 25. Mee u kënnen d'Kanner erëm an d'Grondschoul an an d'Betreiungsstrukture goen, an Dageseltere kënnen hir Aktivitéit och erëm ophuelen.

Déi méi schwaach Schüler gi vum 20. Abrëll un an de Kompetenzzentren, vun de psycho-sozio-edukativen Ekippen vum Nationale Kanner- a Jugendbüro encadréiert.

An der Kontinuitéit vun de Mesuren, déi den 2. Abrëll annoncéiert goufen, bleift d'Erausfuerderung d'Rentrée vum 15. September effizient virzebereeden andeems ee sech dorop konzentréiert, dass déi wesentlech Inhalter vermëttelt a geléiert ginn.

Eng Woch Kueren, eng Woch Widderhuelung

Wat d'Method ubelaangt, esou huet d'Regierung sech fir een ofwiesselende Retour an d'Klassen entscheet. Konkret heescht dat, dass all Klass an zwee Gruppe gedeelt gëtt, esou wuel an der Grondschoul, wéi am Secondaire an an der Formation professionnelle. All Grupp wäert eng Woch Coursen an der Schoul oder am Lycée hunn, an dann eng Woch Widderhuelung doheem oder an der Betreiungsstruktur. D'Léierpersonal hält deen nämmlechte Kuer zweemol (zwou Wochen hannerteneen).

Schutzmoossname fir jiddwereen

Gläichzäiteg mussen eng Rei Schutzmoossnamen an den Etablissementer agefouert a respektéiert ginn. Virun allem:

  • déi sozial Distanz gëtt an den Etablissementer an am Schoultransport duerch de System vun den ofwiesselende Coursë méi einfach gemaach;
  • d'Droe vun engem Accessoire (Masken), deen et erlaabt d'Nues an de Mond ze bedecken, ass an der Klass erlaabt an am Schoultransport obligatoresch. De Ministère wäert all Schüler an all Enseignant zwou Masken zoukomme loossen;
  • Desinfektiounsmëttel gëtt zur Verfügung gestallt;
  • d'Gruppe vun de Klasse gi respektéiert, esou dass d'Schüler sech net ze vill mëschen;
  • d'Kantinne bleiwen zou fir de Kontakt tëscht Schüler vu verschiddene Gruppen z'evitéieren;
  • d'Zirkulatioun an de Gäng gëtt reglementéiert;
  • d'Pause ginn ofwiesselend organiséiert;
  • d'Schoulstonne gi kompriméiert, virun allem an der Grondschoul.

D'Reegele vun der sozialer Distanz ginn och an den Ofschlossexamen an an den integréierten Ofschlossprojete vun der Formation professionnelle ugewannt.

Speziell Recommandatioune gi fir d'Crèchen an de Cycle 1 ausgeschafft, wou d'Kanner d'Schutzmoossname fir net krank ze ginn, méi schwéier anhale kënnen.

An de Museksschoule fänken déi individuell Coursen den 11. Mee erëm un. Déi gemeinsam Coursë fale bis op Weideres aus.

"Ech hoffen, dass d'Schoul geschwënn erëm déi lieweg Plaz gëtt wou gelaacht gëtt, ee sech begéint an austauscht, an déi eise Kanner a Jonken esou wichteg ass" huet de Claude Meisch ofschléissend betount.

 

Aktualiséiert