E Rendez-vous bei der CFUE ufroe fir Ënnerstëtzung an de Beräicher Urbanismus an Ëmwelt

CFUE

Aleedung

All Bierger, Entreprise oder Gemeng, déi e Planungs-, Urbaniséierungs- oder Entwécklungsprojet wëll starten, kann d'Cellule de facilitation urbanisme et environnement (CFUE) vum Digitaliséierungsministère kontaktéiere fir eng technesch Ënnerstëtzung a Berodung bei de Planungs- a Geneemegungsprozeduren ze kréien.

Pragmatesch Ënnerstëtzung

D'Ënnerstëtzung déi d'CFUE proposéiert, konzentréiert sech op d'Bedierfnesser vum Demandeur. D'CFUE geet op seng Froen an, gëtt ëm en Iwwerbléck iwwer déi applikabel Gesetzer a Reglementer an déi nächst Schrëtt ginn zesumme bestëmmt fir säi Projet konkret ëmzesetzen.

Idealerweis fënnt de Kontakt mat der CFUE an engem fréie Stadium vun engem Planungsprozess statt, éier déi offiziell Prozeduren ageleet ginn. D'CFUE kann awer och als Mediateur ageschallt ginn, dat zum Beispill am Fall vu Net-Anhale vun enger Frist bei enger Autorisatiounsufro.

Wéi kann een e Rendez-vous froen?

Rendez-vousen kënnen iwwer MyGuichet.lu ugefrot ginn andeems de Projet kuerz erkläert gëtt. Et besteet och d'Méiglechkeet fir zousätzlech Dokumenter eropzelueden. Doropshin analyséiert d'CFUE de Projet op Basis vum legalen a reglementaresche Kader. An enger Entrevue (physesch oder per Videokonferenz) ginn dës Informatioun verständlech erkläert. Dësen Echange bitt natierlech och d'Geleeënheet fir spezifesch Besoinen ze diskutéieren a weider Froen ze stellen.

A wéi enge Fäll kann een d'CFUE kontaktéieren?

D'Froen déi d'CFUE beäntweren si vilfälteg. Hei sinn e puer Beispiller dovunner:

Fir d'Bierger

Ech si Besëtzer vun engem Terrain am Bauperimeter. Wat ass d'Baupotential vu mengem Terrain? Wéi eng Konditioune musse berécksiichtegt ginn? Wéi eng Studie sinn néideg? Wéi séier kann e Projet realiséiert ginn? Wéi eng Ministèren oder Verwaltunge soll ech kontaktéieren?

Fir Betriber

Ech si Chef vun engem Betrib zu Lëtzebuerg a wëll mäi Produktiounssite vergréisseren. Ech géing mech gären iwwer d’Geneemegungsprozeduren informéieren, déi fir mäi Projet gëllen, iwwer d'Studien déi ze maache sinn, an d'Planungszäit, déi noutwenneg ass, ier d'Aarbechte kënnen ufänken. Kuerz gesot, et ass fir mech wichteg eng Previsibilitéit fir mäin Investitiounsprojet ze hunn.

Fir Gemengen

Ech si Buergermeeschter vun enger Gemeng a wëll d'Entwécklung vun engem Urbaniséierungsprojet ugoen. Wéi kann de Staat meng Gemeng an dësem Prozess ënnerstëtzen?

Aktualiséiert