Biographie

De Léon Gloden ass den 9. Dezember 1972 zu Ettelbréck gebuer.

Studium an Ausbildung

Nom Secondaire, studéiert de Léon Gloden op der Uni zu Aix-Marseille, wou hien eng Maîtrise am europäeschen an internationale Recht an der Faculté de droit et de sciences politiques absolvéiert. Hie vervollstännegt säi Studium mat Diplomer vun der University College London (UCL) a vum Collège d'Europe Bruges. 

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, gëtt de Léon Gloden de 17. November 2023 an der Koalitiounsregierung tëscht der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV) an der Demokratescher Partei (DP) zum Inneminister ernannt. Hien ass fir Dossieren an de Beräicher vun de Gemengen, der bannenzeger Sécherheet an der Immigratioun zoustänneg.

Aner politesch Funktiounen

De Léon Gloden, dee säit 1999 Member vun der CSV ass, gëtt am Joer 2009 fir d'éischt als Kandidat vun der CSV Lëscht am Bezierk Osten an d'Chamber gewielt. 2013, 2018 an 2023 gëtt hien erëmgewielt. An der Chamber, erfëllt hie vun 2018 u verschidde Funktiounen, ënner anerem als Vizepresident vun der Kommissioun vun den Institutiounen a vun der Verfassungsrevisioun, als Co-Rapporter vun der Verfassungsreform, als Vizepresident vun der juristescher Kommissioun an als Member vun der Kommissioun fir ëffentlech Sécherheet.

Op lokalem Niveau, ass de Léon Gloden vun 2000 bis 2011 Member vum Gemengerot vu Gréiwemaacher. No de Gemengewalen 2011, gëtt hie Buergermeeschter an erfëllt dës Funktioun bis zu senger Ernennung zum Inneminister am November 2023.

Beruffstätegkeet

Vun 1999 u war de Léon Gloden um Barreau ageschriwwen a war Affekot bei der Étude Elvinger Hoss Prussen, wou en 2007 och Associé gouf. Hien huet bis zu senger Ernennung zum Inneminister am November 2023 als Affekot geschafft. 

Aktualiséiert