De LuxTrust-Token kann nom 31. Dezember 2024 net méi benotzt ginn

LuxTrust, de Partner vum CTIE fir eng sécher Connexioun zu sengen Online-Servicer, huet annoncéiert, dass de LuxTrust-Token nom 31. Dezember 2024 net méi benotzt ka ginn.

Dës Decisioun, fir zousätzlech Sécherheet fir Online-Transaktiounen ze bidden, huet och en Afloss op d'Benotzer, déi sech am Moment nach iwwert de LuxTrust-Token mat staatlechen Online-Servicer verbannen, déi eng staark Authentifikatioun erfuerderen. Dozou gehéieren d'staatlech elektronesch Plattforme wéi MyGuichet.lu, eCDF, d'Portaler, déi vum Gruppement Luxembourg Business Registers geréiert ginn, souwéi d'Deklaratiounssystemer vun der Douane.  

LuxTrust stellt en Tutorial zur Verfügung, deen d'Benotzer vum Token Schrëtt fir Schrëtt bei der Aktivéierung vun der LuxTrust Mobile-App guidéiert. LuxTrust bitt eng Ënnerstëtzung iwwer Telefon (um +352 24 550 550), per E-Mail (questions@luxtrust.lu) a perséinlech (vu méindes bis freides vun 8.00 bis 18.00 Auer an hire Raimlechkeeten) un.

Op enger spezieller Websäit fënnt een Äntwerten op déi am meeschte gestallte Froen.

Rappel: D'Benotzer vu MyGuichet.lu kënne sech och mat hirer lëtzebuergescher Carte d'identité an der GouvID-App, wa se d'elektronesch Certificaten aktivéiert hunn, oder mat engem eIDAS-Mëttel aus engem aneren europäesche Land verbannen.  

Aktualiséiert