Austausch tëschent dem Martine Hansen an der Federatioun vun den Autoshändler an der Mobilitéit

D’Ministesch fir Konsumenteschutz huet ee Gespréich mat der Federatioun vun den Autoshändler an der Mobilitéit (FEDAMO) gefouert.

  1. ©DPC

    Besuch bei der FEDAMO

    Besuch bei der FEDAMO

    vlnr. : Patrick Wildgen, DPC; Michel Louro, FEDAMO; Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz; Philippe Mersch, FEDAMO; Frank Lentz, FEDAMO; Marc Fischer, DPC
  2. ©DPC

    Besuch bei der FEDAMO

    Besuch bei der FEDAMO

    vlnr. : Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz; Frank Lentz, FEDAMO; Marc Fischer, DPC
  3. ©DPC

    Besuch bei der FEDAMO

    Besuch bei der FEDAMO

    Gruppefoto

De 24. Mee war d’Ministesch fir Konsumenteschutz, Martine Hansen, op Besuch fir ee Gespréich bei der Federatioun vun den Autoshändler an der Mobilitéit (FEDAMO). An enger agreabeler Ambiance goufe sëllegen a wichteg Konsumenteschutz-relevant Theme beschwat, wéi z. Bsp. déi gesetzlech Garantie, den Dépôt-Vente, d’Reparatur, den Affichage vun de Präisser oder den Autofestival.

Aus den Diskussiounen huet sech ee klore Konsens erauskristalliséiert : De Konsument brauch déi Professionell grad sou wéi déi Professionell de Konsument brauchen. Dofir ass eng enk Zesummenaarbecht tëschent der Direktioun fir Konsumenteschutz an der FEDAMO vu grousser Wichtegkeet.

Aus dësem Grond gouf festgehal, dass déi informell Relatiounen solle verstäerkt ginn an dass ënnert anerem Webinaire wäerten organiséiert gi fir d’Membere vun der FEDAMO ze sensibiliséieren an ze informéieren, fir den Erwaardungen an den Attente vun de Konsumente besser gerecht ze ginn.

Aktualiséiert