Treffen tëschent Martine Hansen a Miriam Eisenmenger, CEO vum ACL.
Den 28. Juni huet d‘Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, sech mam Miriam Eisenmenger, der neier CEO vum Automobilclub Lëtzebuerg (ACL), am Sëtz vum ACL getraff.
Den ACL ass bekannt fir d'Interesse vun den Automobilisten ze vertrieden an ass deemno e wichtege Partner fir d'Direktioun fir Konsumenteschutz. D'Zil vun dësem Treffe war et, d'Bezéiungen tëschent der Direktioun fir Konsumenteschutz an dem ACL ze stäerken an eng méi enk Zesummenaarbecht tëscht deenen zwou Institutiounen ze fërderen.
![Treffen tëschent der Direktioun fir Konsumenteschutz an dem ACL](http://mpc.gouvernement.lu/dam-assets/actualites/2024/06-juin/acl/img-3816.JPG/_jcr_content/renditions/thumb-xhdpi.jpg)
Treffen tëschent der Direktioun fir Konsumenteschutz an dem ACL
vlnr : Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz ; Nadia Djebbar, Direktioun fir Konsumenteschutz ; Marc Barnich, ACL ; Miriam Eisenmenger, CEO vum ACL ; Marc Fischer, Direktioun fir Konsumenteschutz