D‘Martine Hansen huet un der Generalversammlung vun der Union Luxembourgeoise des Consommateurs deelgeholl

Den 12. Juni war d‘Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, op der Generalversammlung vun der Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC).

An hirer Ried huet d’Ministesch d’Noutwendegkeet vun enger enker Zesummenaarbecht vun allen Acteuren an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg ënnerstrach an huet der ULC Merci gesot fir hir virbildlech Kooperatioun. Si huet betount : 'Eleng kënnt ee vläicht méi séier virun, mä zesumme kënnt ee méi wäit“.

D’Ministesch huet och een Ausbléck op déi zukünfteg Entwécklung vum Konsumenteschutz ginn an ass op Themen agaang, wéi zum Beispill d’Fortschrëtter am Dossier vun der Aféierung vun de Sammelkloen, der Analyse vun der Machbarkeet fir ee Reparatur-Bonus anzeféieren, d’Upassunge vum Code de la consommation, d’Erausfuerderunge vun der Digitalisatioun souwéi d’Zesummenaarbecht op regionalem an internationalem Niveau.

  1. ©Direktioun fir Konsumenteschutz

    Generalversammlung vun der ULC

    Generalversammlung vun der ULC

    vlnr : Nico Hoffmann, Präsident vun der ULC ; Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz
  2. ©Direktioun fir Konsumenteschutz

    Generalversammlung vun der ULC

    Generalversammlung vun der ULC

    vlnr : Marc Fischer, DPC ; Marie-Josée Ries, DPC
  3. ©Direktioun fir Konsumenteschutz

    Generalversammlung vun der ULC

    Generalversammlung vun der ULC

    Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz
  4. ©Direktioun fir Konsumenteschutz

    Generalversammlung vun der ULC

    Generalversammlung vun der ULC

    Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz
  5. ©Direktioun fir Konsumenteschutz

    Generalversammlung vun der ULC

    Generalversammlung vun der ULC

    Nico Hoffmann, Präsident ULC

Aktualiséiert