D‘Martine Hansen besicht de Repair-Café zu Mäerzeg

D'Ministesch fir Konsumenteschutz diskutéiert iwwert d‘Erausfuerderungen an d‘Léisunge fir ee verantwortungsbewosste Konsum ze fërderen.

D‘Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, huet de 20. Juli de Repair-Café zu Mäerzeg besicht. No der Begréissung duerch eng Delegatioun vum Mäerzeger Gemengerot huet si sech ausféierlech mat de Reparateuren ausgetosch, fir ee bessert Versteesdemech ze kréien iwwert d’Schwieregkeeten, mat deenen d'Repair-Cafés konfrontéiert sinn, an eventuell Léisungs-Usätz an d’Weeër ze leeden. D’Gespréicher hu Problemer wéi de Mangel un Ersatzdeeler an d’Noutwennegkeet, d’Ëffentlechkeet besser iwwert d’Wichtegkeet vun der Reparatur ze sensibiliséieren, ervirbruecht.

Mat dëser Visitt wollt si hir Ënnerstëtzung fir dës Initiativen ënnersträichen. Initiativen, déi méi wéi nëmme Plaze sinn, op deene reparéiert gëtt. Duerch d'Verlängere vun der Liewensdauer vun de Produkter, droen d'Repair Caféen ee wesentlechen Deel dozou bäi, fir den Offall ze reduzéieren a fërdere gläichzäiteg ee verantwortungsbewosste Konsum. Dës Plazen ënnerstëtzen och d’Zesummenaarbecht an den Austausch vun techneschem Wëssen tëscht de Bierger.

D‘Repair-Cafés spillen dofir eng wichteg Roll bei der Sensibiliséierung vun de Bierger fir Ëmwelt- a Wirtschafts-Themen am Zesummenhang mam Konsum. Si bidden eng Plaz, wou jidderee léiere kann, seng Géigestänn selwer ze reparéieren, wat zu enger bedeitender Reduktioun vum Elektronik-Offall an enger besserer Notzung vun de Ressourcë bäidréit.

D’Ministesch huet d’Geleeënheet genotzt, fir de Organisateuren an de Reparateuren fir hire wäertvollen Asaz Merci ze soen.

  1. ©Direktioun fir Konsumenteschutz

    D‘Martine Hansen besicht de Repair-Café zu Mäerzeg

    D‘Martine Hansen besicht de Repair-Café zu Mäerzeg

    Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz (2. vu lénks) am Austausch mat engem Reparateur
  2. ©Direktioun fir Konsumenteschutz

    D‘Martine Hansen besicht de Repair-Café zu Mäerzeg

    D‘Martine Hansen besicht de Repair-Café zu Mäerzeg

    Illustratioun
  3. ©Direktioun fir Konsumenteschutz

    D‘Martine Hansen besicht de Repair-Café zu Mäerzeg

    D‘Martine Hansen besicht de Repair-Café zu Mäerzeg

    vlnr : Jhemp Mousel, Repair Café Lëtzebuerg asbl ; Marcel Barros, Member vum Gemengerot vu Mäerzeg, President Repair Café Lëtzebuerg asbl ; Carine Piette, Member vum Gemengerot vu Mäerzeg ; Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz ; Stefano D’Agostino, Schäffe vu Märzeg
  4. ©Direktioun fir Konsumenteschutz

    D‘Martine Hansen besicht de Repair-Café zu Mäerzeg

    D‘Martine Hansen besicht de Repair-Café zu Mäerzeg

    Illustratioun

Aktualiséiert