Doud vum Georges Hausemer

Mat grousser Betraffenheet an Trauer hu mir d'Noriicht vum Doud vum Georges Hausemer kritt.

D’Lëtzebuerger Kulturlandschaft huet e Pionéier verluer, deen eng wichteg Roll an der Entwécklung vun der zäitgenëssescher Lëtzebuerger Literatur an dem Lëtzebuerger Literaturbetrib gespillt huet. Seng grouss schrëftstelleresch Leeschtung ass duerch vill national Präisser honoréiert ginn, ënner anerem eréischt d’lescht Joer mam grousse Lëtzebuerger Literaturpräis, dem Batty-Weber-Präis.

Mir wäerten de Georges Hausemer als en immens engagéierte Schrëftsteller, Iwwersetzer an Editeur an Erënnerung behalen, deen a ganz ville literareschen a kulturelle Beräicher aktiv war.

Mir drécken dem Susanne Jaspers an der Famill eist häerzlechst Bäileed a Matgefill aus.

Xavier Bettel, Premier- a Kulturminister

Guy Arendt, Staatssekretär fir Kultur

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert