De Marc Hansen huet d'Inauguratiounsried vum BIMLUX 2019 gehalen

Den 19. November 2019 huet de Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitaliséierung, d'Inauguratiounsried vun der 4. Editioun vum BIMLUX gehalen, déi am European Conventioun Center stattfonnt huet. Dëst ass ee järlechen Evenement iwwert déi digital Transformatioun am Bausecteur zu Lëtzebuerg.

©MinDigital
De Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitaliséierung, wärend senger Ried

 

Den Organisateur vum Event, de CRTI-B (Centre de compétence pour répondre aux enjeux du numérique en matière de Building Information Modelling" - kuerz BIM) souwéi seng Partner, den Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils (OAI), Neobuild, an de Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST), hunn sech versammelt fir dësen neien Aarbechtsprozess z'iwwerpréiwen.

De Marc Hansen huet a senger Ried op dat bedeitend Potential vum BIM higewisen. "De BIM ass méi wéi just eng Technologie. Et ass eigentlech een lackelegen, neien Aarbechtsprozess. Mir gesinn doranner e grousst Potential vun deem de gesamte Bausecteur profitéiere kann. Ech si fest dovunner iwwerzeegt, datt den Austausch vun zouverlässegen Informatioune wärend der kompletter Liewensdauer vun engem Gebai oder enger Infrastruktur eng Plus-Value duerstellt, fir méi Kohärenz an d'Projeten ze bréngen an d'Effikassitéit vun all de Bedeelegten um Projet ze steigeren."

Ofschléissend sot de Marc Hansen: "D'Potential vun de gesammelten a zentraliséierten Donnéeën ass enorm a kéint d'Schafung vun engem "digital twin" vum Gebai erméiglechen. Mir befannen eis also am Mëttelpunkt vun deem wat mir ënnert enger digitaler Transformatioun verstinn."

 

Communiqué vum Ministère fir Digitaliséierung

Aktualiséiert