COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 24. bis den 30. Januar

An der Woch vum 24. bis den 30. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 15.293 op 14.918 erofgaangen (-2%).

Vun de 14.918 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 3.717 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 1.782 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou ware 26 vun den 63 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (37 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg waren 8 vun de 10 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 24. bis den 30. Januar duerchgefouert goufen, ass vu 42.155 op 39.136 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 239 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 312 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 1.758. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 30. Januar ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 30.764 geklommen, am Verglach zu 27.375 den 23. Januar, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 114.752 op 126.269 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 28,3 Joer.

An der Woch vum 24. bis de 30. Januar, goufen et 7 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 81 Joer.

An de Spideeler goufen et 63 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 58 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vu 14 op 10 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten bleift bei 48 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,88 géintiwwer 1,27 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 38,12%, géintiwwer 36,28% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 2.350 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 2.409 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an déi certifiéiert Selbsttester an de Schoule ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux an den Altersgruppe vu 60-74 Joer (+7%) a vu 75+ Joer (+6%) eropgaangen. Ee liichte Réckgang ass bei den Altersgruppe 15-29 Joer (-6%) a 45-49 Joer (-7%) ze verzeechnen. Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 60-74 Joer mat 795 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 6.074 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 24. bis de 30. Januar, ware 35.797 Persounen an Isolatioun (+21%) an 10.250 a Quarantän (-32%).

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 40,0% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Aarbecht (5,5%) an de Fleegesecteur (3,2%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erop (41,6%).

Speziell Situatiounen am Schoul-Beräich

An der Woch vum 24. bis den 30. Januar 2022 waren 51 Klassen aus 31 Grondschoulen a 9 Lycéeë vun engem Zenario 4, mat méi wéi 5 positiv Fäll an enger Klass, betraff.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 24. bis de 30. Januar, goufen am ganzen 22.593 Dosissen aginn. 1.481 Persoune kruten eng 1. Dosis, 2.762 kruten déi 2. Dosis a 17.948 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 31. Januar op 1.229.701.

475.495 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Gültegkeet vun den Impfcertificaten fir Reesen an Europa op 9 Méint reduzéiert

Säit dem 1. Februar 2022, opgrond vun enger europäescher Reglementatioun, ass d'Gültegkeetsdauer vun den Impfcertificate fir Reesen an Europa op 9 Méint no der Éischtimpfung reduzéiert ginn.

Den Impfrappel ass aktuell illimitéiert gülteg.

Q&A-Seance iwwert d'Impfung bei schwangeren a stëllende Fraen - net verpassen!

Fir deene schwangeren a stëllende Fraen, déi nach net geimpft sinn an nach Zeiwel a Froen iwwert d'Anti-COVID-Impfung hunn, op hir Froen ze äntwerten, huet de Gesondheetsministère dësen Donneschdeg, 3. Februar um 17 Auer, ee Live Q&A (Froen/Äntwerten) iwwert d'Impfung géint COVID-19 wärend der Schwangerschaft geplangt.

Den Dr. Thomas Dentzer vun der Gesondheetsdirektioun an den Dr. Pit Duschinger, President vun der Lëtzebuerger Societéit fir Gynekologie an Obstétrique, äntwerte live op d'Froe vun de Spectateuren, an dëst a 4 Sproochen (Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch an Englesch).

D'Spectateure kënnen hir Froe virun oder wärend der Emissioun posten.

D'Emissioun kënnt Dir live iwwert folgende Link kucken: https://gd.lu/5dg7C0

"Pop Up" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, huet d'Regierung decidéiert temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfstatiounen) unzebidden, an esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

D'Lëscht vun all den temporären Impf-Plaze gëtt kontinuéierlech aktualiséiert a kann op covidvaccination.lu consultéiert ginn.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/revilux/revilux-week-52/

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der Woch vun der véierter Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer ganz héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. Den aktuelle Niveau vu SARS-CoV-2 an de Kläranalegen ass ganz änlech zu deem vun Oktober 2020, wat dee bis elo héchste Stand war, deen an der gesamter analyséiert Period (Mäerz 2020 - Januar 2022) gemooss gouf. Déi generell Tendez iwwert e puer Wochen oder Méint gekuckt, weist weider no uewen.

Um Niveau vun deenen eenzelen analyséierte Kläranlage konnt eng ganz änlech Tendenz festgestallt ginn, mat Niveaue vu SARS-CoV-2 déi deenen héchste Valeuren entspriechen, déi bis elo gemooss goufen, an dat a quasi alle Kläranlagen. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert