COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 17. bis den 23. Januar

An der Woch vum 17. bis den 23. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 11.734 op 15.293 geklommen (+30%). 

Vun de 15.293 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 3.769 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 1.831 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 20 vun den 58 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (38 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg waren 10 vun de 14 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 17. bis den 23. Januar duerchgefouert goufen, ass vu 37.818 op 42.151 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 312 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 152 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 1.519. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn. 

Den 23. Januar ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 27.370 geklommen, am Verglach zu 22.433 de 16. Januar, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 104.403 op 114.752 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 28,1 Joer.

An der Woch vum 17. bis den 23. Januar, goufen et 7 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 75 Joer.

An de Spideeler goufen et 58 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 48 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vun 19 op 14 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten bleift bei 47 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,26 géintiwwer 1,03 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 36,28%, géintiwwer 31,03% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 2.409 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 1.848 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun. 

Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an all den Altersgruppe geklommen. Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vu 75+ Joer (+91%) an 60-74 Joer (+36%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 60-74 Joer mat 696 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 5.320 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 17. bis den 23. Januar, waren 29.701 Persounen an Isolatioun (+31%) a 14.999 a Quarantän (+71%).

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 42,8% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Aarbecht (7,8%), de Fleegesecteur (4,6%) an d'Reesen an d'Ausland (3,8%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (29,7%).

Speziell Situatiounen am Schoul-Beräich

An der Woch vum 17. bis den 23. Januar 2022 waren 68 Klassen aus 43 Grondschoulen an 8 Lycéeë vun engem Zenario 4 betraff, mat méi wéi 5 positiv Fäll an enger Klass. D'Gesondheetsinspektioun huet déi ongeimpften an net-geheelte Schüler a Qauarntän gesat.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 17. bis den 23. Januar, goufen am ganze 40.658 Dosissen aginn. 2.114 Persoune kruten eng 1. Dosis, 3.080 kruten déi 2. Dosis a 35.464 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 25. Januar op 1.212.952.

457.643 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 76,2% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Berechnung vun den Impfdosissen um Impfcertificat

Fir Impfstoffer, bei deenen e kompletten Impfschema 2 Dosisse verlaangt, gëtt de Certificat follgendermoosse berechent:

  • 1/2 fir déi 1. Dosis, dono 2/2 no der 2. Dosis, d.h. den Impfschema ass komplett.
  • 3/3 gëtt ugewise wann no enger kompletter Éischtimpfung mat 2 Dossisen en Impfrappel ("Booster") gemaach gouf. Déi zousätzlech Dosissen (X), déi nom éischten Impfrappel ("Booster") agi goufen, ginn dono mat (3+X)/(3+X) ugewisen (z. B. 4/4 bei enger Persoun déi eng 4. Dosis krut).

Bei Impfstoffer, déi no enger Eenzeldosis als kompletten Impfschema gëllen (z. B. Johnson & Johnson) gëtt de Certificat follgendermoosse berechent:

  • 1/1 fir d'Eenzeldosis
  • 2/1 gëtt ugewise wann no der Éischtimpfung mat der Eenzeldosis eng Zousazdosis gesprëtzt gouf. Déi zousätzlech Dosissen (X), déi no der éischter Zousazdosis agi goufen, ginn dono mat (2+X)/1) ugewisen (z. B. 3/1 bei enger Persoun, déi no enger Éischtimpfung mat Johnson & Johnson 2 weider Dosisse kruten).

Eng Éischtimpfung mat enger Eenzeldosis vum Janssen Impfstoff (Johnson & Johnson) mat enger uschléissender Zousazimpfung mam Janssen-Impfstoff oder mat engem mRNA-Impfstoff (Comirnaty oder Spikevax) gëllt zu Lëtzebuerg als kompletten Impfschema an ass domat CovidCheck-konform.

Fir besonnesch de Besoine vu Persoune gerecht ze ginn, déi an europäesch Länner reesen, wou elo en Impfschema mat 3 Impfdosisse verlaangt gëtt (z.B. Däitschland), huet d'Regierung decidéiert, dësen alternativen Impfschema als Optioun an op fräiwëlleger Basis ze proposéieren.

Persounen, déi esou een Impfschema realiséiere wëllen an domat un engem Impfrappel ("Booster") fréistens 3 Méint no der 2. Impfung interesséiert sinn, kënne sech ouni Rendez-vous bei enger "Pop Up"-Impfstatioun presentéieren, oder sech iwwert d'Säit https://www.covidvaccination.lu umellen, fir eng Invitatioun fir e Rendez-vous an engem vun den 3 Impfzentere geschéckt ze kréien. Dës Demarche ass ab dem Donneschdeg, 27. Januar 2022 operationell.

CovidCheck 2G+ System

Follgend Persoune sinn ab dem 11.01.2022 am Kader vum CovidCheck 2G+ vun der Testflicht befreit:

  • déi, déi ee kompletten Impfschutz hu vu manner wéi 180 Deeg
  • déi, déi en Impfrappel (Booster) kruten
  • déi, déi e Geheelt-Certificat virweise kënnen

Gültegkeet vun den Impfcertificaten

Déi allgemeng Gültegkeet vun den Impfertificaten ass op 270 Deeg (9 Méint) fixéiert, ab dem Datum, wou d'Impfung als komplett gëllt.

Zurzäit steet d'Gültegkeetsdauer vun den Certificate fir den Impfrappel nach net fest.

"Pop Up" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, huet d'Regierung decidéiert temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfstatiounen) unzebidden, an esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

D'Lëscht vun all den temporären Impf-Plaze gëtt kontinuéierlech aktualiséiert a kann op covidvaccination.lu consultéiert ginn.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der Woch vun der 3. Woch 2022 ënnersicht goufen, nach ëmmer eng ganz héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau. Den aktuellen Niveau vu SARS-CoV-2 an de Kläranalegen ass elo méi héich wéi dee vun Oktober 2020, wat dee bis elo héchste Stand war, deen an der gesamter analyséiert Period (Mäerz 2020 - Januar 2022) gemooss gouf. Déi generell Tendez iwwert e puer Wochen oder Méint gekuckt, weist weider no uewen.

Um Niveau vun deenen eenzelen analyséierte Kläranlage konnt eng ganz änlech Tendenz festgestallt ginn, mat Niveaue vu SARS-CoV-2 déi deenen héchste Valeuren entspriechen, déi bis elo gemooss goufen, an dat a quasi alle Kläranlagen. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert