Interview vum Dan Kersch am Guide des communes

"D'Reform vun de Rettungsdéngschter wäert mäin gréissten Houfert bleiwen"

 

Interview: Le guide des communes

Le guide des communes : D'Gemengen droen zum Dynamismus zu Lëtzebuerg bäi. Wéi gesitt Dir hir Roll an der nationaler Wirtschaft?

Dan Kersch : Eis Gemenge bleiwen e wesentleche Motor. Si kruten eng Parti Befugnisser vum Staat zougesprach an si erfëllen hir Missioune ganz korrekt. Ech wëll se net nëmmen als Garant vun engem Liewensstil "à la Luxembourgeoise" gesinn, ma éischter och als innovativ Kraft. Et ass vun dëser Basis aus, wou déi Fortschrëtter hierkommen, vun deene jiddereen am Alldag profitéiere kann. A fir op hiert wirtschaftlecht Gewiicht hinzeweisen, wëll ech mech op eng Etüde vun der Handelskummer beruffen. Des huet geschat, dass d'Gemengeninvestitiounen 1,5% vum Brutto-inlandprodukt ausmaachen.

(....) Dëst ass scho bemierkenswäert ëmsou méi wéi hei net der Masse Salariale Rechnung gedroe gëtt déi un déi Dausende Beschäftegt an de Gemengen iwwer d'ganzt Land bezuelt gëtt.

An de vergaangene Krisejoren hunn d'Gemengen eis Wirtschaft ënnerstëtze kënnen doduerch, dass se d'Läpper net hénke gelooss hunn a weiderhi versicht hunn, sech z'entwéckelen. Haut maachen se vill méi, wéi einfach de Wuesstem ze begleeden!

Le guide des communes : Wéi eng Bilanz kann een aus der Reform vun de Gemengefinanzen zéien, déi Dir jo geleet hutt?

Dan Kersch : Zwanzeg Joer laang huet kee Minister sech getraut, fir dës Reform unzegoen. De Status Quo war einfach méi bequem ze halen, wéi Annerungen erbäi ze féieren. Mar hunn eis getraut an et war batter noutwenneg: d'Ongläichheete waren onhaltbar ginn. De Staat konnt dëser Gemeng pro Awunner dat duebelt vun deem ginn, wéi där anerer. Mär hunn eis Verantwortung iwwerholl an déi ganz Gemengefinanzéierung op d'Lee geholl, woubäi mer als Regierung net wollten, dass iergendeng Gemeng eppes géing dobäi verléieren. De Kompensatiounssystem, den agesat gouf, huet de Gemenge garantéiert, dass se vum Staat aus datselwecht Engagement kréie sollte wéi 2015, an dat hu mer duerchgezunn.

D'Reform vun de Gemengefinanzen huet en Asaz vu weideren 100 Milliounen Euro d'Joer fir d'Gemengebudgete bedeit an déi allermeescht Gemengen hunn dobäi gewonnen. Nëmme fir ze soen, dass dëst Joer just 4 Gemengen op de Kompensatiounsmechanismus hu mussen zeréckgräifen... Vun deem politeschen Zauber vun eise Géigner am Ufank vun eisem Projet héiert een an der Tëschenzäit näischt méi. An et kann och kee méi op dës méi gerecht Verdeelung zeréckkommen.

Le guide des communes : Haut zielt eist Groussherzogtum 102 Gemengen. Ass de Fusiounsprogramm schëtzeg genuch viru gaangen?

Dan Kersch : Ganz oft gëtt mer gesot, dass 70 Fusiounen am Laf vun dëser Legislatur hätte misse realiséiert ginn. Dës Zuel fënd een awer néierens an eisem Programm... Déi, déi op 60 oder 70 Gemengen innerhalb vun enger Legislatur an dësem Land wëlle kommen, solle mer emol hir Method erklären. Meng eege Method, an déi, déi vun der Regierunggewollt ass, war d'Begleedung. Ech sinn an all Gemengesëtzunge gaangen, wou et sech ëm Fusioune gedréit huet a mär hunn déi lokal Wënsch finanziell ënnerstëtzt. Et gouf 4 Fusiounen ënnert mär als Minister, dat ass genau deeselwechte Rhythmus wéi deen, dee meng Virgänger haten. Wuel hätt ech mer der e puer méi gewënscht, ma dës Zort vun Decisioune gëtt eben net an der Haaptstad a vun engem Ministeschbüro aus geholl. Dat muss vun de lokal Gewielten an aus der Bevëlkerung hir kommen. Et soll ee keng Fusioun opdrängen an et ass dat, wat eis vun eise politesche Géigner ënnerscheet.

Perséinlech gesinn ech gär en Zesummeschloss vu Gemengen, déi op d'mannst 3000 bis 3500 Awunner zielen. Dat ass elo keng Zuel, déi ech erfannen, well d'Chamber hat déi schonn 2004 genannt. Wann ee wéilt Gemengefusiounen opzwéngen, wär dat géint d'europäesch Charta vun de Gemengenautonomien, an dat wëlle mer net. Och esouguer e nationale Referendum wär net gëeegent, well dann den Zentrum an de Süde vum Land iwwer de ganze Rescht vun eisem Territoire géingen decidéieren. Dat ass net kohärent!

Mat deem neie Syvicol (Syndicat des villes et communes du Luxembourg) well ech mech iwwer déi nächst Fusiounen austauschen, well do gëtt et eng nei Well vu Gewielten, et muss een déi iwwer de Sujet informéieren a Méiglechkeete vu neien Zesummeschlëss ofwaarden.

Le guide des communes : Soll de Staat d'Schafung vun interkommunale Syndikater nach méi staark ënnerstëtzen?

Dan Kersch : De Staat iwwerdréit Kompetenzen un d'Gemengen an en ass iwwerzeegt dovunner, dass ee sech fir verschidde Missiounen als Nopere muss zesumme fannen, fir e gudde Service ubidden ze kënnen. Ech denken do ënner anerem un Sanéierungen, d'Gestioun vun den Offäll, den ëffentlechen Transport, asw. An dëse Beräicher bréngen d'Gemengen et fäerdeg, sech zesummen ze fannen an do brauch een och kee neie staatlechen Usporn. Ech hu just meng kleng Bedenke vis-à-vis vun der Tendenz, grouss Syndikater mat enger villschichteger Vocatioun ze schafen. D'Gefor besteet doranner, dass de Bierger sain direkten Afloss op d'Dingschtleeschtung verléiert an deen, deen et decidéiert, d'Ëmsetzung net méi am Grëff huet. Ech zéie Syndikater fir, déi eng eenzeg Vocatioun hunn a wou d'Delegéiert Éischtgewielter aus de Gemenge sinn.

Le guide des communes : Wéi eng Analys maach Dir iwwer Är Aktioun am Déngscht vun de Gemengen am Laf vun dëser Legislatur?

Dan Kersch : Et ka wuel kee behaapten, dass et net viru gaangen ass. Mar hunn eis do getraut, wou anerer de Blousse gewisen hunn. Mer hunn iwwer d'Finanzéierung vun de Gemenge geschwat: deen Dossier huet onbedéngt missen ugepaakt ginn, a mär hunn et gemaach. En anert gutt Beispill fir de Wiessel: d'Ofschafe vun den Distriktskommissariater. D'Hell war eis virausgesot ginn, an en Desaster fir d'Gemengen. An der Tëschenzäit sinn dräi Joer vergaangen zënter d'Kommissariater ofgeschaaft goufen an et schwätzt kee Mënsch méi driwwer. Hei am Ministär hu mer eis Reien opgefëllt, eng spezifesch Instanz geschafen, déi deene klenge Gemenge mat Rot an Dot hëllefe soll an déi administrativ Vereinfachung ass schlussendlech riicht ausgaangen. Och den Ëmgangstoun huet sech geännert, ech denken, dass de Ministère vill méi kooperativ ginn ass wéi virdrun.

Eng weider Befriddegung ass et ze gesinn, wéi d'Zuel vun de PAPen (Deelbebauungsplang) am Laf vun dësem Mandat an d'Lut gaangen ass. Des Vereinfachung, gekoppelt un d'Aarbecht vun der interministerieller Plattform fir am Virfeld vun alle Prozeduren iwwer d'PAPen ze diskutéieren, erméiglecht eng Rapiditéit vun der Behandlung vun den Dossieren, déi et bis dohinner net ginn ass. Eng véierzeg Gemengen hunn och elo hire PAG (Allgemenge Bebauungsplang) vun der neister Generatioun. Deen Dispositif dréit dozou bai, Zäit ze gewanne beim Virukomme vun de Lotissementer. A wann ee weess, wéi problematesch d'Fro vun de Wunnengen ass, bedeit dat e wichtege Fortschrëtt fir eis Gemengen.

D'Kompetenze vun den „Agents communaux", deene sougenannte Pecherten, musse weider ausgebaut ginn. Dës Agente sollen d'Police systematesch bei anere Missioune wéi Parkingkontrollen ënnerstëtze kennen. Si sollen d'Anhale vun de Gemengereglementer däerfen iwwerpréiwen a sanktionéieren, wann et noutwenneg ass.

Mir hunn och d'Relatiounen tëschent der Kierch, dem Staat an de Gemengen anescht organiséiert. Och heibäi war den Dossier während Joerzéngten ennert den Teppech gekiert ginn. Fir d'Gemengen ass et elo eriwwer domadder, dass se d'Defiziter vun de Kierchefabriken mussen decken, dem Paschtouer seng Wunneng bezuelen oder awer an d'Restauratioun vun der Kierch investéieren, och wann se net Proprietaire vun de Gebailechkeete war! Haut maachen se dat nach just, wa se dat och wellen. An haut sinn d'Gemengen och vun der Obligatioun fräigestallt, un der Finanzéierung vun de Kulten deelzehuelen. An ech ënnersträichen dat Wuert Kulten, an der Mehrzahl.

Le guide des communes : D'Reform vun den Rettungsdéngschter hëlt och eng besonnesch Plaz an dësem Mandat an...

Dan Kersch : Ech denken, dass et déi Reform ass, iwwer déi ech am meeschten houfreg sinn. Mer konnten net méi esou weider funktionéiere wéi virdrun; d'Basis selwer huet et gefuerdert...zënter 2006 op d'mannst! Mer hu vill Zäit verluer, ma elo, Enn Mäerz, hu mer e grousse Schratt no vir gemaach mat der Fusioun vun der "Protection Civile" mat de Pompjeeën. Mer schafen eng eenzeg ëffentlech Ariichtung, déi zu gläichem Deel vum Staat a vun de Gemenge finanzéiert an och geréiert gëtt. Mer vereenegen d'Kräfte vun ongeféier 5000 Fräiwëllegen aus dem ganze Land fir déi ugebueden Hëllef ze verbesseren. A vun Ufank un hu mer d'Beruffspompjeeën aus der Stad Lëtzebuerg mat an d'Schëff geholl fir iwwer dës Ännerungen ze diskutéieren. Fir mech bedeit et déi wichtegst Reform vun dësem Ministère an deene läschte 50 Joer!

Le guide des communes : An Är perséinlech Bilanz, wéi gesäit déi aus?

Dan Kersch : Ech war net do, fir Sympathien ze sammelen, ma fir d'Saachen un d'Rullen ze bréngen. Ech hat e ganz kloere Fahrplan an ech hunn deen agehalen. Op meng eegen Art a Weis...

Hei an do sinn ech wuel duerch Ongedold ugëeckt, ma wann ech iergendee sollt getrëppelt hunn, da war et am Sënn fir d'Dossiere weider ze bréngen. Ech war aktiv a pragmatesch, ma, wësst Der, ech si Partant fir e weidert Mandat op dësem Posten. An de Joeren déi kommen, muss een eng kommunal an interkommunal Reform iwwer d'Verwaltungskontroll an d'Weeër leeden. Mer hate leider net Zäit genuch, fir dëst eenzegaartegt Gesetz duerchzebréngen. Mä dat kënnt...

Aktualiséiert