D’Grondsteier an d’Mobiliséierung vun Terrainen a Wunnengen

Déi aktuell Grondsteier (IFON) zu Lëtzebuerg staamt aus den 1930er Joren. Hir Reform ass zanter Joren Deel vun de politeschen Diskussiounen. D’Reform vum IFON ass e Schlësselelement aus dem Moossnamepak fir d’Lutte géint d’wuessend Wunnengsnout zu Lëtzebuerg, deen d’Regierung zesumme mat der Aféierung vun enger Mobiliséierungssteier vun Terrainen (IMOB) a vun enger Leerstandssteier op Wunnengen (INOL) virgeluegt huet.

D’Ziler vum Gesetzprojet

De Koalitiounsvertrag 2018-2023 huet virgesinn, dass “d’Reform vun der Grondsteier, déi der Buedemspekulatioun entgéintwierke soll, un d’Iwwerschaffe vun de PAGe vun der neier Generatioun gekoppelt gëtt. Et gëtt en Abattement op der Grondsteier fir vu Proprietäre selwer bewunnten Immobilien agefouert. D’Reform vun der Grondsteier wäert d’Geleeënheet bidden, fir de System vun der spezifescher Gemengesteier fir d’net-Beleeën oder d’net-Notze vu bestëmmten Immobilië fir de Bau z’ersetzen an ze vereinfachen”.

De Gesetzprojet zur Grondsteier, der Mobiliséierungssteier vun Terrainen an der Leerstandssteier op Wunnenge setzt déi am Koalitiounsvertrag festgeluegte Grondprinzippien ëm an ergänzt se, andeems e sech dës Haaptziler setzt:

  • d’Eliminéiere vun Ongläichheeten, déi duerch déi aktuell Grondsteier verursaacht ginn;
  • d’Schafe vun engem neie Bewäertungsmodell fir Terrainen, mat deem de Wäert vun Terraine fir eng objektiv, transparent a gerecht Besteierung festgeluegt ka ginn;
  • d’Lutte géint d’Wunnengsnout duerch Incitatioune fir Proprietären, hir Terrainen ze mobiliséieren an hir bestoend Wunnengen um Locatiounsmaart zur Verfügung ze stellen.

De Gesetzprojet gesäit doriwwer eraus vir:

  • d’Bäibehale vum kommunale Charakter vun der Grondsteier;
  • d’Steierlaascht op dem Haaptwunnsëtz vun de Proprietären ze reduzéieren;
  • d’spezifesch Gemengesteier fir d’net-Beleeë vu Gebaier duerch eng eenheetlech a méi performant national Steier z’ersetzen;
  • d’Schafe vun engem nationale Regëster vu Gebaier a Wunnengen;
  • d’Mobilisatioun vun Terrainen als Leetinstrument am Kader vum Aménagement du territoire ze benotzen;
  • d’Entwécklung vu performanten IT-Instrumenter, déi eng reegelméisseg a gréisstendeels automatiséiert Aktualisatioun vun der Immobiliëbewäertung erméiglechen.

D’Grondsteier besteiert de Buedem a viabiliséierten oder fir d’Urbanisatioun bestëmmten Zonen, deenen hiren Haaptzweck d’Erriichte vun Immobilien ass. D’Héicht vun der Steier baséiert um inherente Wäert vum Buedem, dee gréisstendeels duerch d’Baupotenzial, a Fonctioun vum Klassement an de PAGen, bedingt ass.

D’Mobiliséierungssteier huet donieft zum Zil, en Ureiz ze schafen, fir och tatsächlech op Terrainen ze bauen, déi fir d’Urbanisatioun virgesi sinn. Soss gëtt d’Mobiliséierungssteier fälleg.

Zu gudder Lescht viséiert d’Leerstandssteier op Wunnengen, fir d’Gebai ze besteieren, dat fir d’Wunne gebaut gouf, awer eidel steet.

Historik vun der Grondsteier

Am Grand-Duché gehéiert d’Grondsteier zu den eelste Steieren, awer och zu deenen, deenen hir Reform am längsten op sech waarde léisst.

D’Grondsteier gouf fir d’éischt an der Éischter Franséischer Republik ënnert der Form vun der “contribution foncière” duerch d’Gesetz vom 3. Frimaire vum Joer VII (23. November 1798) agefouert, wéi d’Land Deel vum “Département des Forêts” war. Hir heiteg Form geet op d’däitscht Grundsteuergesetz (GrStG) vum 1. Dezember 1936 an d’Bewäertungsgesetz (BewG) vum 16. Oktober 1934 zréck. Nom Aféiere vun dësen Texter duerch den däitsche Besatzer am Zweete Weltkrich gouf hiert Bäibehalen duerch den Arrêté grand-ducal vum 26. Oktober 1944 iwwer Steieren, Taxen, Cotisatiounen a Rechter confirméiert.

D’Besteierungsprozedur besteet aus zwou Etappen. Fir d’éischt muss d’Steierverwaltung a regelméissegen Ofstänn d’Besteierungswäerter festleeën, andeems si dem Steierzueler e Bulletin mam Eenheetswäert schéckt. Dono hëlt all Gemeng eemol d’Joer hire Steiersaz un, mat deem de virdru genannten Eenheetswäert multiplizéiert gëtt, ier se dem Steierzueler de geschëlte Steierbetrag a Form vum Grondsteierbulletin matdeelt.

Et huet sech allerdéngs souwuel zu Lëtzebuerg wéi och an Däitschland séier erausgestallt, dass déi periodesch Aktualiséierung vun dëse Bewäertunge mat ganz vill Méi verbonne wär, well si fir all Parzell eenzel a manuell misst duerchgefouert ginn. Dës Neibewäertungen hu sech als sou schwireg erwisen, dass déi den Ament zu Lëtzebuerg benotzte Wäerter zanter 1941 net méi aktualiséiert goufen. An Däitschland, wou déi lescht allgemeng Fixatioun vun de Buedemwäerter op d’Joer 1964 an an der fréierer Däitscher Demokratescher Republik souguer op 1935 zréckgeet, waren dës Bewäertungen Objet vun engem wichtegen Uerteel vum Bundesverfassungsgericht vum 10. Abrëll 2018. D’Karlsruher Riichter hunn zwar festgehalen, dass de Manktem u Representativitéit vun de festgeluegte Buedemwäerter fir sech geholl net géint d’Grondgesetz verstéisst, awer erkläert, dass de Buedembewäertungssystem géint de constitutionelle Grondsaz vun der Gläichbehandlung verstéisst, well en zu enger Ongläichbehandlung vu vergläichbaren Terraine féiert, déi duerch déi vereelzte Buedemwäertappréciatioun ervirgeruff gëtt. Doduerch géif d’däitsch Grondsteier op enger Grondlag berouen, déi géint d’Verfassung verstéisst.

De lëtzebuergesche System, dee mat Ausnam vun de puer Upassungen, zu deenen et am Laf vun de Jore koum, praktesch identesch mat den däitschen Texter ass, gesäit sech dofir deene selwechte Virwërf ausgesat.

Dofir muss de neien System éischtens d’Ongläichheeten eliminéieren, déi op den aktuelle System zréckginn. Wa gewëssen Ënnerscheeder tëscht den eenzelne Gemengen an engem System, an deem d’Gemengenautonomie d’Méiglechkeet vun der Modulatioun vum Steiersaz duerch de Gemengerot bitt, inherent an acceptabel sinn, gëtt et Ënnerscheeder net nëmmen tëscht de Gemengen, mä och bannent enger Gemeng a fir déi nämlecht Zort vu Grondstécker.

Eng nei Formel fir d’Bewäertung vun Terrainen

D’Ambitioun vum Gesetzprojet besteet doran, all d’Terrainen nei ze bewäerten a sécherzestellen, dass bei der Determinatioun vun der Steierbemiessungsgrondlag d’Proportioune vun de Wäerter tëscht dësen Terraine garantéiert bleiwen.

Dee fir dësen Zweck benotzte System muss fair, objektiv an transparent sinn. Bei der Bewäertung vun Immobilië mussen d’Proportioune vun den tatsächleche Wäerter considéréiert ginn, fir dass de System gerecht ass an d’Steier de Prinzip vun der Proportionalitéit a vun der Gläichheet virum Gesetz respektéiert. Wann also d’Wäerter vun zwee Terrainen 250.000€, respektiv 500.000€ sinn, muss e Steierbewäertungssystem erëmspigelen, dass den éischten Terrain duebel souvill wäert ass wéi den zweeten.

Déi nei Formel fir d’Bewäertung vun Terraine berout op der Considératioun vu Facteuren, déi generell als wäertbestëmmend unerkannt sinn, nämlech:

  1. d’Baupotenzial,
  2. d’Notzungsaarten,
  3. d’geografesch Lag,
  4. d’Entwécklungsphas (direkt oder net direkt Disponibilitéit fir d’Bebauen),
  5. d’disponibel Surface,
  6. d’Unzuel un nobäi disponibelen Ariichtungen an Déngschtleeschtungen,
  7. de generelle Präisniveau vun Immobilien.
Erkläerung vun de Facteuren

De Wäert vun enger Immobilië gëtt gréisstendeels duerch hir geografesch Lag, hir Surface wéi och duerch d’Baupotenzial an déi am PAG zougeloosse Notzungsaarte bestëmmt. An dësem Zesummenhank ass ze notéieren, dass nëmmen d’PAGe vun der neier Generatioun, déi op Basis vum geännerte Gesetz vum 19. Juli 2004 iwwert den Aménagement communal an den Développement urbain iwwerschafft goufen, eng automatesch informatesch Erkennung vun deem Potenzial erlaben. D’Reform vun der Grondsteier hänkt deemno vum Ofschloss vum Iwwerschaffe vun de PAGen oder, op d’mannst, vun engem representativen Deel dovun of, fir dass d’Testphase vun den informatesche Programmer op genuch disponibelen Donnéeë baséiere kënnen.

De wichtegste Parameter, deen de Wäert vun engem Terrain bestëmmt, ass seng geografesch Lag a v.a. seng Distanz zur Stad. Tatsächlech confirméieren Etüde vum „Observatoire de l'Habitat“ zanter laangem, dass d’Terrainspräisser, wat d’Distanz zur Stad méi grouss gëtt, exponentiel erofginn. Et gouf sech dofir entscheed, d’Zäit vum Trajet an d’Stad an net d’Distanz ze considéréieren, well dës den Haaptfacteur fir de Choix vum eegene Wunnsëtz duerstellt. Effektiv weisen Terrainen a Gebaier mat enger gudder Accessibilitéit allgemeng méi eng héich Nofro an domat méi héich Terrainspräisser op. Fir d’Representativitéit vun den Donnéeën ze garantéieren, berouen déi am Kader vum Gesetzprojet benotzte Facteuren ë.a. op reellen Donnéeën, déi am Laf vun engem Joer observéiert an extrapoléiert goufen.

Doriwwer eraus erlaabt d’Formel d’Considéréiere vun engem weidere Facteur, nämlech d’Unzuel un den no bei engem bestëmmten Terrain disponibelen Ariichtungen an Déngschtleeschtungen, an déngt als Indicateur fir e weideren domat verbonnene Facteur, nämlech d’Attraktivitéit vun der Uertschaft a Bezuch op d’Distanz tëscht Wunn- a Schaffplaz. Effektiv üübt d’Presenz vun ë.a. Schoulen, Lycéeën oder Akafsméiglechkeeten e signifikativen Afloss op d’Immobiliëpräisser aus.

Zu gudder Lescht erméiglecht d’Formel eng permanent an automatesch Aktualiséierung vun der Steier duerch d’Considératioun vun der Entwécklung vum allgemengen Niveau vun den Immobiliëpräisser, déi op Basis vu reellen Donnéeën determinéiert gëtt, wat et erlaabt ze verhënneren, dass d’besteiert Montanten op Grond vun den Entwécklungen um Immobiliëmaart net méi der Realitéit entspriechen.

Fir déi fir d’Bewäertung vun Terrainen noutwendeg Donnéeën um neiste Stand ze halen, ginn dës Donnéeë periodesch nei bewäert. Sou variéiert beispillsweis d’Dauer vum Trajet an d’Stad jee no Trafic, dee sengersäits vun der Entwécklung vun den Transportinfrastrukturen, dem Populatiounswuesstem, der Notzung vum ëffentlechen Transport oder vun der doucer Mobilitéit, der Entwécklung vum Télétravail asw. ofhänkt.

Den am Gesetzprojet virgesinnene Modell fir d’Bewäertung vun Terraine fir d’Bestëmmung vun der Steierbemiessungsgrondlag gouf vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) wëssenschaftlech iwwerpréift a kalibréiert, deem seng Etüd hei erofgeluede ka ginn.

Déi nei Grondsteier

D’Héicht vun der Grondsteier, déi ze bezuelen ass, hänkt vum Basiswäert vum Terrain, eventuell opgedeelt op e puer Proprietären, dem kommunale Steiersaz an den eventuell z’applizéierenden Abattementen of. Fir dass d’Bierger elo schonn d’Grondsteier, déi si no der Reform bezuele mussen, ofschätze kënnen, huet d’Regierung e Simulator ausgeschafft, deen een duerch e Klick op d’Bild hei drënner opruffe kann.

De Basiswäert vum Terrain gëtt op Grond vun der uewen erkläerter Formel determinéiert. Zu dësem Zäitpunkt kënnen nëmmen Terraine considéréiert ginn, deenen hiert Iwwerschaffe vum PAG ofgeschloss ass.

D’Grondsteier ass eng Gemengesteier a wäert dat och no der Reform bleiwen. D’Gemeng leet de Steiersaz fest, deen tëscht 9% an 11% leie kann. Well de Moment net bekannt ass, wat fir e Steiersaz déi eenzel Gemenge festleeë wäerten, weist de Simulator d’Bandbreet op, an där d’Grondsteier sech bewege kann.

D’Regierung huet och en Abattement fir Proprietäre virgesinn, déi hiren Haaptwunnsëtz op deem Terrain hunn. Dësen Abattement ass Deel vun der Lutte géint d’Wunnéngsnout a soll d’Wunnkäschte fir Steierzueler reduzéieren, déi just Proprietär vun der Immobilië sinn, déi hinnen als Haaptwunnsëtz déngt.

 

D’Recetten aus dëser Gemengesteier wäerte sech op tëscht ca 39 a 47 Milliounen € d’Joer belafen, jee nom kommunale Steiersaz, deen d’Gemenge fir d’Erhiewe vun der Grondsteier festleeën. Zur Erënnerung: 2021 huet d’Grondsteier an hirer aktueller Form Recettë vun ca 39,1 Milliounen € generéiert.

Aféiere vun enger nationaler Steier op d’Mobiliséierung vun Terrainen

Nëmme wéineg Gemengen hunn op d’Instrumenter, déi et op Gemengenniveau gëtt, fir Terrainen ze mobiliséieren, zréckgegraff, v.a. op déi aktuell Grondsteier B6, soudass si ni dee gewënschten Effet erziilt hunn.

Dofir proposéiert d’Regierung, dës lokal Instrumenter duerch eng national Steier op d’Mobilisatioun vun Terrainen z’ersetzen, wat zu enger landeswäit eenheetlecher Situatioun féiert an dëst neit Instrument zu engem contraignanten, an net méi fräiwëllegen, Instrument mécht. D’Steier soll do zum Droe kommen, wou et méiglech ass ze bauen, onofhängeg vun de Propriétéitsverhältnisser an de Kadastergrenzen.

Wann en Terrain eng Gréisst oder Configuratioun huet, déi sech net fir de Bau vu Wunnengen, am Respekt vun de virgeschriwwene Reculen oder Dimensiounen, eegent, gëtt en net besteiert. Och gëtt keng Steier op Terrainen erhuewen, op deene scho Gebaier stinn an op deene keng weider Gebaier kënne gebaut ginn. En Terrain mat engem Rescht u Surface, deen duergeet, fir en neit Gebai ze bauen, och wa schonn e Gebai do ass, gëtt awer besteiert, wann den disponibele Raum net genotzt gëtt.

221005-mint-grondsteier-01-all

 

Dës Steier setzt d’Opstelle vun engem nationale Regëster vun net bebauten Terrainen viraus, an deem all d’Terrainen opgelëscht ginn, déi de PAGen a PAPen no fir d’Bebauen disponibel sinn. Dobäi gëtt tëscht viabiliséierten Terrainen, déi direkt bebaut kënne ginn, an net viabiliséierten Terrainen, déi virdru Voiries- an Aarbechten un ëffentlechen Equipementer erfuerderen, ënnerscheed. Effektiv kann en net viabiliséierten Terrain net sou séier genotzt gi wéi e viabiliséierten Terrain.

De Steiermontant gëtt dann, fir all Kategorie, ugepasst, jee nodeem, wéivill Joer den Terrain net bebaut gouf an ob en an enger, am Sënn vun der Landeplanung, prioritär ze entwéckelnder Uertschaft läit. D’progressiv Entwécklung vum Taux iwwert d’Joren erméiglecht et, den Ureiz fir ze bauen am Laf vun der Zäit z’erhéijen a gläichzäiteg de Besëtzer vum Terrain d’Méiglechkeet ze ginn, d’Bauplanung duerchzeféieren. Wat et méi laang dauert, bis en net-bebauten Terrain bebaut gëtt, wat den Taux méi klëmmt. D’Progressivitéit vum Taux erlaabt et virun allem och dem Bausecteur, fir op eventuell Haussë vun der Demande ze reagéieren an dës z’anticipéieren.

Déi verschidden Tauxen an hir Progressivitéit ginn an dëser Grafik illustréiert:

221005-mint-grondsteier-01-all

 

Zu gudder Lescht plangt d’Regierung d’Aféiere vun engem forfaitairen Abattement pro Kand, dat nach keng 25 Joer huet. Duerch dës Mesure gëtt fir all Kand en Terrain vu raisonnabeler Gréisst vun der Steier befreit, deen de Bau vun engem Eefamilljenhaus erlaabt.

D’Mobiliséierungssteier wäert eng national Steier sinn, där hir Recetten integral un de Stat ginn. D’Steiersäz si progressiv an der Zäit. Deemno sinn och d’Recettë progressiv. Um Ufank vum Akraafttriede vun der Steier wäerten d’Recetten null sinn, ma si wäerte sech am Laf vun der Zäit jee no Mobilisatioun vun den Terraine permanent entwéckelen. Éischte Simulatiounen no wäert d’Steier 5 Joer no hirer Aféierung Recetten an Héicht vu 4 Milliounen € generéieren. No 20 Joer wäerte sech d’Recetten op iwwer 270 Milliounen € belafen.

D’Aféiere vun enger nationaler Leerstandssteier op Wunnengen

D’Aféiere vun enger nationaler Leerstandssteier op Wunnengen ass complémentaire zur Reform vun der Grondsteier an zur Mobiliséierungssteier. Mam Aféiere vun dëser Steier wëll d’Regierung bestoend eidelstoend Wunnenge mobiliséieren.

D’kommunal Leerstandssteier, déi 2008 am Kader vum Pacte Logement 1.0 op fräiwëlleger Basis agefouert gouf, awer net déi gewënschte Resultater bruecht huet, gëtt an Zukunft duerch dës nei national, obligatoresch Steier ersat.

Eng Wunneng gëllt als eidelstoend, wann an engem Zäitraum vu 6 Méint noenee keen am nationale Regëster fir physesch Persounen agedroen ass. D’Gemeng kann nach weider am Gesetz opgezielte Fäll a Betruecht zéien. Et ass d’Aufgab vun der Gemeng, de Leerstand u Wunnraum op hirem Territoire festzestellen an der Steierverwaltung déi néideg Informatiounen ze liwweren. Dës ass da fir d’Fixatioun, d’Erhiewen an d’Andreiwe vun der Steier zoustänneg.

 

Soubal d’Gemeng d’Eidelstoe vun enger Wunneng festgestallt huet, mécht d’Leerstandssteier am 1. Joer 3.000 € pro Wunneng aus. An de Joren dono geet d’Steier ëm 900 € d’Joer bis op e maximale Montant vu 7.500 € erop. Wann d’Wunneng nach ëmmer eidel steet, gëtt dee Montant all Joer fälleg. D’Recetten aus dëser nationaler Steier wäerte sech op ronn 14 Milliounen d’Joer belafen.

D’Erhiewe vun der Leerstandssteier erfuerdert d’Schafe vun engem nationale Regëster vu Gebaier a Wunnengen “RNBL”.

Dat 1. Zil vum RNBL besteet doran, allen Zorte vu Gebaier an all eenzelner Wunneng, déi Deel vun engem Gebai ass, eng eenzeg Identificatiounsnummer zouzeweisen. Dat wäert et de Gemengen erlaben, hir Awunner net nëmmen op enger Adress op hirem Territoire z’enregistréieren, mä och an enger Wunneng, déi un Hand vun hirer nationaler Identificatiounsnummer identifizéiert gëtt. Dat ass indispensabel, fir d’Leerstandssteier op Wunnengen ëmzesetzen.

FAQ : Froen / Äntwerten

Allgemeng Froen
Wee muss d’Steiere bezuelen?

Déi dräi Steiere si jeeweils vun de Proprietäre vun den Terrainen, dem net-bebaute Land, oder dem eidelstoende Wunnraum geschëlt.

Wéi eng Steierzueler gi vun der Steierflicht befreit?

Déi aktuell Ausname vun der Grondsteier ginn am neie System bäibehalen. Sou si beispillsweis de Stat an ëffentlech Promoteuren, Gemengen a Gemengesyndikater oder nach Fondatiounen an Asblen, déi d’utilité publique sinn, vun der Steier befreit.

Kee vun dësen Acteure gëtt allerdéngs vun der Steier op d’Mobiliséierung vun Terrainen oder vun der Leerstandssteier op Wunnenge befreit.

Wee muss d’Steiere bezuelen, wann ech meng Immobilie am Laf vum Joer kafen oder verkafen?

Déi dräi Steiere si jäerlech Steieren, déi op den 1. Januar vum Kalennerjoer fälleg ginn. Ween also op den 1. Januar Proprietär vun engem Terrain ass, muss d’Steier fir dat Joer bezuelen. Bei engem Verkaf am Laf vum Joer kann d’Prise en charge vun der Steier oder vun engem Deel vun der Steier Bestanddeel vun de Verhandlungen iwwert de Verkafspräis sinn.

Wéini ginn d’Steiere fir d’éischt erhuewen?

D’Preparatioun fir d’Ëmsetzung vun dëser Reform erfuerdert wéinst dem Aarbechtsopwand op d’mannst zwee Joer. No der legislativer Prozedur musse ganz komplex IT-Instrumenter fir d’automatesch Berechnung vum Basiswäert, de Regëster vun net-bebauten Terrainen an déi informatesch Ënnerstëtzung fir d’Gemenge bei der Steierfestsetzung programméiert ginn. Et mussen Inventairë vun allen net-bebauten Terrainen an eidelstoende Wunnengen am ganze Land erstallt ginn, fir déi entspriechend Regësteren ze fidderen an opzestellen. Et gëtt geschat, dass d’Entwécklung vum nationale Regëster vu Gebaier a Wunnengen, an deem all d’Gebaier a Wunnengen opgefouert ginn, spéitstens 3 Joer nom Akraafttriede vun den entspriechende Gesetzer ofgeschloss gëtt. Deemno kann d’Applicatioun vum INOL fréistens 12 Méint méi spéit ufänken.

Sollt de Gesetzprojet am Juli 2023, d.h. virum Enn vun der aktueller Legislaturperiod, vun der Chamber gestëmmt kënne ginn, da géiff d’Gesetz fir September 2025 a Kraaft trieden. Mat der Ëmsetzung vun allen néidegen Etappe wäert déi nei Grondsteier also fréistens am Januar 2026 applicabel an domat fréistens 2027 ze bezuele sinn. D’INOL wäert fréistens 2028 ze bezuele sinn. D’IMOB wäert fréistens vu Januar 2026 un applicabel sinn, ma well de Steiersaz an den éischte 5 Joer bei 0% läit, gëtt se eréischt dono fälleg.

Wéi eng Autoritéit ass kompetent fir d’Erhiewe vun de Steieren?

D’Gemeng ass kompetent fir d’Fixatioun, d’Erhiewen an d’Andreiwe vun der Grondsteier wéi och fir d’Feststelle vum Eidelstoen vun enger Wunneng.

D’Steierverwaltung ass kompetent fir d’Fixatioun, d’Erhiewen an d’Andreiwe vun der Mobiliséierungssteier a vun der Leerstandssteier, zu Gonschte vum Stat.

Den Inneministère ass fir d’Fixatioun vum Basiswäert vun den Terrainen zoustänneg. 

Grondsteier (IFON)
Wéi wäert den Abattement op der IFON fonctionnéieren?

Den Abattement bezitt sech op den Haaptwunnsëtz vum Steierzueler. All Proprietär-Résident kritt en Abattement vun 2.000 € um Basiswäert vum Terrain vu sengem Haaptwunnsëtz, deen am kommunale Regëster vun de physesche Persounen deklaréiert ass, wat zu enger Steierreductioun vun tëscht 180 an 220 € féiert.

Der Gefor, dass den Abattement d’Grondsteier fir verschidde Steierzueler op null oder bal null reduzéiert, obwuel et keen objektive Grond gëtt, fir se komplett vun där Steierlaascht ze befreien, gëtt duerch zwou Virkéierungen entgéintgewierkt. Dës Gefor besteet v.a. bei Copropriétéiten, bei deenen de Basiswäert vun engem eenzegen Terrain op eng grouss Unzuel u Steierzueler opgedeelt gëtt, déi eventuell all en Abattement an Usproch huele kënnen.

Sou gëtt keen Abattement applizéiert, wann dësen dozou féiert, de Basiswäert vun engem Terrain fir de concernéierte Steierzueler op ënner 500 € ze reduzéieren.

Och gëtt keen Abattement applizéiert, wann de Basiswäert fir de Steierzueler vun Ufank un ënner 500 € läit.

Wat ass mam Abattement fir Gebaier, déi als Kulturierwe klasséiert sinn?

De Gemengerot kann décidéieren, e weideren Abattement op de Basiswäert vun Terraine z’applizéieren, wou d’Gebai als nationaalt oder kommunaalt Kulturierwe klasséiert ass. Dësen Abattement gëtt agefouert, well d’Erhale vum kulturellen Ierwen e wichtegt Zil vun der Regierungspolitik ass, mä am Numm vum generellen Intressi méiglecherweis verhënnert, dass dat theoretesch disponibelt Baupotenzial vun engem Terrain komplett realiséiert gëtt.

Dësen Abattement kann net applizéiert ginn, wann en de Basiswäert vun engem Terrain fir de concernéierte Steierzueler op ënner 500 € dréckt oder wann de Basiswäert fir de Steierzueler vun Ufank un ënner 500 € läit.

Firwat si Gréngzone vun der IFON befreit?

Traditionell belafe sech d’Steierrecetten aus der IFON fir déi ronn 360.000 Parzellen a Gréngzonen op ronn 1,4 Milliounen € d’Joer, bei Totalrecettë vun enge 40,5 Milliounen €. Dee mat der Berechnung an der Erhiewung vun der Steier fir dës Parzelle verbonnene Verwaltungsopwand steet also offensichtlech a kenger Relatioun zu de realiséierte Recetten.

Donieft féiert e Berechnungsmodus, deen exklusiv un de Buedemwäert gekoppelt ass a Gebaier ausschléisst, dozou, dës Recetten nach weider ze reduzéieren. Och wann et offensichtlech ass, dass en Haus an enger Gréngzon e considérable Maartwäert kann hunn, ass festzehalen, dass sech dëse Wäert bal exklusiv aus dem Gebai ergëtt an net aus dem Buedem, op deem et steet, obwuel d’Baupotenzial a Gréngzonen am Prinzip négligeabel ass. An der systemescher Logik, déi dem Gesetzprojet inherent ass, ass de Buedemwäert vun engem Terrain an enger Gréngzon dofir extrem geréng.

Op Grond vun den négligeable Recetten an der Dispoportioun, déi sech par rapport zum Verwaltungsopwand ergëtt, gouf dofir op d’Besteierung vun Terrainen a Gréngzonen verzicht.

Firwat zitt d’Grondsteier d’Bauten op den Terrainen net a Betruecht?

Virop bleift de Gesetzprojet dem Konzept vun enger Grondsteier am strikte Sënn vum Wuert trei, d.h. der Besteierung vun Terrainen a vum Buedem, ouni an d’Logik vun enger méi allgemenger Immobiliëbesteierung ze verfalen, déi och Gebaier considéréiert (wéi z.B. de “Précompte immobilier” an der Belsch).

Dann ass dës Léisung e Choix, deen aus Grënn vun der Vereinfachung a vun der Praktikabilitéit vum IFON-System getraff gouf. Déi op de Buedem limitéiert Besteierung kann u relativ einfach z’iwwerpréifend Parametere gebonne gi, wéi d’Baupotenzial, dat sech aus den urbanistesche Virschrëften ergëtt, oder nach d’geografesch Lag. Et gëtt awer keen zouverlässege Moyen, fir fir all existent Gebaier déi respektiv bebaute Surface festzestellen, well et de Moment keng disponibel digital Informatiounen dozou gëtt. E Relevé vun dëse Bauten a vun hire Verännerunge misst dofir manuell an individuell fir all Parzell erstallt ginn. D’Experienz mam aktuellen Eenheetswäert vun der Grondsteier huet awer souwuel zu Lëtzebuerg wéi och an Däitschland d’Grenze vun engem System opgezeechent, dee schwiereg manuell Aktualiséierungen erfuerdert. Dës Iwwerleeung ass ëmsou méi wichteg, well de Gesetzprojet zum Zil huet, e gréisstendeels informatiséierten an automatiséierte Bewäertungsmodell anzeféieren, deen e Minimum u Maintenance an u Verwaltungsopwand erfuerdert.

Zu gudder Lescht kann ëmmer méi dacks festgestallt ginn, dass de Wäert vun enger Immobilie wesentlech dem Wäert vum Buedem entsprécht, dee v.a. vu senger geografescher Lag an deem domat verbonnene Baupotenzial ofhänkt, an net vun där dorop erriichter Constructioun, ausser am Fall vun der Gréngzon, wou dës Relatioun ëmgedréit ass.

Firwat gi bei der Bewäertung vun Terrainen net einfach reell Verkafspräisser benotzt?

Et goufen alternativ Bewäertungsmanéieren a -facteuren évaluéiert, wéi e System, dee sech op déi an den Notairesakte festgehale Verkafspräisser fir Immobilië konzentréiert. Sou en Usaz huet de Virdeel, dass en op reellen Donnéeë berout, déi ewell all Joer fir statistesch Zwecker erhuewe ginn. En huet awer en décisiven Nodeel, an zwar de Manktem u Representativitéit. Et kënnt nämlech regelméisseg vir, dass an enger Gemeng d’ganzt Joer iwwer keen Terrain verkaf gëtt, soudass d’disponibel Donnéeë reegelméisseg onkomplett oder net aktuell sinn. Donieft ka sech de Verkafspräis vun engem Terrain op enger bestëmmter Plaz an der Gemeng als wéineg representativ fir de Wäert vun engem Terrain op enger anerer Plaz an därselwechter Gemeng erweisen, ofgesinn dovun, dass de Verkafspräis net exklusiv op objektiven, mä och op subjektive Kritäre berout, wéi z.B. de Prestigecharakter vun der Plaz oder den eventuell emotionale Lien vum Keefer mam Gebai. D’Auteure vum Gesetzprojet hunn dofir sou en Usaz verworf.

Firwat erfuerdert déi nei IFON am Virfeld d’Entwécklung vu Computerprogrammer?

Op Grond vun der Experienz mat der Aktualiséierung vum Eenheetswäert fir e puer honnertdausend Parzellen, déi sech souwuel zu Lëtzebuerg wéi och an Däitschland als illusoresch erwisen huet, muss den neie System an der Lag sinn, déi onvermeidlech Schwankunge vum Immobiliewäert mat engem Minimum u Verwaltungsopwand a Betruecht ze zéien. Sou muss de préconiséierte System souwäit wéi méiglech automatiséiert an informatiséiert sinn, fir schwiereg an am Vergleich mat de realiséierte Recetten disproportionnéiert manuell Bewäertungen an Aktualiséierungen z’évitéieren.

Déi erfuerderlech Instrumenter mussen an der Lag sinn, d’Parametere vun der Bewäertungsformel zouverlässeg op all d’Spezifissitéiten z’applizéieren, déi an der Realitéit optriede kënnen, d.h. op déi ronn 300.000 Parzellen, déi ganz oder zum Deel a viabiliséierten oder fir d’Urbanisatioun destinéierte Gebidder leien. Op en informatiséierten an automatiséierte System ze setzen erlaabt laangfristeg ganz grouss Aspuerungen, v.a. bei de Personalressourcen, woufir d’Regierung dës Approche préconiséiert.

Mobiliséierungssteier vun Terrainen (IMOB)
Wéi wäert den Abattement pro Kand op der IMOB fonctionnéieren?

Dësen Abattement gëtt op de Basiswäert vum net-bebauten Terrain vum Steierzueler fir jiddereent vu senge Kanner ënner 25 Joer applizéiert.

Fir z’évitéieren, dass déi zwee Elterendeeler, déi jeeweils en net-bebauten Terrain hunn, alle béid de vollen Abattement kréien, wat iwwert d’Finalitéit vum Abattement erausgoe géif, gëtt den Abattement an deem Fall zu gläichen Deeler op d’Elteren opgedeelt.

Wann et méi Kanner a méi net-bebauten Terraine gëtt, gëtt den Abattement op den net-bebauten Terrain mam héchste Mobiliséierungstaux applizéiert asw.. Den Abattement kann ni zu engem negative Basiswäert féieren. Wann den Abattement awer net komplett absorbéiert gëtt, well de Basiswäert net op null ka reduzéiert ginn, gëtt de Reschtbetrag vum Abattement op den nächsten Terrain iwwerdroen, fir deen et en Abattement ka ginn.

Steierzueler, déi nach keng 25 Joer al sinn, kréien deeselwechten Abattement. Soss géife Persounen, déi selwer Steierzueler ënner 25 Joer sinn, am Verglach mat Steierzueler mat engem oder méi Kanner am nämlechten Alter ongläich behandelt ginn. An dësem Fall kënnen d’Elteren den Abattement net méi fir en aneren Terrain an Usproch huelen.

Dës Grafik weist de Fonctionnement vun dësem Abattement un Hand vun engem konkreete Beispill:

221005-mint-grondsteier-SoMe
Leerstandssteier op Wunnengen (INOL)
Firwat eng national Leerstandssteier op Wunnengen aféieren?

An Zäite vu Wunnengsknappheet ass d’Mobiliséierung vun existenten, eidelstoende Wunnengen essentiell. Sou gouf schonn 2008 mam sougenannte Pacte Logement 1.0 eng Steier op eidelstoende Wunnengen agefouert. D’Gemengen hunn zanterhier d’Méiglechkeet, eng spezifesch Steier op net-beluegte Gebaier z’erhiewen, déi fir d’Wunnen oder d’Ënnerbrénge vu Persoune bestëmmt sinn.

D’Experienz huet gewisen, dass dëst Instrument nëmme vun 8 Gemenge genotzt gouf. Op Grond vun deem Constat huet d’Regierung décidéiert, eng national Leerstandssteier op Wunnengen anzeféieren. Anescht wéi déi aktuell spezifesch Gemengesteier wäert d’Erhiewe vun dëser jäerlecher Steier obligatoresch sinn, an déi fir d’Identificatioun vun eidelstoende Wunnengen erfuerderlech Instrumenter gi vum Stat gestallt. D’Zil vun dëser Steier bleift et, all eidelstoend Wunnengen ze mobiliséieren, fir zur Lutte géint de Wunnengsmanktem bäizedroen.

Wat fir Wunnenge gëllen als eidelstoend?

Als eidelstoend gëlle Wunnengen, an deenen iwwer en Zäitraum vu 6 Méint noeneen kenger Persoun hire Wunnsëtz am nationale Regëster fir physesch Persounen gemellt ass.

Et ass d’Gemeng, déi dëst feststellt.

Donieft kann d’Gemeng och d’Eidelstoen vu Wunnengen iwwerpréifen:

  • Wunnengen, déi vu baussen delabréiert ausgesinn, wouduerch vun engem Manktem un Entretien kann ausgaange ginn; oder
  • déi net déi fir d’Notzen als Wunneng onerlässlech Miwwelen hunn; oder
  • deenen hire Verbrauch vun Drénkwaasser- oder vun Energie iwwer eng Period vun op d’mannst 6 Méint noenee festgestallt gouf, deen ënner engem Minimalverbrauch läit; oder
  • fir déi keng Offalltax bezuelt gouf.

Natierlech kënnen d’Proprietäre legitim Grënn hunn, firwat bestëmmte Wunnengen eng Zäit eidelstoend sinn, z.B. wéinst Reparatur-, Verbesserungs-, Bau- oder Ëmbauprojeten, déi fir d’Notze vun der Wunneng néideg sinn.

Wéi ginn „Zweetwunnengen“ a „Weekendhaisercher“ behandelt?

Wunnengen, déi als „Zweetwunneng“ oder „Weekendhaischen“ genotzt ginn, an déi ausserhalb vum Bauperimeter leien, si vun der Leerstandsteier befreit, well si net als Haaptwunnsëtz dénge kënnen.

Wunnengen, déi als „Zweetwunneng“ oder „Weekendhaischen“ genotzt ginn, an déi am Bauperimeter leien, sinn net vun der Leerstandsteier befreit, ausser de Steierzueler kann d’Vermutung, dass d’Wunneng net beluecht ass, widderleeën.

Et ass ze beuechten, datt d’Begrëffer „Zweetwunneng“ oder „Weekendhaischen” keng offiziell Begrëffer sinn.

Wat fir Méiglechkeete gëtt et, fir eng eidelstoend Wunneng nees ze beleeën?

D’Wunneng gëllt nees als beluegt an d’Steier ass net geschëlt, wann eng oder méi Persounen hire Wunnsëtz do hunn an am Regëster vun de physesche Persounen agedroe sinn. De Proprietär kann d’Wunneng selwer beleeën, se zu Wunnzwecker zur Verfügung stellen, ë.a. duerch en normale Bail oder andeems hien op d’Gestion locative sociale zréckgräift (GLS).

D’GLS huet vill Virdeeler, an zwar: e garantéierte Loyer, eng Steierbefreiung um Loyer, d’Betreiung vum Bewunner an den Entretien vun der Wunneng duerch e Partner, dee mam Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung eng Konventioun ofgeschloss huet. D’GLS huet fir de Proprietär v.a. de Virdeel, dass eng sozial orientéiert Agence d’Locatioun vun der Immobilie iwwerhëlt.

La Gestion locative sociale en détail

Firwat muss d’Gemeng d’Eidelstoe vun enger Wunneng feststellen?

D’Gemeng ass am beschte placéiert, fir den Zoustand vu Wunnengen op hirem Territoire festzestellen an op der Plaz déi vun de Proprietäre genannte Grënn fir d’Eidelstoen z’iwwerpréifen.

Fir dass d’Gemengen d’eidelstoend Wunnengen identifizéiere kënnen, gëtt en nationale Regëster vun de Gebaier a Wunnenge geschafen. Dëse Regëster wäert et erlaben, all Wunneng eng eenzeg Identificatiounsnummer zouzeweisen. An Zukunft mussen d’Gemengen hir Awunner net nëmmen op enger Adress op hirem Territoire enregistréieren, mä och an enger Wunneng, déi un Hand vun hirer Identificatiounsnummer identifizéiert gouf.

Eidelstoend Wunnenge ginn an e kommunale Regëster vun eidelstoende Wunnengen agedroen, dee vun der Gemeng, an där sech d’Wunning befënnt, gefouert gëtt.

D’Feststellung, dass eng Wunneng net-beluegt ass, ass eng Verwaltungsdécisioun, géint déi de Proprietär vun der Wunneng Recours aleeë kann.

Nationale Regëster vu Gebaier a Wunnengen (RNBL)
Firwat en nationale Regëster vu Gebaier a Wunnenge schafen?

D’Schafe vun engem nationale Regëster vu Gebaier a Wunnengen (RNBL) stellt a ville Beräicher eng effektiv Plus-value duer, sief et fir statistesch Zwecker, wëssenschaftlech Fuerschung, Planungs- oder Steierzwecker vun der nationaler a kommunaler Verwaltung. De Moment ass et net méiglech, all d’Gebaier an eenzel Wunnengen an engem Gebai kloer z’identifizéieren. Dat stellt eng zolidd Contrainte fir eng effikass a modern Gestioun vun den administrativen, techneschen oder souguer steierlechen Donnéeën duer, déi mat dëse Gebaier a Verbindung stinn.

Ee Beispill ass d’Gestioun vu Wunnengen, déi pro Zëmmer verlount ginn, déi sougenannt Cafészëmmeren. Dës Locatiounen ënnerleie bestëmmte spezifesche Konditiounen am Zesummenhank mat hirem Equipement. D’Proprietäre musse sou eng Locatioun bei der Gemeng umellen an d’Zuel vun den Zëmmeren uginn, déi verlount ginn. D’Gemengeverwaltung préift, ob d’gesetzlech Virschrëften agehale ginn. Dës Iwwerpréifung ass bei Gebaier mat e puer Wunnenge schwéier, bei deenen d’Gemeng méiglecherweis net an der Lag ass, déi genee Wunneng z’identifizéieren, a si kann d’Bewunner eventuell op enger Adress, awer net an enger bestëmmter Wunneng enregistréieren.

Den RNBL wäert deemno dozou bäidroen, eng grouss Zuel vu legalen an administrativen Aufgabe souwuel op kommunalem wéi och op nationalem Niveau z’erfëllen an z’erliichteren. V.a. wäert en eng besser Begleedung vun der Ëmsetzung vun der Législatioun iwwert d’Salubritéit an d’Locatioun vu (miwwléierten) Zëmmeren an d’Aféiere vun der Leerstandssteier erméiglechen.

Den RNBL wäert nom Virbild vum nationale Regëster fir physesch Persounen (RNPP) an enker Zesummenaarbecht mat de Gemengeverwaltungen an dem Kadaster, deen als statlech Verwaltung fir d’Zentraliséieren zoustänneg wäert sinn, fonctionnéieren.

Dat éischt Zil vum RNBL besteet doran, allen Zorte vu Gebaier an all separater Wunneng, déi Deel vun engem Gebai ass, eng eenzeg Identificatiounsnummer zouzeweisen.

Initialisatioun vum nationale Regëster fir Gebaier a Wunnengen

Wat ass de Montant vun der Steier?

Am éischte Joer beleeft sech d’Leerstandssteier op 3.000 € pro Wunneng. An de Joren dono geet d’Steier ëm 900 € d’Joer bis op e Montant vu 7.500 € erop. Wann d’Wunneng dono nach ëmmer net beluegt ass, ass dëse Betrag all Joer geschëlt.

Wann d’Wunneng nees beluegt ass, ass d’Steier net méi geschëlt.

Wäert et eng Statistik iwwert d’Unzuel un eidelstoende Wunnenge ginn?

Jo.

D’Aféiere vun der Steier mécht d’Schafe vun engem Gemengeregëster néideg, an deem déi eidelstoend Wunnengen erfaasst ginn an dat méi spéit der Steierverwaltung iwwermëttelt gëtt. Dëse Regëster wäert och dozou dingen, national Statistiken iwwer eidelstoend Wunnengen z’erstellen.

Aktualiséiert