Coronavirus: COVID-19

Deeglechen Point de situation

Deeglech COVID-19 Situatioun : Unzuel vun den PCR Tester; positiv getest Persounen; Hospitalisatiounen; Stierffäll; Suivi vun der Pandemie

Grafiken Deeglechen Rapports Rapports vun der Woch

6.601 Unzuel vun den ausgefouerten PCR Tester
  • Pro 100.000 Awunner: 1.054
140 Op COVID-19 positiv getest Persounen
  • Pro 100.000 Awunner: 22,36
35 Hospitalisatiounen
  • Normalstatioun: 33
  • Intensivstatioun: 2
128 Stierffäll
  • Nei Stierffäll: 0
  • Total vun den Stierffäll: 128
Suivi vun der Pandemie
  • Reproduktiounstaux RT effectif: 1,10
  • Positivitéitstaux: 2,12

Source: COVID-19 research Taskforce

Prezisioun zu de Statistiken

D’Gesetz iwwert déi obligatoresch Deklaratioun vun ustiechende Krankheete schreift de Laboratoirë genee Delaie vir, bannent deenen d‘Tester op verschidden ustiechend Krankheeten ze melle sinn. Beim Covid-19 muss d’Resultat vum PCR-Test bannent engem Dag un d’Inspection sanitaire goen. Mee deen Delai kann net ëmmer agehale ginn an et kënnt vir, datt Laboratoiren d’Resultater vu PCR-Tester eréischt no e puer Deeg eraginn. Dofir mussen an esou Fäll nodréiglech d’Statistiken um Site www.covid19.lu verbessert ginn.

Et ass och wichteg ervirzehiewen, datt d’Statistik, déi all Dag publizéiert gëtt, d’Situatioun vum Dag virdru beschreift.

Source: COVID-19 research Taskforce

Nächst Aktualiséierung: 08.10.2020 tëschent 17:30 - 18:00

De Weekend an d’Feierdeeg limitéiert sech d’Mise à jour op dës drei Zuelen:

  • Unzuel vun den ausgefouerten Tester
  • Op COVID-19 positiv getest Persounen
  • Stierffäll

KONDITIOUNEN A MESUREN DÉI AM AKTUELLE GESETZ VIRGESI SINN

Preventiounsmesurë fir Restauranten, Caféen, Kantinnen an aner Plazen, wou Catering ugebuede gëtt
  1. Nëmme Sëtzplaze sinn erlaabt;
  2. maximal 10 Leit pro Dësch (ausser et si Leit aus deem selwechte Stot);
  3. d'Dëscher mussen 1,5m ausernee stoen oder, wann et manner ass, duerch eng Barrière oder e Panneau getrennt sinn;
  4. de Client muss eng Mask undoe wann en net sëtzt;
  5. et gëllt och Maskeflicht fir d'Personal, dat mam Client a Kontakt ass;
  6. d'Lokal muss spéitstens um Mëtternuecht zoumaachen;
  7. et dierf nëmmen op den Dëscher consomméiert ginn (ausser Takeaway oder Liwwerungen).

Bei engem Verstouss géint d'Virschrëften ënnert 1°, 3° a 6° riskéiert déi responsabel Persoun e Protokoll vu bis zu 4.000€.

Bei engem 2. Verstouss gëtt de Protokoll verduebelt an d'Autorisatioun fir d'Etablissement ka fir 3 Méint suspendéiert ginn. Firmaen déi fir en 2. Verstouss bestrooft ginn, kënnen och keng finanziell Hëllef vum Staat am Kader vun der Pandemie kréien.

Bei engem Verstouss géint d'Virschrëft 7° riskéiert de Client e Protokoll vu bis zu 500€. 

Sécherheetsmesuren

1° Maskeflicht gëllt bei all Aktivitéit dobannen, déi fir de Public op ass, an och am ëffentlechen Transport (ausser fir de Chauffer, wann deen 2m vun de Passagéier ewech ass oder duerch e Panneau vun de Passagéier getrennt ass).

Dëse Prinzip huet e puer Ausnamen, z. B.:

  • Wann d'Ausübe vun der Aktivitéit selwer net mam Droe vun enger Mask kompatibel ass (da musse vum Organisateur aner Sécherheetsmoossname getraff ginn);
  • Kanner ënner 6 Joer;
  • Leit déi opgrond vun engem Handicap vun der Maskeflicht entbonne ginn;
  • Leit wärend der Ausübung vun enger kultureller oder sportlecher Aktivitéit.

 

2° Versammlunge vu Persounen doheem oder bei privaten Evenementer, dobannen an dobaussen, mussen op 10 Leit limitéiert ginn, ausser:

  • et si Leit aus dem selwechte Stot;
  • fir Versammlungen an engem Restaurant, Café, enger Kantin an anere Plaze wou Catering ugebuede gëtt; hei gëllen d'Bestëmmunge fir den Horeca-Beräich.

bei all ëffentleche Versammlunge mat méi wéi 10 Leit mussen d'Leit Sëtzplaze mat 2m Distanz hunn. Wann déi 2m net respektéiert kënne ginn, ass d'Mask obligatoresch. D'Mask muss och vum Peronsal gedroe ginn a wann d'Leit net sëtzen. (Ausname ginn et hei awer z. B. fir d'kulturell oder sportlech Acteure wärend der Aktivitéit, Leit déi bei Schoulaktivitéite matmaachen. Sëtzplaze sinn net obligatoresch bei Manifestatiounen, Begriefnesser, Foiren, Mäert oder Salonen wou Leit zirkuléieren).

4° D'Konditioune vun der Distanz a vum Mask gëllen net fir Kanner ënner 6 Joer, fir Leit aus dem selwechte Stot unnen.

Bei engem Verstouss géint dës Virschrëfte riskéiert d'Persoun e Protokoll vu bis zu 500€.

http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2020/07/17/a624/consolide/20200725

 

Quarantän an Isolatioun

De Contacttracing ass eng ëffentlech Gesondheetsmoossnam wou et drëm geet, fir esou séier wéi méiglech déi Persounen z'identifizéieren, déi mat enger positiv getester Persoun a Kontakt waren. Fir eng Iwwerdroung an der Bevëlkerung z'evitéieren ginn déi identifizéiert Persounen a Quarantän gesat.

Et muss een tëschentt Isolatioun a Quarantän ënnerscheeden:

  • D'Isolatioun gëllt fir eng Persoun déi positiv op COVID-19 getest ginn ass,
  • wärend d'Quarantän fir Persoune gëllt, déi mat enger positiv getester Persoun a Kontakt waren.

Bei engem Verstouss géint d'Ordonnance vun der Isolatioun oder der Quarantän riskéiert d'Persoun e Protokoll tëschent 25 a 500€. 

DE CORONAVIRUS  

Definitioun

D’Coronavire (CoV) bilden eng grouss Famill vu Viren déi Unzeeche vun engem einfache Schnapp bis hin zu méi schlëmmen Otemkrankheete wéi de Middle East Respiratory Syndrome (MERS) oder de Severe Acute Respiratory Syndrome (SARS) kënnen ausléisen. Een neie Coronavirus (nCov) ass eng nei Zort vu Coronavirus, déi bis ewell nach net beim Mënsch nogewise gouf.

De COVID-19 ass déi ustiechend Krankheet, déi ausgeléist gëtt vum leschte Coronavirus, deen entdeckt gouf (SARS-COV2). Dësen neie Virus an dës Krankheet waren net bekannt bis zum Ausbroch an der Verbreedung zu Wuhan (China) am Dezember 2019. 

D'Infektioun COVID-19 verleeft an 80 % vun de Fäll harmlos. Allerdéngs ass et wichteg fir verschidde Virkéierungen ze treffe fir datt de Virus sech net esou séier an der Populatioun a besonnesch bei ufällegen an zerbriechleche Persoune verbreede kann.

Wat ass eng Pandemie?

Obwuel et keng allgemeng Definitioun gëtt, kann ee soen, datt eng Pandemie eng aussergewéinlech an ustiechend Krankheet ass, déi net séier verschwënnt, déi sech séier iwwer d'ganz Welt verbreet an e groussen Deel vun der globaler Bevëlkerung betrëfft.

Den 11. Mäerz 2020 huet d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO d’Epidemie COVID-19 zur Pandemie deklaréiert.

Wéi iwwerdréit de Coronavirus sech?

De COVID-19 gëtt iwwerdroe vu Persounen, déi de Virus a sech droen. D'Krankheet ka vun enger Persoun op déi aner iwwerdroe ginn duerch ganz kleng Partikelen, sougenannten Aerosollen, oder kleng Drëpsen, déi beim Ootmen entstinn, an duerch d'Nues oder de Mond ausgestouss ginn, wann eng Persoun houscht oder néitscht.

Et ass méiglech, sech mam COVID-19 unzestiechen, andeems een Aerosollen oder kleng Drëpse vun enger kranker Persoun, déi houscht oder néitscht, anotemt. Dofir ass et wichteg, en Ofstand vun iwwer zwee Meter zu enger Persoun ze halen, déi krank ass, an déi allgemeng Moossname vun der Hygiène ze respektéieren. Déi kleng Drëpse kënne eng gewëssen Zäit op Objeten oder Uewerflächen ronderëm déi betraffe Persoun erëmfonnt ginn. Et kann ee sech mam COVID-19 ustiechen, wann een dës Objeten oder Uewerfläche beréiert an dono seng Aen, seng Nues oder säi Mond upeekt.

Kann de Coronavirus sexuell iwwerdroe ginn?

De COVID-19 ass net sexuell iwwerdrobar. Allerdéngs verbreet de Virus sech iwwer Sekret aus den Otem a kann duerch den direkte Kontakt tëscht de Leit iwwerdroen ginn. Dat ass duerchaus de Fall beim Geschlechtsverkéier, falls ee vun de Partner mam Virus infizéiert ass.

Kënnen Hausdéieren de COVID-19 iwwerdroen?

Et ass net bewisen, datt Hausdéieren ewéi Hënn oder Kazen den neie Coronavirus iwwerdroen.

Mee et ginn e puer Fäll vun infizéierte Kazen, an de Vereenegte Staate virun allem; dofir soll ee  seng Kazen esou wäit ewéi méiglech dobannen halen a vermeiden, datt se a Kontakt komme mat Persounen, déi net am selwechte Stot wunnen.

Wien en Hond huet, soll dorobber oppassen, datt den Hond baussent dem Haus dee selwechte Sécherheetsofstand anhält ewéi d’Mënschen.

Der Weltgesondheetsorganisatioun no ass de predominante Wee, fir d’Krankheet ze iwwerdroen, dee vu Mënsch zu Mënsch.

Déieren a Mënschen hu muenchmol déi selwecht Krankheeten. Dofir solle Leit, wann se de Covid-19 hunn, den enke Kontakt mat hiren Hausdéieren evitéieren an se an där Zäit wa méiglech vun anere Leit versuerge loossen.

SECH SELWER AN ANERER SCHÜTZEN

Wéi muss ech mech verhalen fir mech esou wéineg ewéi méiglech a Gefor ze bréngen?

Och wann d’Regierung zanter dem 20. Abrëll no an no d’Sécherheetsmesure reduzéiert huet, dann heescht dat net, datt kee Risiko méi do ass, sech mam Virus ze infizéieren. Esou laang ewéi et keen effikassen Traitement a keng Impfung gëtt, musse mir léieren, mam Virus ze liewen.

Dofir gëllt et nach ëmmer, Är Sortien an Är Kontakter ze limitéieren, d’Sécherheetsmoossnamen, Gestes barrière ze respektéieren an d’Mask opzedoen, esoubal ee keng Distanz vun zwee Meter zu Leit, déi net mat engem am selwechte Stot wunnen, kann anhalen.

Fir all d’Persounen ze fannen, déi kéinten ugestach sinn, sollt Dir eng Lëscht vu Persounen opstellen an aktualiséieren, mat deenen Dir an der Lescht Kontakt hat (Familljememberen, Frënn, Noperen, Kolleegen asw.)

NetOuniMengMask

Den Deconfinement setzt dräi Prinzippie viraus:

  • déi eege Responsabilitéit,

  • d’Solidaritéit ënnereneen a virun allem géintiwwer ufällege Persounen,

  • d’Disziplin, fir d’Sécherheetsmoossname streng anzehalen.

Wat muss ech maache fir mech ze schützen a fir ze verhënneren, datt ech mech ustiechen?

Et gëllen déi nämmlecht Virsiichtsmoossname bei all anerer Infektioun vun den Otemweeër och.

  1. Dat Allerwichtegst: Wäscht Iech reegelméisseg a richteg d'Hänn.
  2. Dir houscht oder néitscht? Maacht dat an een Nuesschnappech aus Pabeier oder an den Ielebou a geheit d'Nuesschnappech nom Gebrauch an eng Dreckskëscht mat engem Deckel.
  3. Verzicht drop anere Leit d'Hand ze ginn oder se op de Bak ze këssen.
  4. Bleift doheem wann Dir krank sidd! Gidd net schaffen!
  5. Evitéiert den noe Kontakt zu kranke Leit (haalt een Ofstand vun op d'mannst 2 Meter)
  6. Vermeit et esouvill wéi méiglech fir Äert Gesiicht mat Ären Hänn ze beréieren.
  7. Limitéiert Är Déplacementer op dat Néidegt.
  8. D’Mask ass komplementar zu de Gestes barrière.
Wéini soll een eng Mask undoen?

Kanner ënner 6 Joer brauche keng Mask ze droen. Kee Kand brauch eng Mask, wann et un Aktivitéiten am Kader vu formaler oder net formaler Bildung matmécht.

Persoune mat spezifesche Besoinen, déi opgrond vun hirem Handicap keng Mask kënnen undoen, falen net ënnert d'Maskeflicht, ënnert der Bedéngung, datt si aner sanitär Mesuren ëmsetzen, fir d'Verbreedung vum Virus ze verhënneren. E medizineschen Attest bestätegt d'Onméiglechkeet, fir eng Mask opzedoen.

D'Chaufferen am ëffentlechen Transport brauche keng Mask opzedoen, wann tëschent hinnen an de Passagéier eng Distanz vu wéinstens zwee Meter besteet oder wa si duerch e Panneau vunenee getrennt sinn.

Wann eng Aktivitéit wéinst der Mask net méiglech ass (z. B. Gesiichtsfleeg), da mussen aner Mesuren ëmgesat ginn, fir eng Ustiechung ze verhënneren. Sou kann d'Personal eng Visière a Kombinatioun mat enger Mask, oder eng FFP2-Mask bei der Betreiung vum Client undoen.

Reliéis, kulturell a sportlech Acteure brauche keng Mask, wann si hir Aktivitéit ausüben.

Kënne Plastiksvisièren d'Masken ersetzen?

Nee, Plastiksvisièren schützen d’Aen, mee net d’Nues an de Mond. Dofir ass eng Visière eleng keen effikasse Schutz géint de Coronavirus.

Déi Masken, déi un d’Awunner an un d’Frontaliere verdeelt ginn, kënnen net gewäsch ginn an si mussen an d’Dreckskëscht gehäit ginn, nodeems ee se maximal 8 Stonnen ophat. Op de Këschte stinn de Produktiounsdatum an de Verfallsdatum am internationale Format: Joer/Mount/Dag.

Selwer gebitzte Masken aus Stoff, Schalen oder Dicher kënne méi dacks benotzt ginn, ënnert der Konditioun, datt se all Dag nom Gebrauch mat 60 Grad gewäsch ginn.

Fir méi driwwer gewuer ze ginn, wéi ee richteg mat deene Masken ëmgeet, zéckt net, d' Recommandatiounen   ze liesen.

Eng Mask ze droen ass just een zousätzleche Geste barrière, well si d’Verbreedung vun deene klengen Drëpse verhënnere kann, déi de Virus iwwerdroen. Mee esou eng Mask kann de Risiko erhéijen, fir sech unzestiechen, wann een net richteg domadder ëmgeet. Dofir huet d’Weltgesondheetsorganisatioun festgehalen, datt d’Virschrëft fir déi ganz Populatioun, esou eng Mask unzedoen, just da justifiéiert ass, wann déi aner Geste-barrièren net oder just schwéier ëmzesetze sinn.

#NetOuniMengMask

Eng Mask iwwert engem Baart: geet dat?

Op jiddwer Fall muss d’Mask gutt a fest um Gesiicht sëtzen, soss ass net sécher, datt se och eppes déngt. De Baart muss propper sinn an, wann e laang ass, ewéi Hoer um Kapp zesummegebonne ginn. Dat gëllt esou wuel fir chirurgesch Masken ewéi fir aus Stoff gebitztener.

Fir bei enger FFP2-Mask, déi Dokteren oder medezinescht Personal opdinn, ze garantéieren, datt se dicht ass, dierf de Baart net iwwert de Rand vun der Mask erauskucken.

Ech si Frontalier a schaffen zu Lëtzebuerg, kréien ech Masken?

Jo. All Frontalier, deen zu Lëtzebuerg schafft, kritt e Pak mat 50 chirurgesche Masken, déi eemol kënne gebraucht ginn.

D’Arméi huet iwwert d’ganzt Land zwielef Plazen ageriicht, fir déi Masken un d’Frontalieren ze verdeelen, all Dag bis de 24. Mee 2020.

All Frontalier kritt a Bréif mat engem Bong, fir déi Masken op déi selwer gewielte Plaz sichen ze goen. Dat muss an de 14 Deeg geschéien, nodeems de Bréif ukomm ass. Fir datt et net ze vill Betrib beienee gëtt op de Verdeelungsplazen, ass d’Verschécke vun deene Bréiwer noeneen op fënnef Deeg geschitt.

Kann ee sech mat Händschen effikass géint de Coronavirus schützen?

Am Alldag schützt reegelméissegt Hännwäsche besser géint de Coronavirus ewéi Händschen unzedoen. Well Händschen verhënneren net, datt de Virus sech vun enger Plaz op déi aner iwwerdréit. Wann Dir eppes upaakt mat Händschen, wou de Coronavirus drop ass, da kritt Dir de Virus op d’Händschen a vun do aus verdeelt Der en op déi Plazen an déi Saachen, déi Dir upaakt, ewéi Klenschen, Schlësselen, Handy, Posch, Portmonni asw. 

Eng hydro-alkoholesch Léisung desinfizéiert Händschen net richteg. An de Risk ass net auszeschléissen, datt Dir de Virus op d’Hänn kritt, wann Dir d’Händschen ausditt. 

Am Fong hunn Händschen eng Partie Nodeeler:

  • Dir kritt domadder e falscht Gefill vu Sécherheet a passt eventuell net méi genuch drop op, déi Schutzmoossnamen ze respektéieren, déi essentiell sinn.

  • De Risk vun enger Infektioun mam Coronavirus kann esou eropgoen.

  • Den Impakt op d’Ëmwelt ass negativ, well déi meeschten Händschen, déi just eemol gebraucht ginn, sinn net ze recycléieren an net biodegradabel. 

Wéini soll een Händschen undoen? 

Händsche fir ewechzepuche si fir d’Personal vun der Santé reservéiert, wann si Persoune mussen upaken, déi kënnen infizéiert sinn, mam Coronavirus oder soss enger ustiechender Krankheet. Bei der Fleeg sinn de Gebrauch vun esou Händschen an dat reegelméissegt a korrekt Wäsche vun den Hänn onëmgänglech. Mee ausser an der Fleeg vun enger Persoun mat enger ustiechender Krankheet kann een Händschen net recommandéieren.

Händsche fir den eemolege Gebrauch sinn net derfir geduecht, am alldeegleche Liewe benotzt ze ginn.

 

 

Ech hat COVID-19 a sinn erëm gesond. Sinn ech elo immun dergéint?

Dat ass eng Fro, déi amgaang ass, ënnersicht ze ginn. Et gëtt bis elo kee Beweis, datt Persounen, déi deen neie Coronavirus haten a sech dovunner erholl hunn, dono immuniséiert a géint eng zweet Infektioun geschützt sinn. Dowéinst ass d’Weltgesondheetsorganisatioun der Meenung, datt en „Immunpass“ fir Persoune mat Antikierperen am Blutt eng falsch Sécherheet vermëttelen an esou derzou bäidroe kéint, datt d’Pandemie sech méi verbreet.

Wann Dir Iech erholl hutt vun der Krankheet, da fuert viru mat de Virsiichtsmoossnamen; domadder schützt Dir Iech selwer an déi aner.

Wie sinn déi ufälleg Persounen?

Ufälleg Persoune si Leit iwwer 65 Joer, schwanger Fraen oder déijéineg, déi schonn eng vun deene folgende Krankheeten hunn:  

  • Diabetes;
  • Kardiovaskulär Krankheeten;
  • Chronesch Erkrankunge vun den Otemweeër;
  • Kriibs;
  • Immunschwächt opgrond vun enger Krankheet oder enger Therapie;
  • krankhaft Iwwergewiicht (Body-Mass-Index iwwer 40 kg/m2).
Dir kënnt Iech och d’Recommandatioune vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses (CSMI) ukucken.
Wéi eng Kanner sinn ufälleg?

Beim Kand verleeft d’Infektioun mam Covid-19 ganz anescht ewéi beim Erwuessenen; bei de Kanner triede meeschtens wéineg Symptomer op. Grav Fäll vu Covid-19 bei Kanner si ganz seelen.

Op Basis vun deem, wat mer momentan wëssen, si Kanner mat chronesche Krankheeten aus den heite Kategorien als méiglecherweis ufälleg unzegesinn:

  • verschidde Krankheete vun den Otemweeër
  • verschidden Häerzprobleemer
  • verschidden Immunschwächten, duerch Krankheeten oder Traitementer verursaacht

Wann Dir en Zweiwel hutt, dann zéckt net, Äre Kannerdokter ze kontaktéieren.

Dir kënnt Iech och d’Recommandatioune vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses (CSMI) ukucken.

Ech sinn ufälleg fir krank ze ginn, wéi soll ech mech verhalen?

Evitéiert onnéideg Deplacementer a respektéiert d'Virsiichtsmoossnamen.

Wann Dir onbedéngt eraus musst, da respektéiert déi heite Recommandatiounen:

  • Gitt wa méiglech net zur Spëtzenzäit akafen;
  • kaaft wa méiglech online an;
  • evitéiert Plazen, wou et net méiglech ass, eng Sécherheetsdistanz vun 2 Meter anzehalen;
  • evitéiert den ëffentlechen Transport.

Wann Dir musst schaffe goen, da kontaktéiert Ären Dokter iwwer Teleconsultatioun. Esou kënnt Dir klären, ob Dir viru kënnt op Är Aarbecht goen. Äre Patron ass gehalen, dofir ze suergen, datt Dir esou gutt ewéi méiglech op Ärer Aarbechtsplaz geschützt sidd, zum Beispill andeem Dir esou wäit wéi méiglech vun Ären Aarbechtskolleegen ewechbleift.

Ass den neie Coronavirus geféierlech fir Kanner?

Bei Kanner ass eng Infektioun mam COVID-19 meeschtens net schlëmm. A China haten d’Hallschent vun den infizéierte Kanner keng Symptomer; nëmme 5,6 Prozent ware schlëmm krank, an et ass kee Kand ënner zéng Joer dorunner gestuerwen.

An Europa an an den USA si ganz wéineg Kanner um COVID-19 gestuerwen. Dat ware gewéinlech Kanner, déi wéinst enger anerer Krankheet virdrun engem méi grousse Risk ausgesat waren.

Et ass awer net ausgeschloss, datt e Kand eng schlëmm Form vum COVID-19 ka kréien; am Zweiwel ass et den Dokter, deen d’Diagnos mécht an den néidegen Traitement decidéiert.

Wat maache wann een Angscht huet?

Déi aktuell Kris ka fir d'Leit besonnesch beängschtegend sinn. Angscht a Suerge kënnen heiansdo Iwwerhand huelen, virun allem am Fall vu sozialer Isolatioun.

  • Wielt vertrauenswierdeg Informatiounsquellen aus, wéi zum Beispill de Site gouvernement.lu, a limitéiert d'Zäit déi Dir mat Onlinemedie verbréngt (kuckt dës Medien 1-2 Mol den Dag).
  • Sidd Iech Ären Ängschte bewosst. Passt op wéini Dir ängschtlech sidd a probéiert ze verstoe firwat.  Konzentréiert Iech op den Hei an Elo, a maacht Iech net ze vill Gedanken iwwert Ongewëssheeten.
  • Haalt esouäit méiglech Är deeglech Routine an.
  • Schwätzt mat Leit déi roueg sinn an Iech kënne berouegen. 

www.covid19-psy.lu  

Säi Stress geréieren (FR)

Wéi kann ee Fake News vermeiden?

Zanter dem Ufank vun der Kris gëtt de Coronavirus vun engem aneren Iwwel begleet, deen heiansdo déidlech Konsequenzen huet: falsch Informatiounen, Fake News, op de sozialen Netzwierker. Am Mäerz sinn am Iran Honnerte vu Leit gestuerwen, well se Methanol gedronk haten an der Meenung, dat kéint si géint COVID-19 schützen. Aner Beispiller vun esou falsche Recommandatiounen, déi geféierlech si fir deen, deen dorunner gleeft, sinn d’Anhuele vu vulkaneschen Äschen, vu Kokain, vu Bleech- oder Desinfektiounsmëttel ewéi Javel.

Fir Iech ze informéieren, gitt just op déi etabléiert Internetsitten an huelt nëmmen déi Medikamenter, déi Ären Dokter Iech verschreift oder ugëtt.

Wann Dir méi wëllt doriwwer wëssen, da kënnt Dir dës Sitte kucken:

https://www.oecd-forum.org/posts/fighting-disinformation-a-key-pillar-of-the-covid-19-recovery?badge_id=1420-tackling-covid-19 (EN)

https://www.europarl.europa.eu/thinktank/de/document.html?reference=EPRS_ATA(2020)651963

https://www.who.int/fr/emergencies/diseases/novel-coronavirus-2019/advice-for-public/myth-busters

https://www.consilium.europa.eu/fr/policies/covid-19-coronavirus-outbreak/fighting-disinformation/

https://ec.europa.eu/info/live-work-travel-eu/health/coronavirus-response/fighting-disinformation_fr

https://www.infektionsschutz.de/coronavirus/verlaessliche-informationen-erkennen.html

SYMPTOMER AN DEPISTAGE

Wat sinn d'Symptomer?

D’Symptomer variéiere vun enger moderater bis uerger Infektioun vun den Otemweeër, begleet vu Féiwer, Houscht, Otemproblemer a Middegkeet.

De Verloscht vum Gerochssënn (Anosmie) an/oder vum Geschmaach (Ageusie), Verdauungsproblemer an och Ausschlag op der Haut sinn aner Symptomer vun der Krankheet. Eeler Leit a Persounen, déi ënner chronesche Krankheete leiden, si méi ufälleg an de Risiko fir Komplikatiounen ass méi héich.

D'Inkubatiounszäit, also d'Zäit tëschent dem Moment wou ee sech ustécht an den éischte Symptomer, läit bei der Infektioun COVID-19 bei maximal 14 Deeg.

Wéi weess ech, ob ech COVID-19 oder den Heeschnapp hunn?

D’ Pollenallergië concernéieren tëscht 15 an 20 Prozent vun de Leit. D’Symptomer kënnen deene vum COVID-19 gläichen, virun allem bei deenen, bei deenen d’Allergie Asthma a Probleemer mam Ootme provozéiert.

Wie chroneschen Asthma huet, weess meeschtens ganz gutt, wéi d’Symptomer dovunner sinn a kann se un deene vum COVID-19 ënnerscheeden. Bei enger Asthmakris huet een normalerweis kee Féiwer; COVID-19-Patiente kréien awer Féiwer an 80 Prozent vun de Fäll. Wann een Asthma huet, kommen d’Probleemer beim Ootmen als Krisen, déi séier optrieden an no enger Zäit erëm ophalen; et ass och en typescht Päifen derbäi ze héieren. D’Otemprobleemer beim COVID-19 kommen no an no an si halen net méi op; derbäi kënnt en dréchenen Houscht.

www.pollen.lu  

Wou muss ech mech melle fir gewuer ze ginn, ob ech de Coronavirus hunn?

 

 

 

  • Wann et dréngend ass, rufft ëmmer den 112 un!
  • Dir kënnt Ären Dokter uruffen oder iwwer Teleconsultatioun (eConsult) kontaktéieren.
  • Dir kënnt och an d’Urgence vun enger Klinick fueren. 
  •  

     

    Wann néideg, kontaktéiert Ären Dokter iwwer Telefon oder iwwer Teleconsultatioun eConsult. Gitt net an eng Dokteschpraxis.

     

     

    Wat soll ech maachen nom Kontakt mat enger positiv getester Persoun?

    Dat hänkt dervun of, wéi laang a wéi enk Äre Kontakt mat där kranker Persoun war.

    Wann de Kontakt eng Véierelstonn oder méi laang gedauert huet, ouni datt d’Distanz vun zwee Meter agehale gouf an ouni datt Dir an déi Persoun Masken ophat, dann ass dat en enke Kontakt, wéinst deem Dir musst a Quarantän goen. Dir sollt Iech dann och 6 Deeg dono teste loossen; wann deen Test negativ ass, hält d’Quarantän op.

    Wann de Kontakt net esou enk an also protegéiert war, da geet et duer, datt Dir véierzéng Deeg laang eng Eegen-Iwwerwaachung maacht.

    Fir all d’Persounen ze fannen, déi kéinten ugestach sinn, sollt Dir eng Lëscht vu Persounen opstellen an aktualiséieren, mat deenen Dir an der Lescht Kontakt hat (Familljememberen, Frënn, Noperen, Kolleegen asw.)

    Den Oflaf vun der Quarantän a vun der Eegen-Iwwerwaachung ass am Kapitel „Moossnamen a Behandlung“ explizéiert.

    Wéi ginn d’Kontakter vun enger positiv getester Persoun ermëttelt?

    Eng Persoun, déi positiv getest ginn ass, gëtt gebieden, der Inspection sanitaire d’Coordonnéeë vun alle Leit unzeginn, mat deenen se an de leschten Deeg virum Test oder virum Optriede vun de Symptomer enke Kontakt hat.

    Da ginn déi Leit doriwwer informéiert, datt si en enke Kontakt hate mat enger infizéierter Persoun. (Wien dat genee ass, gëtt just gesot, wann déi infizéiert Persoun domadder d’accord ass). D’ Inspection sanitaire freet bei de Kontaktpersounen no, wéi hir gesondheetlech Situatioun ass, an informéiert si iwwer déi néideg Virsiichts- a Sécherheetsmoossnamen. Opgrond vun den Informatiounen iwwert de Gesondheetszoustand gëtt decidéiert, ob a wéini e Covid-19-Test néideg ass.

    Et ass also ganz wichteg, sech doru kënnen ze erënneren, mat wiem een an de leschten Deeg Kontakt hat.

    Déi perséinlech Donnéeë vun de Persoune mat engem negativen Test ginn no 72 Stonnen geläscht. D’Donnéeën no positiven Tester ginn dräi Méint laang gehalen.

    Ech kommen aus der Vakanz erëm. Kann ech mech teste loossen?

    Wann Dir mam Fliger erëmkommt, da kënnt Dir e gratis Test direkt um Findel maachen.

    Dir kënnt och ëmmer op Är eege Käschten en Test an engem Labo maache loossen.

    Wann Dir Covid-19-Symptomer hutt, da kontaktéiert direkt Ären Dokter, deen Iech e PCR-Test verschreift.

    Maacht e Rendez-vous fir e COVID-19 Test wann Dir aus dem Ausland  erëmkommt (DE) 

    Wat maachen ech wann ech e gesondheetleche Problem hunn?
    • Wann et dréngend ass, rufft ëmmer den 112 un!
    • Dir kënnt Ären Dokter uruffen oder iwwer Teleconsultatioun (eConsult) kontaktéieren.
    • Dir kënnt och an d’Urgence vun enger Klinick fueren.
    • Ausserhalb vun den Ëffnungszäiten (vun 20 bis 24 Auer) a während Weekender a Feierdeeg (vun 8 bis 24 Auer) kënnt Dir an eng vun den 3 Maisons-médicalë vum Land goen. Fir e Rendezvous, rufft um Telefonsnummer 20 33 31 11 un.

    D'Maisons-médicalë vun der Stad Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht an Ettelbréck huele just Patienten un déi keng COVID-19 Symptomer hunn. Dir sidd gebieden, alleng a mat enger Mask ze kommen.

     

     

    Wéi fonctionéiert d’Teleconsultatioun?

    D’Teleconsultatioun ass eng medezinesch Praxis ewéi all aner. En Dokter, en Zänndokter oder eng Hiewan kann op déi Aart a Weis op Distanz beroden, an zwar iwwer d’Informatiouns- an d’Kommunikatiounstechnologien.

    Fir ze verstoen, wéi d’Teleconsultatioun fonctionéiert, kuckt Iech déi heite Videoen un:

    • Den éischte Video gëtt allgemeng Informatiounen an explizéiert, wéi Dir Iech aschreiwe kënnt op der Plattform fir Teleconsultatioun (Tutorial eConsult).
    • Den zweete Video erkläert, wéi e Rendez-vous fir Teleconsultatioun geholl gëtt (Tutorial eConsult).
    • Den drëtte Video weist, wéi esou eng Teleconsultatioun ofleeft (Tutorial eConsult).
    • De véierte Video explizéiert, wat no der Teleconsultatioun geschitt, virun allem, wéi d’Dokumenter elektronesch geschéckt ginn (Tutorial eConsult).
    Wéi geet dat, wann ech bei mäin Hausdokter wëll?

    D’Teleconsultatioun funktionéiert gutt. Zéckt net, déi Form vu Consultatioun op Distanz ze benotzen. Ären Dokter kann da séier aschätzen, ob Dir sollt bei hien an d’Praxis kommen oder Dir op enger anerer Plaz méi effikass versuergt sidd. Den Dokter däerf elo erëm an senger Praxis schaffen an sech ëm Är gesondheetlech Probleemer këmmeren.

    Wann Dir an d’Praxis gitt, da sollt Dir wann nëmme méiglech eleng goen, an och d’Zäit vum ausgemaachte Rendez-vous anhalen, fir net mat anere Patienten am Wartesall zesummenzesëtzen.

    Wann Dir ukommt, gitt Dir gebieden, Iech d’Hänn ze desinfizéieren, an Dir kritt eng medezinesch Mask fir opzesetzen. Et gëtt och direkt kontrolléiert, ob Dir keng Covid-19-Symptomer hutt.

    Et ass och esou, datt d’Raimlechkeete vun der Praxis ekipéiert sinn, fir esou gutt ewéi méiglech d’Sécherheet vum Personal, vum Dokter a vun de Patienten ze garantéieren. Alles gëtt reegelméisseg desinfizéiert; am Wartesall leien och keng Zäitschrëften, Bicher oder Spillsaache méi.

    Reprise vun de medezineschen Aktivitéite vum 4. Mee un.

    Ech brauch en Zänndokter, wat soll ech maachen?

    D’Praxisse vun den Zänndoktere sinn op. Dir kënnt Ären Dokter uruffen oder iwwer Teleconsultatioun (eConsult) kontaktéieren.

    De Weekend kënnt Dir an de Centre hospitalier de Luxembourg (CHL) an d’Urgence goen.

    CHL - Centre

    4, rue Ernest Barblé
    L-1210 Luxembourg (Belair)

    Wéi eng Zorten Tester ginn et?

    Et ginn zwee verschidden Tester: Deen, fir d’Diagnos ze maachen, ob Dir infizéiert sidd, an de serologeschen Test, dee weist, ob Dir de Virus schonn hat an Antikierper géint d’Krankheet entwéckelt hutt.

     

    Test fir d’Diagnos (qRT-PCR)

    Dëse PCR-Test äntwert op d’Fro: „Stiechen ech un?“

    D’Direktioun vun der Santé recommandéiert deen Test fir déi heite Fäll:

    • bei all Patient, dee COVID-19 Symptomer huet;

    • bei medezineschem Personal, dat ouni Schutzekipement enke Kontakt hat (manner ewéi zwee Meter an op d'mannst 15 Minutte laang) zu engem Patient, bei deem de Covid-19 confirméiert ass. D’Inkubatiounszäit ass an der Moyenne fënnef bis sechs Deeg, an eng infizéiert Persoun ass een oder zwee Deeg ustiechend, ier d’Symptomer sech weisen; dofir soll den Test de véierten oder de fënneften Dag nom Kontakt gemaach ginn. Déi Persoun, bei där de Verdacht besteet, datt se sech kéint ugestach hunn, muss eng chirurgesch Mask op hirer Aarbecht opdoen. Esou bal sech Symptomer weisen, muss dee Concernéierte sech direkt vu senger Aarbechtsplaz ewechhalen an en Test maachen;

    • bei enger Persoun, déi hospitaliséiert ass oder déi an enger Struktur fir ufälleg Leit wunnt, ier en Isolement opgehuewe gëtt;

       

    • post-mortem bei all Persoun, déi an enger Klinik oder engem Fleegeheem gestuerwen ass a Covid-19-Symptomer hat, ouni datt eng genee Diagnos gestallt ginn ass.

       

    Dee PCR-Test gëtt och gebraucht, wann an engem ekonomesche Beräich Stéchprouwe gemaach ginn, ier d’Betriber nom Deconfinement erëm ufänken ze schaffen nom Deconfinement, an och am Kader vu breeden Etüden, déi d’Regierung vun Enn Mee u maache léisst.

    Zil vun deem PCR-Test ass et, geneetescht Material vum Virus ze fannen. Et gëtt dofir mat engem Ouerestääbchen e Prelèvement gemaach hannen an der Nues oder am Hals.

    Fir Iech an engem Laboratoire testen ze  loossen, musst Dir eng Ordonnance hunn. Am Centre de soins braucht Dir keng. An deenen zwee Fäll musst Dir Är Carte d’identité an Är Sécurité-sociales-Kaart weisen.

     

    Serologeschen Test

    Dësen Test äntwert op d’Fro: „Hat ech d’Krankheet COVID-19?“

    Esou e serologeschen Test weist, ob sech duerch eng Infektioun Antikierper gebilt hunn, an also eng Immunitéit enstanen ass (IgA, IgG) no der Infektioun a kann esou eng retroaktiv d’Diagnos stellen. Deen Test ass net do, fir eng akut Infektioun unzeweisen.

    Antikierper kënnen eréischt an der zweeter Woch nogewise ginn, nodeems sech d’Symptomer beim Patient gewisen hunn. Dofir sinn déi serologesch Tester an der éischter Woch vun de Symptomer net dat richtegt Mëttel, fir eng fréi COVID-19-Infektioun ze diagnostizéieren.

    De serologeschen Test gëtt a private Laboratoirë gemaach,iwwer eng Bluttanalys. E gëtt net vun der Krankekeess bezuelt.

    De serologeschen Test gëtt och gebraucht an der Etüde CON - VINCE, , zesumme mat dem diagnostesche PCR-Test, fir d’Verbreedung vun der Krankheet ze ënnersichen.

    Opgepasst : No deem, wat mir aktuell wëssen, kënne mir net sécher sinn, ob e positive serologeschen Test och heescht, datt déi Persoun immuniséiert an och net méi ustiechend ass.

    Wéi kann ech un de grouss ugeluechten Tester deelhuelen?

    Dir kritt per Post eng Invitatioun fir Iech testen ze loossen. An deem Bréif fannt Dir Informatiounen iwwer den Oflaf vun der Prozedur, de Link op de Site www.covidtesting.lu an d'Passwuert mat deem Dir Äre Rendezvous online huele kënnt.

    Dir kënnt da fräiwëlleg an eng vun de 8 Teststatioune goe fir e PCR Test iwwer en Ofstréch vum Hals maachen ze loossen. Mat dësem Test kann da festgestallt ginn, ob Dir u COVID-19 erkrankt sidd, oder net.

    Nom Test gitt Dir per SMS iwwer d’Resultat informéiert. Bei engem positive Resultat kritt Dir all néideg Informatiounen iwwer Isolatiounsmesuren an Dir gittt vun der Gesondheetsdirektioun kontaktéiert, déi Iech weider begleede wäert.

    Leit (BiergerInnen a Frontalieren), déi invitéiert gi fir un de grouss ugeluechten Tester deelzehuele, ginn aus repräsentative Gruppen ausgewielt. Dir braucht also net selwer d'Gesondheetsautoritéiten ze kontaktéiere fir un de grouss ugeluechten Tester deelzehuelen, esou laang wéi Dir keng Invitatioun kritt hutt.

    Generell, wann Dir Symptomer hutt déi op eng Infektioun vun den Otemweeër hindeiten, oder Dir de Verdacht hutt, Iech mam COVID-19 ugestach ze hunn, kontaktéiert Ären Dokter.

    Méi zu dësem Thema: large scale testing (DE)

    Sinn d’Tester fräiwëlleg ?

    Jo, souwuel de PCR-Text fir d’Diagnos ewéi och de serologeschen Test si fräiwëlleg.

    Ech si Frontalier a schaffen zu Lëtzebuerg; kann ech mech hei teste loossen?

    Jo, jiddwereen, dee bei enger Lëtzebuerger Krankekeess verséchert ass, ka sech teste loossen, wann en an engem vun deene Fäll ass, fir déi en Test ka gemaach ginn .

    Kann ech meng Kanner zu Lëtzebuerg teste loossen?

    Jo, wann se mat Iech bei der Krankekeess verséchert sinn.

    Kann ech mäi Partner oder meng Partnerin teste loossen, oder soss eng Persoun aus mengem Stot?

    Neen, just dann, wann déi Persoun och zu Lëtzebuerg krankeverséchert ass.

    Kann ech mech zu Lëtzebuerg teste loosse mat der Ordonnance vun engem franséischen, belschen oder däitschen Dokter?

    Jo, well prinzipiell sinn Ordonnancë bannent der EU an all Land unerkannt.

    Wat soll ech maachen, wann ech positiv getest ginn?

    D’Direktioun vun der Santé informéiert d’Autoritéiten aus deem Land, datt en Awunner positiv getest ginn ass, fir datt de Suivi kann am Land gemaach ginn, wou déi Persoun wunnt. Et sinn d’Reegele vun deem Land, déi dann zielen.

     

    Wat hëlleft e Scanner beim Verdacht op eng Infektioun mam COVID-19?

    Vum Méindeg, 30. Mäerz u ginn am Land véier speziell Scanneren installéiert, déi an dréngende Fäll vu graven Ootmungsproblemer kënnen en Diagnostic maachen. Beim COVID-19 kënne béidsäiteg Longenentzündungen optrieden, déi déidlech kënne sinn, wann se net direkt detektéiert an adequat behandelt ginn.

    Um Scannerbild weise sech charakteristesch Zeeche vum COVID-19, déi ënner Ëmstänn de Verdacht op eng Longenentzündung scho kënne bestätegen, ier e Resultat vun der Analys vun engem Ofstréch an der Nues oder am Hals do ass.

    Recommandatioun vum Conseil scientifique

    Ka mäin Dokter mir e Labostest fir d'Sich nom COVID-19 verschreiwen?

    Ee vum Dokter verschriwwene Labostest erméiglecht et eng Infektioun festzestellen. Ären Dokter kann am beschten aschätzen, ob een Test an Ärem Fall gemaach soll ginn.

    Wann néideg, kontaktéiert Ären Dokter iwwer Telefon oder iwwer Teleconsultatioun eConsult.. Gitt net an eng Dokteschpraxis.

    Wa bei mir de Verdacht op COVID-19 besteet an den entspriechende COVID-19-Test duerchgefouert gëtt, wie kritt dann d'Resultat?

    D'Resultat vum Test gëtt dem Dokter, deen den Test ugefrot huet, op geséchertem Wee iwwermëttelt. Den Dokter informéiert dann direkt de Patient doriwwer. D'Resultat gëtt och un d'Inspection sanitaire iwwermëttelt, dat an Applikatioun vum Gesetz vum 1. August 2018 iwwer déi obligatoresch Deklaratioun vu bestëmme Krankheeten. Op Wonsch vum Patient kann d'Resultat och un den Hausdokter weidergeschéckt ginn.

    Kann e Blutttest de Virus detektéieren?

    Nee. Aktuell kann de neie Coronavirus nëmmen iwwert en Test vun den Otemsekreeter festgestallt ginn.

    Gëtt et en Impfstoffgéint de COVID-19?

    Aktuell gëtt et nach keen Impfstoff. D’Fuerschung dozou ass amgaangen.

    MOOSSNAMEN A BEHANDLUNG

    Ech si positiv getest ginn, wat soll ech elo maachen?

    Wann Dir de Virus kritt hutt an et Iech net ze vill schlecht geet, da musst Dir bei Iech doheem bleiwen an Iech zwou Woche laang isoléieren. Dir kritt an den éischten Deeg vun Ärer Isolatioun e Pak an e Bréif vun der Direktioun vun der Santé:

    • e Set mat Masken, déi Dir undoe musst, wann Dir mat anere Persounen a Kontakt kommt;
    • Explikatiounen doriwwer, wéi Dir verhënnert, datt Dir aner Persounen ustiecht (also z. B. d’Gesten, déi Dir Iech musst uwinnen) an eng Ordonnance vun der Isolatioun, déi e Certificat ass, datt Dir net schaffe kënnt.

    Dir gitt och gefrot, Iech op Distanz suivéieren ze loossen. Dir kënnt Iech dofir fräiwëlleg op enger Internet-Plattform aschreiwen, déi „Maela“ heescht. Dat ass en nationale System, deen e Suivi op Distanz erlaabt. Esou wëssen déi medezinesch Ekippen, ob et Iech gutt geet oder ob Dir eventuell Hëllef braucht.

    Dir äntwert do zwou Woche laang all Dag op e Questionnaire, deen un eng Ekipp vu Spezialisten aus der Santé geet.

    Et ass dofir en Internetsite ageriicht ginn op där heiten Adress: www.suivicovid.lu.

    Wat bedeit eng Isolatiounsmoossnam?

    D'Isolatioun gëtt bei all Persoun mat enger confirméierter COVID-19-Infektioun ugewannt. Se muss doheem isoléiert bleiwen. Déi Persounen, déi an hirem Haushalt liewen oder mat deenen se eng intim Bezéiung huet, musse sech a Quarantän setzen.

    Dës Mesure ziilt dorop of et ze verhënneren, datt déi infizéiert Persoun, déi ustiechend ass, d'Infektioun op hiren Entourage iwwerdréit.

    D'Isolatioun gëtt vum Dokter verschriwwen an dauert op mannst 10 Deeg nom Optriede vun de Symptomer. Wärend dëser Period, wou d'Persoun doheem isoléiert gëtt, muss all Kontakt zu anere Persounen evitéiert ginn an eng chirurgesch Mask muss ëmmer gedroe ginn, wann se sech bei anere Persounen ophält.

    Sech net un eng Isolatiounsmoossnam halen ass eng Infraktioun a kann mat enger Geldbouss tescht 25 a 500 Euro bestrooft ginn.

    Wat Dir an Är Famill am Fall vun enger Isolatioun doheem musst respektéieren (DE)

    Wat heescht et, doheem a Quarantän ze sinn?

    D'Quarantän gëtt bei Persounen applizéiert, déi enke Kontakt hate mat enger Persoun, bei där d'Infektioun confirméiert gouf (also méi ewéi eng Véirelstonn vis-à-vis vun hir gewiescht sinn, oder en net protegéierte physesche Kontakt gehat hunn, asw.).

    Dës Persoune musse wärend 7 Deeg doheem bleiwen, vun deem Dag un, wou si fir d'lescht Kontakt mat der infizéierter Persoun haten. D’Inspection sanitaire stellt wann néideg e Certificat fir d’Aarbecht aus. An der Quarantän muss all net protegéierte Kontakt mat anere Persounen evitéiert ginn.

    Ab dem 6. Dag soll d’Persoun a Quarantän sech an engem selwer gewielte Laboratoire op de COVID-19 teste loossen; si kritt dofir eng Ordonnance geschéckt. Wann deen Test negativ ass, dann hält d’Quarantän op.

    Déi 7 Deeg no der Quarantän muss déi Persoun sech selwer iwwerwaachen an eng Mask droen, soubal se mat anere Persounen zesummen ass. Wa Symptomer optrieden, muss si direkt en neien Test maachen a sech isoléieren.

    Sech net un eng Quarantän halen ass eng Infraktioun a gëtt mat enger Geldbouss tëschent 25 a 500 Euro bestrooft.

    Wat Dir an der Quarantän maache musst. (DE)

    Wat bedeit eng Eegen-Iwwerwaachung?

    D'Eegen-Iwwerwaachung dauert 14 Deeg a gëtt bei Persounen applizéiert, déi e Kontakt zu enger infizéierter Persoun haten, ouni datt si dobäi a grousser Gefor waren, fir sech unzestiechen. Zil ass et, d'Symptomer vun der Infektioun direkt am Ufank ze erkennen. D'Persoun ënnert Eegen-Iwwerwaachung moosst hir Temperatur zwee mol pro Dag a stellt sécher, datt se keen Houscht oder Otemproblemer huet. Wärend der Eegen-Iwwerwaachung kann ee sengen normalen Aktivitéiten nogoen.

    Wéi eng Behandlung gëtt et bei enger COVID-19-Infektioun?

    Fir de Moment gëtt et keng spezifesch Behandlung, d’Fuerschunge lafen awer. Den Traitement ass haaptsächlech symptomatesch, d.h. se gläicht der Behandlung vun Houscht, Otemproblemer oder ze héijer Temperatur.

    COVID-19 an déi richteg  Uwendung vu Medikamenter (DE)

    Meng Lëscht vun Medikamenter (FR) 

    Méi zu dësem Thema: https://sante.public.lu/fr/prevention/coronavirus-00/covid-19-bon-usage-des-medicaments-fr.pdf

    D’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) recommandéiert, datt een net selwer soll Medikamenter huelen, och net Antibiotika, weeder als Preventioun vun der Krankheet, nach fir se ze heelen.

    Verschidde Behandlunge ginn ausprobéiert am Kader vu klinesche Studien. Esou hëlleft Lëtzebuerg bei enger europäescher Etude, déi „Discovery“ heescht an a sechs Länner véier verschidden Traitementer test. D’WHO lancéiert hirersäits e groussen internationale klineschen Testprogramm.

    De Gesondheetsministère weist och dorobber hin, datt et vill gefälschte Medikamenter géint COVID-19 am illegalen Handel um Internet gëtt. Et ass verbueden a ganz geféierlech, esou Medikamenter ze kafen.

    D’Wiesselwierkunge vun anere Medikamenter mat Mëttelen, déi géint COVID-19 gebraucht ginn, fannt Dir op deem heite Site : https://www.covid19-druginteractions.org/

     

    D'GESTIOUN VUN DER GESONDHEETSKRIS

    Wat ass d’Strategie, fir no an no aus dem Confinement erauszegoen?

    D’Zil vun der Regierung ass et, an Etappen d’Aschränkungen opzehiewen, dobäi awer virsiichteg ze bleiwen, fir datt d’Epidemie net mat enger zweeter Well erëmkënnt. Fir no an no erëm alles kënnen opzemaachen, ass et immens wichteg:

    • zu all Moment ze garantéieren, datt déi néideg Kapazitéiten an de Spideeler do sinn,
    • d’Méiglechkeet bäizebehalen, erëm méi strikt Mesuren anzeféieren, sollt sech de Virus erëm méi staark verbreeden,
    • déi ganzen Zäit iwwer d’Evolutioun vun der Pandemie genee ze iwwerwaachen,
    • sécherzestellen, datt genuch Tester fir d’Detectioun kënne gemaach ginn, a virun allem d’Recherche ze ënnerstëtzen, wat d’Tester ugeet, déi d’Immunitéit an der Bevëlkerung moossen.

    Dat heescht, datt ganz allgemeng d’Bierger onbedéngt musse virufueren,

    • d’Schutzmoossnamen ze respektéieren an och aner spezifesch Mesuren applizéieren, fir esou wäit ewéi nëmme méiglech ze vermeiden, datt de Virus sech onkontrolléiert verbreet – och op der Aarbechtsplaz,
    • virun allem déi ufälleg Persounen ze schützen.

    Moossnamen ab dem 24.06.2020 

    Recommandations sanitaires temporaires (FR)

    Firwat huet d’Regierung decidéiert fir verschidden Aktivitéiten, Visitten, Manifestatiounen oder Aneres ze beschränken oder ze verbidden?

    Am Hibléck op d'Entwécklung vum Coronavirus an eisen Nopeschlänner an hei am Land ass et néideg fir zousätzlech Mesuren ze huelen, fir d'Verbreedung vum Virus an der Bevëlkerung ze limitéieren an déi ufälleg Persounen ze schützen. Weider ass et néideg fir de System vun der Organisatioun vum Gesondheetssystem z'adaptéieren fir eng Hausse vun der Zuel vun deene mam Virus infizéierte Persounen ze bewältegen. Déi proposéiert Mesurë berücksichtegen de pathogenen an kontagiéise Charakter vum Virus COVID-19. An deem Kontext ass eng vun deenen effizientste Mesurë fir d'Verbreedung vum Virus ze limitéieren, déi fir d'Reegele vun der Distanz an den tëschemënschleche Kontakter ze respektéieren.

    Och op internationalem Niveau huet d’Situatioun sech verännert. Den 11. Mäerz huet d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) de COVID-19 als weltwäit Pandemie agestuuft. Weider huet de Centre européen de contrôle et de prévention des maladies (ECDC) den 12. Mäerz eng nei Evaluatioun vum Risiko erausginn a weist dorop hin datt eng "Noutwennegkeet fir direkt a geziilte Moossname" besteet, fir den Impakt vun der Pandemie anzedämmen.  Dëser Aschätzung no besteet fir eeler Persounen a Persoune mat chronesche Krankheeten en héije Risiko fir schwéier Komplikatiounen.

    Méi zu dësem Thema: 

    http://data.legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2020/07/17/a624/jo (FR)

     

     

    Kann ech nach eeler Leit am Alters- oder Fleegeheem besichen?

    De Besuch vu Famill, den Zougang vu Gesondheets- a Fleegepersonal an d'Sortien ënnerleie kengen Aschränkunge méi, soulaang déi „Temporär Gesondheetsrecommandatioune vun der Gesondheetsdirektioun fir Privatpersounen am Kader vun der COVID-19-Gesondheetskris“ respektéiert ginn.

    Déi Responsabel vum Heem si fir d’Sécherheet an hire Strukture responsabel a suergen an dem Zesummenhang dofir, datt d’Gesondheetsrecommandatioune vum Gesondheetsdirektioun respektéiert ginn.

    Fir weider Informatiounen iwwert den Oflaf vun de Visitten an de Sortien, soll sech déi interesséiert Persoun direkt un d’Heem wenden.

    Weider Informatioune fannt Dir hei:

    Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun

    Temporär Gesondheetsrecommandatioune vun der Gesondheetsdirektioun fir Privatpersounen am Kader vun der COVID-19-Gesondheetskris (Recommandations sanitaires temporaires de la Direction de la santé à l’attention des personnes physiques dans le cadre de la crise sanitaire liée au Covid-19) (FR)

    Wéi geet et elo an de Spideeler virun?

    D’Spideeler si virbereet drop, Covid-19-Patienten opzehuelen, an den normalen Zëmmeren an op den Intensivstatiounen. Et geet virun allem drëm, no an no méi Patiente kënnen opzehuelen um ganzen Territoire vum Land, an ze vermeiden, datt musse Behandelungen an Operatioune fir aner Patienten annuléiert ginn.

    An der éischter Phas gi Covid-19-Patienten am Service vun den ustiechende Krankheete vum Centre hospitalier opgeholl. An der zweeter Phas setzt all Spidol seng Kapazitéite fir Covid-19-Patienten an.

    Annulatioune vu Behandelungen an Operatioune fir aner Patiente ginn eréischt néideg vun der drëtter Phas un. Fir dat esou laang wéi méiglech ze vermeiden, kënne Patiente vun engem Spidol an en anert verluecht ginn.

    Wann et an der Phas 4 ganz vill Covid-19-Patiente gëtt, kann d’Zuel vun de Better eropgesat ginn, souwuel fir déi normal Krankenzëmmeren ewéi op den Intensivstatiounen.

    Wat de Suivi vun de Covid-19-Patienten ugeet nom Openthalt am Spidol, ginn et eng Partie zousätzlech Méiglechkeeten, déi aktivéiert ginn, wann et néideg ass.

    Däerf ech meng Famill am Spidol besichen?

    Wann Dir eng Persoun am Spidol wëllt besichen, déi Iech nosteet a kee Covid-19 huet, da musst Dir drop oppassen, datt pro Patient just zwou Visitte pro Dag vun allkéiers enger Stonn méiglech sinn.

    All Spidol mécht eng systematesch Kontroll an der Entrée; Dir musst eng Mask ophunn an Iech d’Hänn desinfizéieren. Fir datt net e puer Leit zesummen op Besuch an engem Zëmmer mat zwee Better sinn, gëtt e Systeem vu Rendez-vousen applizéiert.

    E Besuch bei engem Patient, dee Covid-19 huet oder wou de Verdacht dorobber besteet, ass net méiglech, ausser a spezielle Fäll, ewéi wann een am Stierwe läit oder wann et eng grav psychologesch Noutlag gëtt, déi vun engem Dokter zertifiéiert ass.

    Ufälleg Persoune däerfe keng Visitten am Spidol maachen, ausser wa si dofir eng  begrënnten Autorisatioun vun hirem Dokter hunn.

    D’Spidol kann all Visitt verbidden, wann d’Ëmstänn vun der Epidemie dat néideg maachen. 

    Sinn eis Spideeler a Gesondheetsdéngschter op vill Patiente virbereet ?

    Jo, eis Spideeler si virbereet. De ganzen Dispositiv, deen zanter dem Ufank vun der Kris opgebaut ginn ass, bleift och viru prett fir den Asaz.

    Däerf ech Leit bei mech heem invitéieren?

    Jo, Dir kënnt awer maximal zéng Persounen alueden. Dir sollt oppassen a keen noe Kontakt hu mat Leit, déi net bei Iech am Stot liewen.

    Wann Dir Leit aluet, da respektéiert d’Sécherheetsmoossnamen, fir esou mann ewéi méiglech ze riskéieren, ugestach ze gi vun enger infizéierter Persoun, déi keng oder wéineg Symptomer huet. Wann Dir mierkt, datt ee vun Äre Gäscht krank ass, da sot him/hir, hien/si soll Äert Haus verloossen an direkt en Dokter kontaktéieren.

    Wann Dir fir de Service Personal engagéiert, da mussen déi Leit permanent eng Mask ophunn.

    Wéi eng Aktivitéite sinn erlaabt, ënner der Konditioun, dass Maske gedroen an déi physesch Distanz respektéiert ginn?

    Restauranten, Caféen, Baren a soss Gedrénksstänn, sportlech oder kulturell Plazen ewéi Theateren, Kulturzentren, Concertssäll, Kinoen a Kierchen oder soss reliéis Raimlechkeeten dierfe Leit empfänken.

    Dir dierft ëffentlech Evenementer mat méi ewéi zéng Persounen dobannen oder dobaussen organiséieren oder dorunner deelhuelen (kulturell oder sportlech Manifestatiounen, Kongresser asw.), awer just, wann Dir dës zwou Reegelen applizéiert:

    • Jiddweree setzt sech op déi Sëtzplaz, déi fir hie reservéiert ass.
    • Wann d’Distanz vun zwee Meter tëscht de Sëtzplazen net kann agehale ginn, da muss eng Mask opgedoe ginn.

    Déi Leit, déi d’Manifestatioun encadréieren, an déi, déi grad net op hirer Plaz sëtzen, mussen eng Mask ophunn.

    Déi selwecht Mesurë gëllen onbedéngt fir de Fonctionnement vu Restauranten, Caféen, Baren, soss Iessplazen a Betribskantinnen. Wann den Ofstand tëscht zwee Dëscher, déi nieftenee stinn, net wéinstens 1,5 Meter ass, da muss dertëscht eng Trennwand oder e Paravent stoen.

    D’Clienten dierfen hir Consommatioune just zou sech huelen, wann se un hirem Dësch sëtzen. Sech net dorunner halen ass eng Infraktioun a kann mat enger Geldbouss bestrooft ginn.

    Et dierfe maximal zéng Leit un engem Dësch sëtzen, ausser wa se all zesumme wunnen oder zu deem selwechte Stot gehéieren. Wann d’Clientë sech setzen, kënne se hir Mask ausdoen; mee si musse se nees undoen, wa se opstinn, duerch de Raum ginn oder wa se fortginn. D’Personal am Kontakt mam Client muss déi ganzen Zäit, wou et zerwéiert, d’Mask ophunn.

    All Etablissementer vum Horeca-Secteur (Restauranten, Caféen a Baren) maache spéitstens ëm Hallefnuecht zou.

    Bei Demonstratiounen (wou d’Recht ze manifestéieren ausgeüübt gëtt), op Salonen oder Foiren a bei Begriefnesser brauch et keng obligatoresch Sëtzplazen ze ginn. Bei Aktivitéiten am Kader vu formaler oder net formaler Bildung brauch déi Conditioun vu Sëtzplazen a vu Masken net agehalen ze ginn. Och déi reliéis, kulturell a sportlech Acteure sinn net un dës duebel Konditioun gebonnen, wann si hir Aktivitéit ausüben.

    Foiren, Salonen a Mäert dierfe Leit empfänken. Mee all Aussteller an all Visiteur muss eng Mask oder soss e Schutz fir Nues a Mond ophunn, soubal d’Distanz vun zwee Meter tëschent zwou Persounen net ka respektéiert ginn.

    Fir weider Informatiounen: Recommandatioune fir Privatpersounen

     

    Kann ech an d’Ausland fueren?

    Verschidde Länner imposéiere bei der Arees eng Quarantän vu 14 Deeg oder froen en negative Covid-19-Test fir all Persoun, déi aus Lëtzebuerg kënnt.

    Well d’Situatioun séier ännert, sollen d’Bierger sech iwwer déi aktuell Mesuren informéieren, déi aner Länner fir d’Arees decidéieren an déi op de Sitte vun eiser Regierung matgedeelt ginn. Et ass un de Leit, déi verreese wëllen, fir bei den zoustännege lokalen Autoritéiten ze kucken (am beschten op de Sitte vun den Ambassadë vun deene Länner kucken), wéi déi genee Conditioune sinn zu deem Moment, wou een dohinner fiert. 

    Fir Reese bannent der Europäescher Unioun gëtt et d’Plattform Re-open EU vun der Europäescher Commissioun: https://reopen.europa.eu/fr/. Do fannt Dir aktuell Informatiounen iwwert d’Grenzen, méiglech Transportmëttelen, Restriktiounen, Gesondheets- a Sécherheetsmoossnamen (Distanzreegel an obligatoresch Masken, zum Beispill) an aner praktesch Informatioune fir Leit, déi verreese wëllen.

    Wann Dir Informatioune braucht iwwer Länner baussent der Europäescher Unioun, da kuckt op de Sitte vun eisen Nopeschlänner, déi iwwer Reesen informéieren:

    Fir praktesch Informatiounen ze kréien iwwer dat Land oder déi Länner, wou Dir wëllt hifueren, oder fir séier Hëllef am Fall, wann Iech eppes geschitt, kënnt Dir Är Rees um Aussen- an Europaministère umellen am Kader vun der Initiativ  Lëtzebuerger am Ausland.

     

     

     

    Fir all aner Froe an Zesummenhank mam COVID-2019, fannt Dir nëtzlech Informatiounen um Sitte vun der Lëtzebuerger Regirung www.covid19.lu , dem Centre européen de prévention et de contrôle des maladies (ECDC) www.ecdc.eu oder och um Site vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) www.who.int.

    Aktualiséiert