Martine Hansen iwwerreecht Präisser fir nohalteg Léisungen fir de Liewensmëttelsystem

Am Kader vum appel à projets "NoA" zeechent Infino asbl 7 innovativ Projeten vu Lycéeschüler aus.

Am Kader vum appel à projets « NoA » (Fir eng Nohalteg Alimentatioun), huet d'asbl Infino den 2. Juli bei enger feierlecher Zeremonie 7 Projeten am Forum um Campus Geesseknäppchen ausgezeechent. D'Zil vun dësem appel à projets war et fir jonk Leit ze encouragéieren, innovativ Léisunge fir een nohaltege Liewensmëttel-System ze entdecken an ëmzesetzen.

D'Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz a Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, huet zwee Präisser iwwerreecht:

  • de Präis vun der Direktioun vum Konsumenteschutz gouf un de Projet "Lëtz Eat Local" vun der École Privée Fieldgen verginn;
  • de Präis vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau goung un ee gemeinsame Projet vum Lycée Technique Agricole an der École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg.
  1. ©Direktioun fir Konsumenteschutz

    "NoA"-Präisverdeelung

    "NoA"-Präisverdeelung

    Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz a Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau (2. vu riets) zesummen mat de Gewënner vum Präis fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau
  2. ©Direktioun fir Konsumenteschutz

    "NoA"-Präisverdeelung

    "NoA"-Präisverdeelung

    Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz a Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau

Aktualiséiert