Discours du Premier ministre, Xavier Bettel, à l'occasion de la cérémonie officielle à la mémoire de Camille Gira, secrétaire d’État

Monseigneur,

Altesse,

Excellenzen,

Dir Dammen an Dir Hären

 

Äddi Camille.

Dofir si mir haut hei. Mir mussen Äddi soen. Net « au revoir », mee Äddi an dat deet esou wéi, dass mer et kaum aushalen. Et ass schwéier fir eis an et ass eng onvirstellbar Péng fir d’Famill, fir seng Fra, seng zwee Bouwen, fir d’Frënn, fir déi Leit, déi all Dag mam Camille geschafft hunn. Mir si forcéiert Äddi ze soen. Mir wëllen dat net. Mir wëllen dat net maache a mir wëllen dat net acceptéieren, mee mir hu kee Choix.

 
Ech hu gëschter vill un de Camille missen denken, wéi ech am Mëllerdall war, an der Regioun, wou d’Natur eis och op brutal Aart a Weis gewisen huet, dass mir jhust e klengen Deel sinn vun deene Gewalten, déi bestëmmen. Mir sinn do net déi, déi dierfen soen, wéi et geet. Mir mussen eis deem erginn. An dat musse mer och haut.
 
De Camille huet sech agesat. Net fir sech selwer, mee fir eis alleguerten, fir d’Allgemengheet, fir d’Mënschen, fir d’Bierger vu senger Gemeng, senger Regioun vum Land an doriwwer eraus. Hien huet op eng Art a Weis, wéi ech se soss nach ni bei engem Mënsch erlieft hunn seng Iwwerzeegung gelieft. Hien huet den Asaz fir de Mënsch, fir d‘Natur, fir d’Déieren an d’Emwëlt héich gehalen. Wäerter vu Solidaritéit, Toleranz, Respekt an Gerechtegkeet waren him enorm wichteg. Den Dialog, den Austausch an d’Nolauschteren sinn d’Fundament vu sengem politeschen an gesellschaftlechen Wierken.

Dat kann een net nomaachen. Et war net e Styl. Et war keng Strategie – et war ganz einfach u wat dee Mënsch gegleeft huet, wéint deem mir haut hei zesummen stinn.

Mee hien hannerléisst eis eppes. Hien hannerléisst senge Matbierger, senger Famill onvirstellbar vill. Hien hannerléisst en Ierwen un dat Gutt ze gleewen. Hien hannerléisst Hoffnung an Zouversiicht.

Esou wéi ech de Camille Gira kenne geléiert hunn, géif hien net acceptéieren, dass mer just zeréck kucken an traureg sinn. De Camille géif eis haut waakreg rëselen an eis opfuerderen dat Grousst net aus den Aen ze verléieren. Mir hunn eng Verantwortung vis-à-vis vun eise Kanner. Mir mussen eis dru ginn.

Mir mussen eist Haus net just vu baussen bewonneren, mee zu der Fënster erauskucken an eis vir déi responsabel spieren, déi niewendrun, vis-à-vis an um Wupp vun der Strooss wunnen.

Wat hu mer vun eiser schéine Blummen am Virgäertchen, wa lenks a riets näischt wiisst?

Ech loosse mech gär vum Camille Gira waakreg rëselen an ech sinn hellwakreg a wäert ni vergiessen, wat hien eis hannerléisst, fir wat hien do ass och, wann hien net méi kann derbäi sinn.
 
Léif Famill, Simone, Michel a Louis, ech kann Iech keen Trouscht ginn. Ech kann haut net déi richteg Wierder fannen fir iech déi Péng ewech ze huelen. Ech wëll iech just soen, dass äre Papp, äre Mann, dass äre Camille onvergiesslech ass, dass hien eppes bei eis hannerlooss huet, wat fir ëmmer wäert bestoen. Seng Spuren sinn am Granitfiels a net am Sandsteen. Si wäerten esou bal net verschwannen.

De Lannebam, dee mir zu Éieren vum Camille Gira hei geplanzt hun ass net am Schied vum Staatsministère, mee de Staatsministère steet vun haut un nieft dem Camille sengem Bam.

An dat ass eng grouss Eier fir de Staatsministère.

Aktualiséiert