-
Benelux Sommet
Am Kader vun der Lëtzebuerger Presidence vum Ministerkommitee vun der Benelux-Unioun, huet den 28. November 2022 de Benelux-Sommet um Buerglënster Schlass stattfonnt. Déi Lëtzebuerger Presidence konzentréiert sech besonnesch op dräi Prioritéiten: Gestäerkt aus der Pandemie ervirgoen, d'Synergië mat de Nopeschregioune promovéieren a sech fir eng gréng, sécher a kompetitiv Benelux-Unioun asetzen.
-
Ried zur Lag vun der Natioun 2022
De Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel seng d'Ried zur Lag vun der Natioun 2022 aus der Chamber.
-
Nationale Commemoratiounsdag 2022 – Proklamatioun vun der Regierung
Mir gedenken dëst Joer dräi Anniversairen, déi eist Land a Geschicht markéiert hunn.
-
Pressebriefing: Bilateral Berodungsgespréicher mat de Gewerkschaften an dem Patronat
No de bilaterale Reuniounen tëscht der Regierung an de Sozialpartner am Hibléck op d'Negociatioune wärend der Tripartite, informéiert de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel d’Press iwwert den aktuelle Stand vun den Diskussiounen. De Livestream fänkt géint 18:00 Auer un.
-
Pressekonferenz am Livestream iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an de Minister fir Energie Claude Turmes informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 13 Auer un.
-
Update: D'Demande vum Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum gouf akzeptéiert
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vun de Kapitele IV a Vbis vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 27. Juli 2022 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt.
-
Areeche vun enger Ufro vun engem Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vun de Kapitelen IV a Vbis vun der Verfassung
En Initiativkommitee huet haut, am Kader vun der Revisioun vun de Kapitelen IV a Vbis vun der Verfassung, beim Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, eng Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum no Artikel 114 vun der Verfassung agereecht.
-
70. Anniversaire vun der éischter Sëtzung vun der "Haute Autorité de la Communauté européenne du charbon et de l'acier" (CECA) zu Lëtzebuerg
Den 13. Juli 2022, am Kader vum 70. Anniversaire vun der 1. Sëtzung vun der "Haute Autorité de la Communauté européenne du charbon et de l'acier" (CECA), hat de Rot vun de Kommissären - op Aluedung vun der Lëtzebuerger Regierung - seng wéchentlech Sëtzung op der Gemeng Lëtzebuerg.
-
Pressekonferenz am Livestream iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot
D'Regierung informéiert d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 14 Auer un.
-
Nationalfeierdag 2022
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, hu Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten deelgeholl, déi zu Lellgen (Gemeng Kiischpelt), Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
Message vum Premierminister Xavier Bettel am Kader vun Nationalfeierdag 2022
Fannt hei de Message vum Premierminister Xavier Bettel am Kader vun Nationalfeierdag 2022
-
Regierungsëmbildung
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel informéiert, dass de Grand-Duc haut de Moien d'Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, op eegene Wonsch entlooss huet.
-
Pressebriefing: Signature vum Ofkommes tëschent der Regierung, der UEL, der CGFP an dem LCGB no der Reunioun vum Koordinatiounscomité Tripartite
No senger Deklaratioun an der Chamber, ënnerschreift de Premierminister, Staatsminister Xavier Bettel den Accord, deen no de Reunioune vum Koordinatiounscomité Tripartite, zesumme mat de Vertrieder vun der UEL, dem LCGB an der CGFP fonnt gouf. No der Ënnerzeechnung fënnt eng gemeinsam Pressekonferenz statt. De Livestream fänkt géint 16:10 Auer un.
-
Pressekonferenz no der Tripartite
D'Regierung presentéiert, zesumme mat de Sozialpartner, d'Resultater vun der Tripartite, déi aberuff gouf, fir Mesurë géint den Impakt vun der Inflatioun op d’Stéit an d'Entreprisen ze decidéieren. De Livestream fänkt géint 18:00 Auer un.
-
Update: D'Demande vum Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum gouf akzeptéiert
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 17. Mäerz 2022 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt, well dës de Bedéngunge vum ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005 entsprécht.
- Éischt Säit
- 1
- 2
- 3
- 4
- 5
- ...
- Lescht Säit