Nationalfeierdag 2022

Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, hu Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten deelgeholl, déi zu Lellgen (Gemeng Kiischpelt), Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  1. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Relève vun der Garde virum Palais

    Relève vun der Garde virum Palais

  2. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Relève vun der Garde virum Palais

    Relève vun der Garde virum Palais

  3. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Relève vun der Garde virum Palais

    Relève vun der Garde virum Palais

  4. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Relève vun der Garde virum Palais

    Relève vun der Garde virum Palais

  5. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Yves Kaiser, Buergermeeschter, Fernand Etgen, Chamberspresident an de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse

    Yves Kaiser, Buergermeeschter, Fernand Etgen, Chamberspresident an de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse

  6. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Offizielle Cortège

    Offizielle Cortège

  7. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Éirentribün

    Éirentribün

  8. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Iwwerreechung vun Medaillen

    Iwwerreechung vun Medaillen

  9. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Iwwerreechung vun Medaillen

    Iwwerreechung vun Medaillen

  10. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Iwwerreechung vun Medaillen

    Iwwerreechung vun Medaillen

  11. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Open Air Konschtfestival

    Open Air Konschtfestival

  12. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Open Air Konschtfestival

    Open Air Konschtfestival

  13. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Open Air Konschtfestival

    Open Air Konschtfestival

  14. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Open Air Konschtfestival

    Open Air Konschtfestival

  15. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    Open Air Konschtfestival

    Open Air Konschtfestival

  16. ©Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

    De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse

    De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse

  17. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'ierfgroussherzoglech Koppel gëtt op der "Place de la Résistance" vun enger Delegatioun empfaangen, déi aus dem Escher Buergermeeschter an Deputéierten Georges Mischo, dem Vize-President vun der Chamber Mars Di Bartolomeo, der Inneministesch a Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer Taina Bofferding, dem Sportsminister, Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft Georges Engel, der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Joëlle Welfring, souwéi dem Schäffen- a Gemengerot vun Esch-Uelzecht besteet

    D'ierfgroussherzoglech Koppel gëtt op der "Place de la Résistance" vun enger Delegatioun empfaangen, déi aus dem Escher Buergermeeschter an Deputéierten Georges Mischo, dem Vize-President vun der Chamber Mars Di Bartolomeo, der Inneministesch a Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer Taina Bofferding, dem Sportsminister, Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft Georges Engel, der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Joëlle Welfring, souwéi dem Schäffen- a Gemengerot vun Esch-Uelzecht besteet

  18. ©SIP / Emmanuel Claude

    Empfang - Esch

    Empfang - Esch

  19. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2022 - Esch

    Nationalfeierdag 2022 - Esch

  20. ©SIP / Emmanuel Claude

    Néierleeung vun enger Gerbe beim "Monument aux Morts"

    Néierleeung vun enger Gerbe beim "Monument aux Morts"

  21. ©SIP / Emmanuel Claude

    Offizielle Cortège duerch d'Uelzechtstrooss

    Offizielle Cortège duerch d'Uelzechtstrooss

  22. ©SIP / Emmanuel Claude

    Offizielle Cortège duerch d'Uelzechtstrooss

    Offizielle Cortège duerch d'Uelzechtstrooss

  23. ©SIP / Emmanuel Claude

    Offizielle Cortège duerch d'Uelzechtstrooss

    Offizielle Cortège duerch d'Uelzechtstrooss

  24. ©SIP / Emmanuel Claude

    Offizielle Cortège duerch d'Uelzechtstrooss

    Offizielle Cortège duerch d'Uelzechtstrooss

  25. ©SIP / Emmanuel Claude

    Defilé vun den Escher Veräiner

    Defilé vun den Escher Veräiner

  26. ©SIP / Emmanuel Claude

    Ënnerschreiwen vum Gëllenen Buch

    Ënnerschreiwen vum Gëllenen Buch

  27. ©SIP / Emmanuel Claude

    Ënnerschreiwen vum Gëllenen Buch

    Ënnerschreiwen vum Gëllenen Buch

  28. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'ierfgroussherzoglech Koppel

    D'ierfgroussherzoglech Koppel

  29. ©SIP / Emmanuel Claude

    Nationalfeierdag 2022 - Esch

    Nationalfeierdag 2022 - Esch

  30. ©SIP / Emmanuel Claude

    Ustiechen vum Lagerfeier vun de Lëtzebuerger Scouten

    Ustiechen vum Lagerfeier vun de Lëtzebuerger Scouten

  31. ©SIP/Anthony Dehez

    Illustratioun

    Illustratioun

  32. ©SIP/Anthony Dehez

    Arrivée vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse, dem Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin, dem Prënz Louis, dem Prënz Gabriel an der Prinzessin Alexandra an der Stadt

    Arrivée vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse, dem Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin, dem Prënz Louis, dem Prënz Gabriel an der Prinzessin Alexandra an der Stadt

  33. ©SIP/Anthony Dehez

    D'Grande-Duchesse

    D'Grande-Duchesse

  34. ©SIP/Anthony Dehez

    Presentatioun vum Schäffen- a Gemengerot

    Presentatioun vum Schäffen- a Gemengerot

  35. ©SIP/Anthony Dehez

    Illustratioun

    Illustratioun

  36. ©SIP/Anthony Dehez

    Henri Kox, Member vun der Regierung an d'Lydie Polfer, Buergermeeschtech

    Henri Kox, Member vun der Regierung an d'Lydie Polfer, Buergermeeschtech

  37. ©SIP/Anthony Dehez

    Parade

    Parade

  38. ©SIP/Anthony Dehez

    Offiziell Tribün

    Offiziell Tribün

  39. ©SIP/Anthony Dehez

    Offiziell Tribün

    Offiziell Tribün

  40. ©SIP/Anthony Dehez

    Concert vun der Militärmusek

    Concert vun der Militärmusek

  41. ©SIP/Anthony Dehez

    Den traditionelle Fakelzuch

    Den traditionelle Fakelzuch

  42. ©SIP/Anthony Dehez

    Freedefeier

    Freedefeier

  43. ©SIP/Anthony Dehez

    De Grand-Duc

    De Grand-Duc

  44. ©SIP/Anthony Dehez

    Freedefeier

    Freedefeier

  45. ©SIP/Anthony Dehez

    Xavier Bettel, Premierminister

    Xavier Bettel, Premierminister

  46. ©SIP/Anthony Dehez

    Illustratioun

    Illustratioun

  47. ©SIP/Anthony Dehez

    Freedefeier

    Freedefeier

  48. ©SIP/Anthony Dehez

    Xavier Bettel, Premierminister

    Xavier Bettel, Premierminister

  49. ©SIP / Emmanuel Claude

    Arrivée Philharmonie

    Arrivée Philharmonie

  50. ©SIP / Emmanuel Claude

    Buergermeeschtech Lydie Polfer a conjoint

    Buergermeeschtech Lydie Polfer a conjoint

  51. ©SIP / Emmanuel Claude

    Membren vun der Justice

    Membren vun der Justice

  52. ©SIP / Emmanuel Claude

    Membren vum Conseil d'État

    Membren vum Conseil d'État

  53. ©SIP / Emmanuel Claude

    Xavier Bettel, Premierminister a conjoint

    Xavier Bettel, Premierminister a conjoint

  54. ©SIP / Emmanuel Claude

    Ministesch Paulette Lenert a Ministesch Corinne Cahen

    Ministesch Paulette Lenert a Ministesch Corinne Cahen

  55. ©SIP / Emmanuel Claude

    Minister François Bausch a conjointe

    Minister François Bausch a conjointe

  56. ©SIP / Emmanuel Claude

    Minister Jean Asselborn a conjointe

    Minister Jean Asselborn a conjointe

  57. ©SIP / Emmanuel Claude

    Minister Claude Meisch a conjointe

    Minister Claude Meisch a conjointe

  58. ©SIP / Emmanuel Claude

    Minister Marc Hansen a conjointe

    Minister Marc Hansen a conjointe

  59. ©SIP / Emmanuel Claude

    Minister Claude Turmes

    Minister Claude Turmes

  60. ©SIP / Emmanuel Claude

    Ministesch Sam Tanson a conjoint

    Ministesch Sam Tanson a conjoint

  61. ©SIP / Emmanuel Claude

    Ministesch Taina Bofferding a conjoint

    Ministesch Taina Bofferding a conjoint

  62. ©SIP / Emmanuel Claude

    Minister Lex Delles a conjoint

    Minister Lex Delles a conjoint

  63. ©SIP / Emmanuel Claude

    Minister Henri Kox a conjoint

    Minister Henri Kox a conjoint

  64. ©SIP / Emmanuel Claude

    Minister Guy Engel a conjointe

    Minister Guy Engel a conjointe

  65. ©SIP / Emmanuel Claude

    Ministesch Yuriko Backes a conjoint

    Ministesch Yuriko Backes a conjoint

  66. © SIP / Emmanuel Claude

    Chamberspresident, Fernand Etgen a conjointe

    Chamberspresident, Fernand Etgen a conjointe

  67. ©SIP / Emmanuel Claude

    Arrivée vun de Membren vun der groussherzoglecher Famill

    Arrivée vun de Membren vun der groussherzoglecher Famill

  68. ©SIP / Emmanuel Claude

    Den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin

    Den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin

  69. ©SIP / Emmanuel Claude

    De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse

    De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse

  70. ©SIP / Emmanuel Claude

    Philip Crowther

    Philip Crowther

  71. ©SIP / Emmanuel Claude

    Laura Zuccoli

    Laura Zuccoli

  72. ©SIP / Emmanuel Claude

    Guy Helminger

    Guy Helminger

  73. ©SIP / Emmanuel Claude

    Ni Xia Lian et Sarah de Nutte

    Ni Xia Lian et Sarah de Nutte

  74. ©SIP / Emmanuel Claude

    Léa Linster

    Léa Linster

  75. ©SIP / Emmanuel Claude

    Ibrahim Ajdarpasic et Fernand Collet

    Ibrahim Ajdarpasic et Fernand Collet

  76. ©SIP / Emmanuel Claude

    Philharmonie

    Philharmonie

  77. ©SIP / Emmanuel Claude

    Xavier Bettel, Premierminister bei senger Ried

    Xavier Bettel, Premierminister bei senger Ried

  78. ©SIP / Emmanuel Claude

    Fernand Etgen, Chamberspresident bei senger Ried

    Fernand Etgen, Chamberspresident bei senger Ried

  79. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'Invitéen

    D'Invitéen

  80. ©SIP / Emmanuel Claude

    De Grand-Duc bei senger Ried

    De Grand-Duc bei senger Ried

  81. ©SIP / Emmanuel Claude

    Philharmonie

    Philharmonie

  82. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Gruppefoto

    Gruppefoto

  83. ©Armée luxembourgeoise

    Kanouneschëss

    Kanouneschëss

  84. ©SIP / Emmanuel Claude

    Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet

    Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet

  85. ©SIP / Emmanuel Claude

    François Bausch, Verdeedegungsminister

    François Bausch, Verdeedegungsminister

  86. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Inspizéierung vun den Truppen

    Inspizéierung vun den Truppen

  87. ©SIP / Emmanuel Claude

    D'"Prise d'armes"

    D'"Prise d'armes"

  88. ©SIP / Emmanuel Claude

    De Staatschef an Ierfgroussherzog

    De Staatschef an Ierfgroussherzog

  89. ©SIP / Emmanuel Claude

    Inspizéierung vun den Truppen

    Inspizéierung vun den Truppen

  90. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Offiziell Tribün

    Offiziell Tribün

  91. ©SIP / Emmanuel Claude

    Vive!Vive!Vive!

    Vive!Vive!Vive!

  92. © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Te Deum

    Te Deum

  93. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Éieregäscht

    Éieregäscht

  94. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    D'groussherzoglech Famill

    D'groussherzoglech Famill

 

22. Juni 2022

Relève vun der Garde virum Palais

D'Festlechkeete fir Nationalfeierdag hunn e Mëttwoch, den 22. Juni, am Nomëtteg ugefangen, mat der Relève vun der Garde virum Palais, wourunner en Éieren-Detachement vun der Arméi deelgeholl huet an dat ënnert dem Kommando vum Lieutenant en premier Charel Kadusch.

Fir déi musikalesch Begleedung huet d'Militärmusek gesuergt, ënnert der Direktioun vun hirem Chef, dem Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun.

D'groussherzoglech Koppel zu Lellgen

Am spéiden Nomëtteg sinn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse op Lellgen (an der Gemeng Kiischpelt) gangen.

D'Koppel gouf am Agang vum Duerf vum Buergermeeschter, Yves Kaiser, dem Chamberspresident, Fernand Etgen, dem Minister fir d'Fonction publique, Minister fir d'Bezéiung zum Parlament, Marc Hansen, an dem Minister fir Landesplanung, Minister fir Energie, Claude Turmes, souwéi vum Schäfferot vun der Gemeng Kiischpelt, a Presenz vu verschiddenen Deputéierten aus der Circonscriptioun vum Norden, empfaangen. De Wilhelmus gouf vun der Kiischpelter Fanfare gespillt.

D'Delegatioun ass dono am Cortège bis bei d'Éierentribün gangen, wou de Buergermeeschter Yves Kaiser de Wëllkommes-Discours gehalen an d'Gemeng presentéiert huet. D'Grondschoul Shoulkauz vu Wëlwerwolz gouf vun de Schüler virgestallt. Dono huet de Grand-Duc d'Medaile vun der Kiischpelter Fanfare an dem CIS Kiischpelt iwwerreecht.

De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse sinn doropshin op déi 30. Editioun vum Open Air Konschtfestival gangen, deen dat ganz Duerf an eng lieweg Konschtgalerie verwandelt. Bei dëser Geleeënheet hunn si d'Kënschtler kennegeléiert, verschidden Ausstellungen besicht an de ländlechen architektonesche Patrimoine vum Duerf entdeckt.

D'Visitt gouf mat engem Empfang an der Henksescheier ofgeschloss, wou déi groussherzoglech Koppel sech mat de Representante vun den Institutiounen a Veräiner vun der Gemeng, de Schüler vun der Schoulkauz, de Kënschtler an der Bevëlkerung austausche konnt.

D'ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch-Uelzecht

Den 22. Juni, hunn den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin hirersäits d'Festlechkeeten zu Esch-Uelzecht besicht, déi zweetgréisst Stad am Land.

D'ierfgroussherzoglech Koppel gouf op der "Place de la Résistance" vun enger Delegatioun empfaangen, déi aus dem Escher Buergermeeschter an Deputéierten Georges Mischo, dem Vize-President vun der Chamber Mars Di Bartolomeo, der Inneministesch a Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer Taina Bofferding, dem Sportsminister, Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft Georges Engel, der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Joëlle Welfring, souwéi dem Schäffen- a Gemengerot vun Esch-Uelzecht bestoung.

Nom offiziellen Empfang goufeng Gerbe beim "Monument aux Morts" néiergeluecht. Duerno sinn den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin zesumme mat engem offizielle Cortège duerch d'Uelzechtstrooss bis op d'Gemeng gangen, wou si op der offizieller Tribün Plaz geholl hunn, fir den Defilé vun ongeféier véierzeg Escher Veräiner nozekucken.

No der Receptioun, déi vun der Stad Esch-Uelzecht organiséiert gouf, huet déi ierfgroussherzoglech Koppel d'Bevëlkerung vum Balcon vum Stadhaus ("Hotel de Ville") aus gegréisst. Dono goung d'Koppel weider op d'"Place de l'Hôtel de Ville" fir um Escher Volleksfest deelzehuelen an d'Lagerfeier vun de Lëtzebuerger Scouten unzemaachen.

Ried vum Premierminister

Um Virowend vum Nationalfeierdag, den 22. Juni, huet de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel seng traditionell Usprooch gemaach.

Fakelzuch a Freedefeier an der Stad Lëtzebuerg

Am fréien Owend, hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin, de Prënz Louis, de Prënz Gabriel an d'Prinzessin Alexandra un de Feierlechkeeten deelgeholl déi vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert gi sinn.

Si goufen vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an dem éischte Schäffe Serge Wilmes op der Kräizung vun der "Rue de l’ancien Athénée" mam "Boulevard Roosevelt" empfaangen. No der Presentatioun vum Schäffen- a Gemengerot huet d'groussherzoglech Famill de Concert vun der Militärmusek an den traditionelle Fakelzuch vun der offizieller Tribün aus suivéiert.

Um Fakelzuch huelen vill Veräiner deel. De Cortège bestoung aus Pompjeeën, Guiden a Scouten, souwéi Percussiounsgruppen, Museks-, Gesang- a Folklorveräiner a vill weider Associatiounen a Veräiner aus der Stad.

Fir den Ofschloss vum offizielle Programm vun de Feierlechkeete vum 22. Juni gouf et e Freedefeier, dat vum Pont Adolphe ofgeschoss gouf, 17 Minutten gedauert huet, a vu Kompositiounen aus de Joren 2012 bis 2019 musikalesch begleet gouf.

 

23. Juni 2022

Offiziell Zeremonie an der Philharmonie

Den 23. Juni gouf et en offizielle Festakt fir Nationalfeierdag an der Philharmonie. Do hunn sech getraff d'groussherzoglech Famill, d'Deputéiert, d'Membere vun der Regierung, vum Staatsrot, vun der Justiz, vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg a vum akkreditéierten diplomatesche Corps.

Déi groussherzoglech Famill gouf vum Chamberspresident Fernand Etgen, vum Premier- a Staatsminister Xavier Bettel, a vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg Lydie Polfer, empfaangen.

Am Kader vun der offizieller Zeremonie, hunn de Grand-Duc, de Fernand Etgen an de Xavier Bettel eng Usprooch gehalen an hunn duerno Auszeechnungen u follgend Persounen iwwerreecht:

  • De Philipp Crowther, méisproochegen internationale Journalist deen zu Washington DC baséiert ass a seng Reportagen op Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Spuenesch, Däitsch a Portugisesch mécht, krut de Verdéngschtuerden (Offizéier) vum Grand-Duché iwwerreecht;
  • D'Laura Zuccoli, déi wärend 12 Joer a bis 2022 Presidentin vun der ASTI asbl (Association de soutien aux travailleurs immigrés) war, krut den Uerde vun der Couronne de chêne (Offizéier);
  • De Lëtzebuerger Schrëftsteller Guy Helminger, deen 2022 Gewënner vum Servaispräis a vum Lyrikpreis Meran (Poesiepräis vu Merano), krut de Verdéngschtuerden (Offizéier) vum Grand-Duché iwwerreecht;
  • D'Ni Xia Lian a Sarah de Nutte, déi 2022 Bronzemedail am Fraendubbel bei der Weltmeeschterschaft am Dëschtennis gewonnen hunn, kruten den Uerde vun der Couronne de chêne (Offizéier a Chevalier) iwwerreecht;
  • D'Léa Linster, Chefkach an éischt Fra op der Welt déi 1989 mam Boscuse d'Or ausgezeechent gouf, krut den Uerde vun der Couronne de chêne (Offizéier) iwwerreecht;
  • Den Ibrahim Ajdarpasic a Fernand Collet, déi ouni ze zécken den 9. Februar 2022 beim Centre Hamilius an der Stad eng Persoun gerett hunn, déi sech a Brand gesat hat, kruten eng Éieremedail fir Courage a Bereetschaft iwwerreecht.

Den OPL (Orchestre philharmonique du Luxembourg), de Kammerchouer an d'Pueri Cantores vum Stater Conservatoire hunn fir d'musikalesch Begleedung  gesuergt. Um Programm stoung och eng Kompositioun vum Hornist a Komponist Kerry Turner, eng Commande vum Staatsministère a vum Kulturministère.

No der offizieller Zeremonie goufen déi 21 traditionell Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus geschoss.

Militärparad

D'"Prise d'armes" op der Neier Avenue stoung ënnert dem Kommando vum Colonel Yves Kalmes, Kommandant vun der Arméi a vun der Militärkasär zu Dikrech. D'Parad bestoung aus Detachementer vun der Arméi a vun der Police, souwéi aus Zivildetachementer.

No der "Mise en place" vun den Detachementer an dem Amarsch vun de Fändele vun der Arméi an der Police, goufen d'Truppe vun de follgende Persounen inspizéiert: dem Chef vum Etat-Major, de Generol Steve Thull, an dem Direkter vun der Police Lëtzebuerg, den Här Philippe Schrantz. Dono hunn de Vizepremierminister, Verdeedegungsminister, François Bausch, an de Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox, d'Truppen inspizéiert .

Doropshin hunn, noeneen, de Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, de President vun der Chamber, Fernand Etgen, d'Ierfgroussherzogin an d'Grande-Duchesse Plaz op der Éierentribün geholl.

Mëttes goufen d'Truppen da vum Staatschef a vum Ierfgroussherzog inspizéiert.

Nodeems den dräifachen "Vive" vun den Truppen exekutéiert gouf an d'Nationalhymn vum Sergant-Chef Stéphanie Schlink gesonge gouf, koum den Defilé vun de folgende Corps a Veräiner:

  • d'Lëtzebuerger Arméi – mat enger Éierekompanie an dem Fändel vun der Arméi mat grousser Eskorte, engem Detachement mat Fändeldréier vun de fréiere Bataillounen a Veteranen, engem Detachement mat Gefierer, der Militärmusek, souwéi enger Grupp vu Fändeldréier vum Eurocorps, deen aus de 6 Natioune besteet (Lëtzebuerg, Belsch, Däitschland, Spuenien, Frankräich a Polen), an dëst zum 30. Gebuertsdag vum Corps;
  • d'Police Lëtzebuerg – mat enger Éierkompanie an dem Fändel vun der groussherzoglecher Police mat grousser Eskorte, engem Detachement vun der Hondsstaffel an engem motoriséierten Detachement;
  • d'Douane – mat enger Kompanie ze Fouss, enger Hondsstaffel, der Douane's Musek an engem motoriséierten Detachement;
  • d'Prisongsverwaltung – mat enger Kompanie ze Fousse an engem Detachement vun der Hondsstaffel;
  • de CGDIS (Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps) – mat enger Kompanie ze Fouss an dem Fändel vum CGDIS, enger Sektioun vum cynotechnesche Grupp an engem motoriséierten Detachement;
  • d'Lëtzebuerger Rout Kräiz – mat enger Sektioun vun der cynotechnescher Unitéit an engem motoriséierten Detachement;
  • en Detachement vun de Gesondheetsservicer, déi wärend der COVID-19 Pandemie un éischter Front aktiv waren;
  • d'UGDA (Union Grand-Duc Adolphe) mat der Lumaband (Luxembourg Marching Band);
  • en niddreg iwwert d'Nei Avenue fléienden H145M Helikopter vun der Police, en Transportfliger vum Typ A400M vum 15. Wing vun der Belscher Komponent, dee vu Lëtzebuerger Offizéier pilotéiert a copilotéiert gëtt, an en Transportfliger an Airbus A330 vun der Multi Role Tanker Transport Unit.

Am Ganze hunn 700 Persounen, 27 Hënn a 60 Gefierer virun der offizieller Tribün defiléiert.

Te Deum

A Presenz vun der groussherzoglecher Famill, gouf de feierlechen Te Deum an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg zelebréiert. Dat ganzt gouf vum Här Kardinal Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, dem Här Alain Nacache, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg, dem Här Fikret Geoffrey Kalabic, Imam vun der muslimescher Communautéit, an dem Här Geoff Read, Kaplan vun der anglikanescher Kierch zu Lëtzebuerg  zelebréiert.

De feierlechen Te Deum gouf vun der Maitrise Sainte-Cécile vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Dirigent Marc Dostert gesongen. De Paul Breisch huet d'Westenfelder Uergel gespillt  an de Gilles Leyers d'Uergelpositiv. En Trompetten-Ensembel vun der Militärmusek huet d'Sonnerie nationale gespillt.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung

Aktualiséiert