Benelux Sommet

Am Kader vun der Lëtzebuerger Presidence vum Ministerkommitee vun der Benelux-Unioun, huet den 28. November 2022 de Benelux-Sommet um Buerglënster Schlass stattfonnt. Déi Lëtzebuerger Presidence konzentréiert sech besonnesch op dräi Prioritéiten: Gestäerkt aus der Pandemie ervirgoen, d'Synergië mat de Nopeschregioune promovéieren a sech fir eng gréng, sécher a kompetitiv Benelux-Unioun asetzen.

  1. © SIP / Luc Deflorenne

    Gruppefoto

    Gruppefoto

  2. © SIP / Luc Deflorenne

    Erweidert Aarbechtstreffe mat de Premierministere Mark Rutte, Alexander De Croo a Xavier Bettel, dem Ministerpresident Hendrik Wüst, dem aktuelle President vum Sommet vun der Groussregioun, Jean Rottner

  3. © SIP / Luc Deflorenne

    Gruppefoto vun den dräi Premierministeren, dem Ministerpresident vum Land Nordrhein-Westfalen, Hendrik Wüst, dem President vum Regionalrot vun der Regioun "Grand Est"an aktuelle President vum Sommet vun der Groussregioun, Jean Rottner

  4. © SIP / Luc Deflorenne

    Erweidert Aarbechtstreffe mat de Premierministere Mark Rutte, Alexander De Croo a Xavier Bettel, dem Ministerpresident Hendrik Wüst, dem President vum Regionalrot, Jean Rottner an de Vertrieder vum allgemenge Sekretariat vum Benelux

  5. © SIP / Luc Deflorenne

    Gruppefoto vun den dräi Premierministeren, dem Ministerpresident vum Land Nordrhein-Westfalen, Hendrik Wüst, dem President vum Regionalrot vun der Regioun "Grand Est"an aktuelle President vum Sommet vun der Groussregioun, Jean Rottner

    Gruppefoto vun den dräi Premierministeren, dem Ministerpresident vum Land Nordrhein-Westfalen, Hendrik Wüst, dem President vum Regionalrot vun der Regioun "Grand Est"an aktuelle President vum Sommet vun der Groussregioun, Jean Rottner

  6. © SIP / Luc Deflorenne

    (v. l. n. r.) Alexander de Croo, Premierminister vum belsche Kinnekräich ; Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister; Mark Rutte, Ministerpresident, Minister fir allgemeng Ugeleeënheete vum hollännesche Kinnekräich

  7. © SIP / Luc Deflorenne

    Ënnerzeechnung vun der "Erneierter politescher Deklaratioun vun de Regierunge vun de Memberlänner vun der Benelux-Unioun" duerch den hollännesche Premierminister Mark Rutte, de belsche Premierminister Alexander De Croo und de Premierminister, Staatsminister, Xavier Bettel

  8. © SIP / Luc Deflorenne

    Arrivée vun de Vertrieder vum allgemenge Sekretariat vum Benelux

    Arrivée vun de Vertrieder vum allgemenge Sekretariat vum Benelux

De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet de Ministerpresident a Minister fir allgemeng Ugeleeënheete vum hollännesche Kinnekräich, Mark Rutte, an de Premierminister vum belsche Kinnekräich, Alexander De Croo empfaangen.

Nom offiziellen Empfang sinn d'Premierministere mam Generalsekretär vun der Benelux-Unioun zesummekomm.

Wärend hirem Aarbechtstreffen hunn de Xavier Bettel, den Alexander de Croo an de Mark Rutte hiert Engagement fir eng nach méi enk Zesummenaarbecht tëschent de Benelux-Länner an eng verstäerkten europäesch Integratioun bekräftegt.

Weider Theeme waren ënnert anerem de russeschen Agressiounskrich géint d'Ukrain an d'Konsequenzen dovunner, wéi d'Auswierkungen op d'Energieversuergungssécherheet an der europäescher Unioun.

D'Premierministeren hunn op en Neits hier Ënnerstëtzung fir d'Onofhängegkeet, d'Souveränitéit, an déi territorial Integritéit vun der Ukrain bekräftegt an ënnerstrach, datt Benelux-Länner prett sinn an de kommende Joren den Opbau vun der Ukrain zesummen ze ënnerstëtzen.

An der gemeinsamer Deklaratioun, déi Dir hei an der Annex fannt, gouf ënner anerem Folgendes festgehalen:"As war has returned to our continent, our core European values of democracy, human dignity and freedom have come into focus. (Säitdeem de Krich op eise Kontinent zeréckkomm ass, sinn eis europäesch Grondwäerter d'Demokratie, d'Éier vun de Mënschen an d'Fräiheet an de Mëttelpunkt geréckelt.) We, the countries of the Benelux, will stand firm and promote European unity and solidarity.” (Mir, d'Benelux Länner, wäerte standhaft bleiwen an déi europäesch Eenheet a Solidaritéit fërderen.)

Wärend dem Aarbechtstreffen hunn d'Regierungscheffen och iwwer aktuell europäesch Theeme wéi Migratioun, de Schengen-Raum an d'Rechtsstaatlechkeet an der europäescher Unioun diskutéiert.

Un engem Deel vun den Diskussiounen hunn och zwee Noperen deelgeholl, nämlech de Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen, Hendrik Wüst an de President vum Sommet vun der Groussregioun a President vum Regionalrot vun der Regioun "Grand Est", Jean Rottner.

Wärend dësem erweiderten Treffen huet de Xavier Bettel ënnerstrach, datt d'Synergie mat de Nopeschregiounen e wichtegt Instrument wier, wéi dat och schonn an de Prioritéite vun der Lëtzebuerger Presidence festgehale gouf. Weiderhin huet hie betount, datt den Iwwergang zu engem nohaltegen, méi resilienten a sécheren Energiesystem op der Entwécklung vun erneierbaren Energien an der Energieversuergungssécherheet baséiert, wat an dësen Zäite vun Onsécherheet a punkto Energieversuergung besonnesch wichteg ass.

No den Aarbechtstreffen, hunn de Xavier Bettel, den Alexander de Croo, de Mark Rutte, den Hendrik Wüst an de Jean Rottner un enger Pressekonferenz deelgeholl an där d'Resultater vum Sommet resuméiert goufen.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert