Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 132 Resultater
  1. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, zu Buerschent an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  2. Nom Doud vu Senger Altesse Royale dem Groussherzog Jean huet de Regierungsrot sech en Dënschdeg, 23. Abrëll 2019, fir eng ausseruerdentlech Sëtzung, ënnert der Presidence vum Premierminister Xavier Bettel, zesummefonnt.

  3. De Programm fir d’Legislaturperiod 2018-2023 ass ambitiéis, et ass e Programm vun der Wäitsiicht, der Gerechtegkeet, der Nohaltegkeet, der sozialer Kohesioun an der Kompetitivitéit vun eisem Land.

  4. Haut, a Präsenz vun all deene Leit a besonnesch deene Jonken, déi d’Chance hunn nach nie Krich hu missen ze erliewen, wëll ech all deenen Merci soen, déi a schwéiere Momenter zur Fräiheet stounge grad ewéi all deenen, déi de Courage haten, en Europa ze bauen, dat Garant vu Fräiheet a Fridden ass.

  5. Den Nationale Commemoratiounsdag gëtt zënter 1946 alle Lëtzebuerger d’Geleeënheet, sech un d’Nazi-Ënnerdréckung vun 1940 bis 1945 z’erënneren an d’Undenken un all d’Affer héichzehalen, déi sech der Tyrannei entgéintgestallt a fir d’Onofhängegkeet an d’Fräiheet vun der Heemecht gekämpft hunn.

  6. Den Nationale Commemoratiounsdag honoréiert d'Solidaritéit an de Courage vum Lëtzebuerger Vollek wärend der Occupatioun vun 1940 bis 1945. Aus dësem Ulass waren etlech Zeremonien de 7. Oktober 2018 zu Lëtzebuerg virgesinn.

  7. D’Lëtzebuerger Kulturlandschaft huet e Pionéier verluer, deen eng wichteg Roll an der Entwécklung vun der zäitgenëssescher Lëtzebuerger Literatur an dem Lëtzebuerger Literaturbetrib gespillt huet. Seng grouss schrëftstelleresch Leeschtung ass duerch vill national Präisser honoréiert ginn, ënner anerem eréischt d’lescht Joer mam grousse Lëtzebuerger Literaturpräis, dem Batty-Weber-Präis.

  8. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, participéieren d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten, déi zu Esch-Uelzecht, an der Fiels an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  9. D'Portal www.gouvernement.lu weist sech an engem neien Design an ass a véier Sproochen: Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 5
  4. 6
  5. 7
  6. 8
  7. 9