Marie-Josée Jacobs à l'ouverture de l'Année internationale du Bénévolat

Altesse Royale,

Mir freën eis all, dass Dir haut bei eis sitt. Déi lescht Biller am Film, dee mir lo grad gesinn hun, dokumentéieren op eng sympathesch Manéier den Engagement vun eisem Grand-Duc a vun eiser Grande-Duchesse fir déi benodelegt Matbierger an eisem Land. Mir sin houfreg, Madame, dass Dir mam Grand-Duc zesummen den Haut-Patronage huet vum Internationale Joer vum Bénévolat hei zu Lëtzebuerg.

Excellences,

Chère Madame Heremans, Représentante de l’ONU,

L’Assemblée Générale des Nations Unies a proclamé 2001 Année Internationale du Volontariat. "Dans son sens le plus large, le travail volontaire désigne tout acte individuel non lucratif et non rémunéré, accompli sans but de carrière pour le bien-être du voisin, de la communauté ou de l’ensemble de la société." Telle est la définition du bénévolat que nous donne l’équipe de l’ONU, chargée d’organiser l’année internationale.

Je me félicite de ce que vous avez tenu à rehausser par votre présence notre cérémonie d’ouverture. Ainsi vous soulignez la valeur et la dignité des services gratuits entre citoyens, services indispensables, sans prix et qui donnent un visage humain à nos communautés. A l’occasion de Son avènement au trône, S.A.R. le Grand-Duc Henri a affirmé que le niveau d’un peuple se mesurait également au nombre des citoyens disponibles pour s’engager dans le bénévolat.

Här Scheffen,
Kolleginnen a Kollegen aus der Regierung, aus der Châmber an dem Staatsrot, aus de Schäffen- a Gemengeréit uechter d’Land,
Här Eerzbëschof, Här Groussrabbinner,
Dir Dammen an Dir Hären,
Virun allem awer Dir léif Bénévole,

Fer d’éischt e Wuert vun Unerkennung fir all déi Leit, déi dësen Owend mat dem Familjeministère fir eis virbereet hun a gestalten. Hinnen all e ganz häerzleche Merci !

Queesch duerch Europa as 1 Biirger vu 4 bénévole engagéiert. Eng CEPS-Etude aus dem Joer 1997 bestätegt dës Zuel och fir eist Land. Den Apport vum Bénévolat as onschätzbar. Déi 9 Interview’en am Film vum Menn Bodson a vum Romain Goerend weisen dat an aller Däitlechkeet. An alle Sparten vun eisem alldeegleche Mateneen si mir op Leit ugewisen, déi hir Kompetenz an hir Disponibilitéit schenken, ouni ze rechnen an ouni dofir eng Pai ze kréien. Bénévole Fraen a Männer fanne mir an denen ënnerschiddlechste Beräicher vum gesellschaftleche Liewen : Kultur, Sport, Erzéiung vu Kanner, Fleeg vun ofhängege Leit, Naturschutz, Animatioun fir Jonker, Asaz fir d’Mënscherechter, Entwécklungshëllef, Protection Civile a Pompjeeswiesen, Déngschter tëschent de Noperen, gewerkschaftlech a politesch Engagementer...

Erlaabt mer ee Beispill ënner Tausenden erauszegräifen. An dësen Deeg huet d’Associatioun "Contact humain" an aller Bescheidenheet hiren 10. Gebuertsdag gefeiert: 60 Leit - haaptsächlech Dammen, Lëtzebuerger a Nët-Lëtzebuerger - déi séch engagéieren, all Woch ee Nomëtteg ze ginn, fir a Kliniken an Altersheimer déi ze besichen, déi kee méi hun. Dat sin 240 Stonnen an der Woch, 1000 Stonnen am Mount, iwwer 10.000 Stonnen am Joer. Stonnen, déi Matmënschen, déi eleng sin, e bësse Sonn bréngen an e groen Alldag. Stonnen, déi kostbar sin, an déi kee bezuele kann!

D’Interview’en an eisem Film ënnersträichen e ganz wichtege Message: déi, déi séch engagéieren, gi vill, mais si kréien och vill. Déi 9 Dammen an Hären hu manner vun hirer Belaaschtung geschwat, als wéi vun hirer grousser Satisfactioun. Am Bénévolat hu mir d’Chance, och niewend eisem Beruff eis Talenter anzesetzen an z’entwéckelen. Mir setzen eis an fir Uleies, déi eis perséinléch wichteg sin. Mir begéinen anere Leit vun all Alter an aus alle Schichten. Mir gin agebonnen an en Team. Mir wësse, firwat mir do sin. Mir hun eng Plaz an der Gemeinschaft. Mir bestëmme matt, wat do geschitt. Mir fannen Unerkennung fir dat, wat mir leeschten.

Altesse Royale,
Excellencen,
Dir Dammen an Dir Hären,

D’UNO nennt 4 Ziler fir dat Internationaalt Joer:

  1. de Bénévolat besser bekannt ze maachen,

  2. eventuell Problemer ze léisen,

  3. ze coordinéieren a

  4. de Bénévolat ze förderen.

1) Besser bekannt maachen 

Ech géng hei gären ergänzen a soen : besser bekannt maachen a fer d’éischt mol besser kennen.

Et gët wéineg wëssenschaftlech Etuden iwwer de Bénévolat – nët nëmme bei eis, mais och am Ausland. Op vill Froen, déi mir eis stellen, hu mer nach keng Änfert : Wie sin déi Leit, déi bereet sin, séch ze engagéieren ? Wéi as de Profil vun denen, déi dat nët maachen ? Wat sin d’Motiver vun deenen engen an d’Grënn vun denen aneren ? Wéi eng psychesch oder gesellschaftlech Elementer droën derzou bäi, dass Leit séch fräiwëlleg engagéieren oder och nët ? Wéi eng Viraussetzungen mussen d’Veräiner schafen, fir bénévole Mataarbéchter unzeschwezzen ?

Fir d’Joer 2001 sin zwou lëtzebuergesch Etude geplangt, déi eis nei Änferte bréngen. Op deer enger Säit gräift den CEPS séng Aarbécht aus dem Joer 1997 rëm op a verdéift déi Etude. Op deer anerer Säit beschäftegt séch de "Centre d’Etudes de la Situation des Jeunes en Europe" mat dem Bénévolat vun de jonke Leit ; heibäi soll och studéiert gin, wéi hiren Engagement séch entwéckelt an de Joren vun der Pubertéit an der Adoleszenz.

Dann hu mir och an de näechste Méint eng Rei vu Konferenze geplangt. Fachleit vun heiheem an aus eise Nopeschlänner stin eis dobäi Ried an Änfert. Dir sitt dobäi selbstverständlech ëmmer häerzlech wëllkomm.

De Lëtzebuerger Organisatiounscomité fir dat Internationaalt Joer plangt verschidden Actiounen, fir all dat duerzestellen, wat am Bénévolat hei zu Lëtzebuerg geleescht gët. Als Beispill nennen ech déi grouss Foire vum Bénévolat, déi de 9. Dezember 2001 an den Ausstellungshalen um Kiirchbierg organiséiert gëtt. All Organisatiounen, déi bénévole Mataarbéchter hun, sin do invitéiert, fir matzemaachen.

Haut de page

2. Eventuell Problemer léisen

Dëst Uleies läit mer besonnesch um Häerz. Mir wëssen, dass de Bénévolat en onverzichtbaren Integratiounsfaktor duerstellt. E gët dem Biirger d’Chance, séch aktiv a responsabel um Opbau vun der Gesellschaft ze bedelegen. Ech fannen ët dofir bedenklech, dass ee verschidde Kategorie vu Biirger manner, wéineg oder guer nët am Bénévolat begéint : Leit, déi eleng stin, Chômeur’en, Jonker, Nët-Lëtzebuerger, Senioren, Kranker oder Leit, déi manner laang an d’Schoul gungen… Wa si nët dobäi sin, ass dat, well si ët selwer nët wëllen ? Oder gi si méi oder manner onbewosst dovun ausgeschloss ?

Ech si frou, dass eisen Organisatiounscomité dës Suergen deelt. Et goufen 10 Aarbéchtsgruppen agesat, an denen all interesséiert Leit häerzlech wëllkomm sin, fir matzeschaffen. 4 vun dene Gruppen wëll éch hei nennen :

  • D’fundamental Ausenanersetzung iwwer de Bénévolat

  • D’Verbesserung vun de Bedingungen an de Modalitéiten vum Bénévolat

  • D’geziilt Förderung vum Bénévolat vun de jonke Leit

  • D’Promotioun vum bénévolen Engagement vun eise Senioren.

Am Sozialberäich hun eng Rei grouss Servicer an de leschte Joren professionnell Mataarbéchter agestallt, fir hir Bénévole auszebilden an z’encadréieren. Mir kënne villes léieren aus der Experienz vun dëse Proffessionnellen. Si weisen drop hin, dass déi Bénévole generell méi exigent gin. Si wëlle séch éischter fir eng kuerz Zäit engagéieren a sichen dobäi Activitéiten, déi hinne Spaass maachen. Si verlaangen, fir hir Aufgab ausgebild ze gin, a wëllen och selwer matt decidéieren, wat an hirer Organisatioun geschitt.

An dësem Contexte as ët wichteg, dass déi zoustänneg Ministèren mat de groussen Organisatiounen Instrumenter schafen, déi d’Biirger iwwer de Bénévolat informéieren an déi de potentielle Kandidaten hëllefen, fir séch déi Actioun an dee Veräin erauszesichen, déi hire Virstellungen entspriechen.

Mat der Hëllef vum Kulturministère wëlle mir an de näeschste Méint e grousse Film realiséieren, deen de Bénévolat hei zu Lëtzebuerg duerstellt – all dat, wat do an denen  ënnerschiddleche Beräicher geleescht gëtt, awer och d’Froen, déi séch dobäi stellen.

Haut de page

3. De Bénévolat coordinéieren

Dat Internationaalt Joer vum Bénévolat huet schons een éischt flott Resultat. Eisen Organisatiounscomité ass e Forum, bei deem séch fir d’éischt an deer Form d’Vertrieder vun dene verschiddenen betraffenen Organisatiounen begéinen. Wann dat Joer nachhalteg Resultater soll hun, dann deerf séch dee Gremium nom offiziellen Ofschloss nët einfach opléisen. Ech proposéieren, dass d’Regierung um Enn vum Joer 2001 e "Conseil Supérieur du Bénévolat" asetzt. Hie kritt folgend Aufgaben :

  • d’Entwécklung vum Bénévolat gesin a studéieren

  • d’Zesummenaarbécht tëschent den Organisatiounen förderen

  • der Regierung Propositioune maachen, fir de Bénévolat geziilt ze förderen.

Fir d’Joer 2001 plange mir e neie Site um Internet, deen iwwer de Bénévolat heiheem informéiert : Beschreiwung vun den Activitéiten, Orientatioun vum Gestionnaire vum Projet, konkreet Aufgaben, fir déi bénévole Mataarbéchter gesicht gin, Modalitéiten vum Engagement. Och hei musse mir derfir suergen, dass sou ee Site iwwer d’Internationaalt Joer eraus viru gefouert an actualiséiert gët.

Haut de page

4. De Bénévolat förderen

Responsabel Politiker hu selbstverständlech d’Missioun, de Biergerinnen a Biirger hire bénévolen Engagement z’encouragéieren an ze stäipen. Geziilt politésch Initiativen droen villes derzou bäi, de Bénévolat méi attractiv ze maachen. Dobäi schénge mir dës Uleies besonnesch wichteg : Versécherungen, Formatioun, eng ëmfaassend Informatioun iwwer bénévole Activitéiten, d’Ausschaffen vun enger Charte vum Bénévolat, d’Méigléchkeet, séch als Bénévole auszeweisen.

Ech mengen awer nët, dass de Staat zevill agräifen a reglementéiere sollt. Domatten géif ee rëskéieren, villes vun deem ze zerstéieren, wat de Bénévolat auszeechent : Flexibilitéit, Fräiheet a Kreativitéit. D’Politik deerf den dynameschen Elan vun der Diversitéit am Bénévolat nët erstécken.

Eng vun de wichtege Froen bleiwt an dësem Cader de "congé associatif". Ech proposéieren der Regierung, een interministeriellen Aarbéchtsgrupp anzesetzen, deen déi verschidden Gesetzer a Reglementer studéiere soll, déi ët an dësem Beräich lo well ginn, an dee séch mat engem eventuellen Handlungsbedarf kritesch ausenanersetze soll.

Altesse Royale,
Excellencen,
Dir Dammen an Dir Hären,

Ech wëll ofschléissen mat engem Text, deen éch beim Léon Mercier fond hun, dem Präsident vun der belscher "Association pour le volontariat". Et as een Hommage fir déi iwwer 100.000 Bénévole an eisem Land : Fraen a Männer, Nët-Lëtzebuerger a Lëtzebuerger, Jonker an Aler, Leit aus alle Schichten aus eiser Gesellschaft.

Le bénévole -
Il a des choses à dire
Il détecte des besoins
Il réveille les torpeurs
Il traque les injustices
Il anticipe les problèmes
Il invente des solutions
Il bouscule les traditions
Il ose parler d’actes gratuits
Il est libre

Ech soen Iech Merci fir Är Gedold

Dernière mise à jour