Briefing du Premier ministre

"Zum Regierungsrot vun haut, e puer Punkten:

Mir hunn en Accord ginn fir d’Schafe vun engem Comité interministériel des droits de l’homme. Dir wësst jo, datt mir zu Lëtzebuerg an der Vergaangenheet ganz oft bei der Presentatioun vun de Rapporten iwwer d’Mënscherechter vill Retarden haten. An sou wéi se och vun der UNO virgesinn sinn, datt mir do net grad déi beschte Schüler sinn. A mir hunn einfach gemierkt datt et néideg wier méi ze coordinéieren an tëscht de Ministèren an och aner Acteuren ze verbesseren. Dofir gouf och dee Comité agesat a wäert och direkt kënnen ufänke mat schaffen.

Dann hu mir de Feu vert gi fir d’Attributioun vun der Radiosfrequenz 107,7. Dir wësst datt dat eng vun de Frequenze war, déi vum fréieren DNR war, an déi dann och an der Kompetenz vum Medieminister läit. Déi Frequenz ass ëffentlech ausgeschriwwe ginn, wourops hin 4 Kandidaturen erakomm sinn.

Ech hunn als zoustännege Minister d’ALIA wëlle froe fir en Avis vun hinnen ze kréien. Dir wësst jo datt d’ALIA en onofhängegen Institut ass, an dofir och d’Analys vun den Dossiere sollt maachen, en Avis sollt ginn. An op Grond vun de Kandidaturen huet d’ALIA sech en faveur vum Projet vun der Gesellschaft Radiolux S.A ausgeschwat. Dat ass den L’Essentiel radio wëll exploitéieren. An ech respektéieren de Choix vun der ALIA. Et ass net u mir ze soe wat gutt oder net gutt ass. Dofir hunn ech awer d’Fonctionnairen och gefrot fir en Avis ze schreiwen, an déi och zur selwechter Konklusioun komm sinn.

D’Critèren déi festgehale gi sinn, sinn déi vun engem realistesche Businessmodell, de Facteur vum Intérêt public, de Pluralismus vun der Informatioun. D’Gesetz gesäit awer normalerweis keng Dauer och vun der Permissioun vir. De Regierungsrot huet awer décidéiert déi op 10 Joer ze fixéieren.

Dann huet d’Regierung och de Moien eng Décisioun geholl, déi Lëtzebuerg als IT-Standuert nach méi attraktiv mécht, well et virun allem den Entreprisen et méi einfach mécht fir qualifizéiert Leit och aus dem Ausland ze rekrutéieren.

Dir wësst jo, et gëtt jo vun där Carte bleue européenne geschwat, wou een dann och kann en Droit de séjour, en Droit du travail och kréien. An do sinn d’Critèren och vereinfacht gi fir bestëmmte Secteuren, wou ee Land kann noweisen, datt et de Besoin huet. A gleeft, fir eis ass dat den IT-Secteur wierklech. A bis elo huet ee missen noweisen datt een 150% op d’mannst vum Salaire brut moyen verdéngt huet. Dat hu mir op 100% vum Salaire brut moyen fixéiert, wat erlaabt och d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg méi attraktiv ze maachen.

Et ass geduecht d’Leit fir an e Land ze kommen, a fir vun der blue card ze profitéieren, muss een normalerweis e Minimum vun engem Salaire brut moyen kréien. Dee war op 150% zu Lëtzebuerg, an deen ass elo op 100%. Dat erlaabt fir déi Betriber, déi soen zu Lëtzebuerg, wa mir Leit, Experte wëlle kréie fir e Betrib, déi bei eis schaffen, hu mir Minimum déi do esou vill ze bezuelen. Dat heescht, mir soe scho wat de Salaire minimum muss si fir an enger IT-Boîte hei zu Lëtzebuerg ze schaffen, an deen ass elo op de Salaire moyen erofgeschrauft ginn, wat selbstverständlech net heescht, datt en Accord tëschent Parteien net méiglech ass fir driwwer ze goen, mä wat awer vereinfacht fir ee Land, datt zum Beispill Leit aus Asien, aus Korea war elo d’Situatioun, wou dann eng koreanesch Boîte hei zu Lëtzebuerg Leit och brauch, déi koreanesch kënnen, mä déi och virun allem am Computerberäich do gutt sinn, an déi du gesot hunn, Lëtzebuerg ass net attraktiv wa mir musse schonn déi do Peie bezuelen, fir iwwerhaapt datt Leit kënnen och op Lëtzebuerg kommen.

Dann hu mir och de 5 Joeresplang ugeholl fir de Rekrutement vun den Enseignanten am Fondamental. Dee Plang ass definéiert ginn op Grond vun engem Rapport wou d’Besoinen évaluéiert goufen. Do ass och mat dra considéréiert ginn d’Changementer bei de Stagezäiten, déi an Zukunft agestallt ginn.

Dann ass de Conseil vum Fonds souverain festgehale ginn. Do si 5 Memberen, déi de Moie fir de Conseil genannt gi sinn. Alphabetesch ass dat d’Madame Isabelle Goubin, den Här Robert Kieffer, d’Madame Cathy Kremer, den Här Claude Kremer, an d’Madame Pascale Toussing.

A last but not least erlaabt mir och nach op d’Aktualitéit anzegoen, an ech hunn, den Här Konsbruck huet et och dobäi, a soss fënnt een et awer och op Internet, e bëssen iwwerrascht sinn iwwer eng Pressekonferenz dës Woch och vun enger fréierer Vize-President vun der Europäescher Kommissioun mat engem lëtzebuerger Deputéierten, an haut Europadeputéierten, déi mir virgeworf huet d’Lobbyen hätten hei zu Lëtzebuerg an an Europa décidéiert wéi et mat de Roamingspräisser sollt goen an de verschiddene Länner.

Ech sinn, an ech wëll elo net hei kritiséieren, a wou een net kann äntwerten, mä ech wëll awer just soen, datt net d’Lobbyen hei en Avis geschriwwen hunn, mä de Berec, an de Berec dat sinn am Fong déi 28 ILRen. A mir hunn en ILR zu Lëtzebuerg, et ginn aner 27 ILRen an Europa déi crééiert ginn, an de Berec ass och nach gemaach ginn ënnert der Madame Reding, déi och Kommissär deemools war, an déi selwer soen, datt de Risque ass, datt wann ee vun haut op muer de Roaming ganz géif ofschafen, de Risque ass, datt national d’Präisser géifen direkt vun haut op muer an d’Luucht goen. Dat seet de Berec. Ech soen dat net!

Ech bleiwe bei der Meenung datt et wichteg ass, datt een Accordë ka fannen tëschent Provider. An ech muss Iech och soen, datt ech ganz frou sinn, datt de lëtzebuerger ILR zesumme mam belschen ILR jo och gréng Luucht ginn huet fir datt eng lëtzebuergesch Firma an eng belsch Firma de Roaming ofgeschaaft hunn, mä ouni elo de Risque ze hunn, datt dann déi national Präisser géifen och an d’Luucht goen. Ech wäert an der Présidence weider dofir plädéieren, fir datt de Roaming à long terme, ech soen et nach eng Kéier, à long terme soll ofgeschaaft ginn, oder à moyen terme.

Mä wann ech selwer vun enger neutraler Instanz geschriwwe kréien, datt de Risque géif bestoen, datt d’Präisser géifen an d’Luucht goen, soll een dat och soen, an net vu Lobbye schwätzen. Den Avis vum Berec läit och dohannen, wann deen een oder deen aneren e wëllt duerno mathuelen.

De Berec seet och datt et vill méi wäit misst goen, et misst och iwwer d’Datae goen, an iwwer Internet, an all déi aner Froe missten och zesummen diskutéiert ginn. Dofir fannen ech et ass e bëssen einfach ze soen, et wier een enttäuscht vun enger Regierung, wann déi am Fong Avisë vun Instanzen, déi indépendantes sinn, egal wier. Et kënnt vläicht bei Wieler gutt un, mä wann de Wieler duerno Enn dës Mounts da vläicht beim Roaming 10 Euro gespuert huet, an duerno awer op seng Schlussrechnung 20 Euro méi ze bezuelen huet, well seng national Käschten an d’Luucht gaange sinn, fannen ech dat net gutt, an net am Intérêt vum Consommateur. Dowéinst wollt ech dat do awer och just präziséieren. Voilà, ech stinn zur Verfügung."

Dernière mise à jour