Porte ouverte am Atelier protégé "Op der Schock" vun der Ligue H.M.C. - Sektioun Réiden/Attert

Den 23.03.1969 ass Ligue H.M.C. - Sektioun Réiden/Attert gegrënnt gin. Deemols war hiren Sëtz am Centre d’Education Différenciée vun Réiden. Hiert grousst Ziel war, an ass och haut nach, d’Schoul mat finanziellen Mëttelen ze ennerstëtzen.

1989 gouf hannert der Schoul eng Zäer opgeriicht wou déi erwuessen Geeschtegbehënnert eng Arbëchtsplaz fond hun. 8-10 Plazen sin deemols geschâfen gin.

E puer Joër méi spéit gouf eng zweet Zäer beigebaut, well ëmmer méi Leit eng Arbëcht gebraucht hun.

1999 ass nierft der Gäertnerei een Käerzenatelier agefouert gin. Fir och hei optimal schaffen ze kënnen, ass een neien Atelier beigebaut gin, deen am Oktober 2002 ageweiht gouf.

Am europäeschen Joër vum Behënnerten wëllen och mir eis Diren opmachen an Iech weisen wéi an eisem Atelier geschafft get.

An der Gäertnerei zille mir Planzen fir all Joreszait, fir Ouschteren, d’Fréijoër, fir Allerhelljen, fir Chrëschtdaach asw.

Am Käerzenatelier maachen mir handgemaachte Käerzen vun verschiddensten Gréissten an Faarwen fir Remerciements fir en Kanddaaf, eng Kommioun oder eng aaner Festlechkeet.

An der Kichen gët all Dâg fir den Atelier gekacht an Méindes, Mëttwochs an Freides och fir d’Schoul (Centre d’Education Différenciée).

Den Entretiensgrupp mëcht verschidden Reparatursarbëchten an geet och bei Clients op d’Plaz schaffen (Hecken schneiden, den Virgäertchen uplanzen…).

Am Formatiounsgrupp (Centre de Propédeutique Professionnelle) gin d’ Leit Schrëtt fir Schrëtt an den Atelier intégréiert an op Beruffsliewen virbereed.

Een weideren wichtegen Punkt as d’ Fraizait vun eise Leit. An enger gutter Zesummenarbëcht mam Blannenheem vun Bierschbech laafen zënter November 2002 Fraizaitaktivitéiten wou souwuel séihbehënnert oder blann Leit, an Leit aus eisem Atelier, déi nach doheem wunnen, drun deel huelen. Vun Keele spillen bis spazéiere goen, vun schwame goen bis eng Visite maachen, bid den Fraizaitservice vill Méiglechkeeten fir d’Fraizait sënnvoll an an engem flotten Grupp ze notzen. Dësen Service leeft ganz ënnert der Leedung vum Blannenheem.

Aus der Idee eraus nei Bekanntschaften och ënnert den behënnerte Leit entstoen ze loossen as virun 2 Joër een Reitprojet lancéiert gin. Een Mol d’Woch ass een Grupp vun 8 Leit zesumme reiden gaang. Déi flott Ambiance, déi Begeeschterung an den Versteestemëch een fir deen aaneren hun gewisen , datt een zesumme méi staark as.

(communiqué par le ministère de la Famille, de la Solidarité sociale et de la Jeunesse dans le cadre de la campagne nationale de l’Année européenne des personnes handicapées AEPH 2003)

Dernière mise à jour