Proclamation du gouvernement à l'occasion du 60e anniversaire de la victoire des forces alliées en Europe

Muer, den 8. Mee 2005, sinn et 60 Joer hier, datt den Zweete Weltkrich hei bei eis an Europa op en Enn goung.

Dëst Joer wëlle mer e besonnesche Merci all deene soen, déi Europa seng Fräiheet ëremginn hunn.

Mir denken dobäi virun allem un déi vill alliéiert Zaldoten, un éischter Plaz un d’Amerikaner, un d’Englänner an d’Russen, déi d’Haaptlaascht vum Krich gedroen hunn.

Mee mir wëllen awer och all déi aner nët vergiessen, d’Fransousen, d’Kanadier, d’Australier, d’Hollänner, d’Belsch, d’Dänen, d’Norweger, d’Polen, d’Tschechen, d’Griichen, fir nëmmen déi Wichtegst ze nennen.

Mir denken un eis Prënze Félix a Jean, déi aktiv an de briteschen Truppe präsent waren.

Mir éieren haut eis Lëtzebuerger Fräiwëlleg an den alliéierten Arméien an am Maquis, déi hiert Liewen op d’Spill gesat hunn, fir géint Hitler-Däitschland mat der Waff an der Hand hire Mann ze stellen.

Nët vergiess sinn eis Resistenzler, déi dem Okkupant d’Stier gebueden hun.

Mir wëllen awer och un déi Jongen a Meedercher denken, déi an der verhaastener Uniform hu misse kämpfen, oder déi am Reichsarbeitsdient waren an doduerch vill gelidden hunn.

Zwar war den 8. Mee nach nët d’Enn vun all Leed an Zerstéierung, nach gouf a ville Familljen op e Papp, e Jong, eng Fra, e Meedche gewaart, déi nach nët aus dem KZ, der Emsiidlung oder der Krichsgefaangeschaft ërem waren, mee dach war de Fridden elo do.

Eng nei Zäit huet ugefaang. Déi vill, bal iwwergrouss Problemer, wéi Rapatriement a Reconstructioun, goufe mat neiem Mutt ugepak. Lëtzebuerg huet e neien Depart geholl.

Zanter 60 Joer liewe mer elo a Fridden an eisem Land a mat eise Noperen.

D’Iddi fir Europa z’eenegen an doduerch neie Krich onméiglech ze maachen, huet sech verbreet an haut si mer zu 25 a geschwënn zu 27 an der Europäescher Unioun. Europa wiisst ëmmer méi zesummen. Dat ass d’Garantie datt mer weiderhinn a Fridden a Fräiheet liewe kënnen.

Loosse mer äis muer un den Dag vu viru 60 Joer erënneren an äis virun deene vernäipen, déi äis d’Fräiheet an d’Onofhängegkeet ërembruecht hunn.

D’Membere vun der Regirung
Jean-Claude JUNCKER, Jean ASSELBORN, Fernand BODEN, Marie-Josée JACOBS, Mady DELVAUX-STEHRES, Luc FRIEDEN, François BILTGEN, Jeannot KRECKÉ, Mars DI BARTOLOMEO, Lucien LUX, Jean-Marie HALSDORF, Claude WISELER, Jean-Louis SCHILTZ, Nicolas SCHMIT Octavie MODERT

(communiqué par le ministère d'État)

Dernière mise à jour