Op dëser Journée nationale, déi vum "Comité directeur pour le Souvenir de la Résistance" organiséiert gëtt, denke mir wéi ëmmer un déi 23 Cheffe vun der Resistenz, déi de 25. Februar 1944 - viru 63 joer! - am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d'Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert ëmbruecht goufen. Doriwwer eraus ower soll un all déi Doudeg vun der Resistenz erënnert ginn, déi an anere Kazetter oder an de Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe fir d'Heemecht hierginn hunn.
Hei den offizielle Programm vun de Commémoratiounsfeieren:
11.00 Auer
Mass an der Glacis-Kapell, gehale vum Abbé Patrick Muller. Et sengt d'Chorale des Exilés ënner der Direktiou vum Här Gras a mat der Participatioun vum Clairon Edmond Faber.
11.50 Auer
Formatioun vum Cortège mat, un der Spëtzt, en Détachement vun der Arméi, der Militärmusék an de Fändele vun der Resistenz. De Wee bis op de Kiirfecht as nët wäit, sou datt d'Resistenzler an hir Sympathisante sech, wann nëmme méiglech, dem kuurze Cortège uschléisse sollen.
12.00 Auer
Cérémonie virum Hinzerter Kräiz:
- Choral exécutéiert vun der Militärmusék.
- Seenong vun de Griewer duerch d'Vertrieder vun den 3 Reliounen.
- Néierleeë vu Blummen duerch d'Autoritéiten an d'Resistenzler.
- Sonnerie aux Morts.
- Usprooch vum President vum CdSR, Albert Hansen.
- Heemecht.
- Traditionnelle Rondgang laanscht d'Griewer vun de Victimen.
(communiqué par le Comité directeur pour le souvenir de la Résistance)