Intervention de Jean-Claude Juncker lors du débat de consultation à la Chambre des députés sur l´évolution de la crise irakienne

(Seul le discours prononcé fait foi)

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Während d'franséischt Parlament haut fir d'éischt iwwer den Irak debattéiert presentéiert d'Regirung sech fir d'véiert hei an der Chamber, fir iwwer déi wichtegst Fro déi d'international Aktualitéit de Moment kennt ze schwätzen.

Zanter der leschter Aussprooch vum 11. Februar an däer vun haut hunn zwee wichteg Evenementer stattfonnt.

Déi impressionnant Friddensdemonstratioune vum 15. Februar, déi am Rescht vun der Welt an och a grad déi heiheem, hu kloer gemaach datt d'Leit aus alle Schichten a vun all Alter sech net mat der Fatalitéit vum Krich offanne wëllen. Dofir ware s'an de Stroossen an dat war och gutt esou. Grad ewéi si verwerft d'Regirung d'Optioun vum Krich als normal an automatesch Fortféierung vun der Politik mat anere Mëttelen. Der Tendenz de Krich als gläichgeberechtegt Alternativ zu Politik an Diplomatie ze begräifen triede mer entgéint. Mir wëlle keng Welt vum Krichsdauerzoustand.

Zwee Deeg no dem Marsch fir de Fridden hunn déi fofzéng Staats- a Regirungschefe vun der europäescher Unioun sech zu Bréissel getraff fir iwwer den Irak ze beroden. Mir hunn zu deenen éischte gehéiert déi de Sommet aberuffe wollten well déi europäesch Haltung an der Irak-Fro komplett onlieserlech gi war.

Hir Lekture fällt nom Sommet méi liicht – trotz dem spuenesch-englesche Co-Sponsoring vun der zweeter amerikanescher Irak-Resolutioun.

 Den europäesche  Rot huet en däitleche Message u Bagdad geschéckt. De Saddam Hussein misst direkt a ganz ofrëschten a mat den UN-Inspekteren zesummeschaffen. Wann en déi lescht Chance net géif notzen misst en aleng d'Konsequenzen vun senger onasiichteger Haltung droen.

D'Ofrëschtung vum Irak misst mat friddleche Mëttelen erreecht ginn. Fofzéng Regirungen hunn dat gesot, keng sot de Géigendeel. Grad wéi fofzéng Regirunge gesot hunn de Krich wier ze verhënneren.

Déi fofzéng Staats- a Regirungschefen hunn onzweedeiteg gesot d'UNO misst den Dréi- an Aangelpunkt vun der internationaler Uerdnung bleiwen. De Weltsëcherheetsrot, deen iwwer den internationale Gewaltmonopol verfügt, misst all Decisiounen déi sech aus der Weigerung vum Saddam fir zesummenzeschaffen erginn huelen. Hien aleng. Kee Regirungschef huet probéiert dat ze nuancéieren.

D'Inspektere vun der UNO, sou huet den europäesche Rot festgeluecht, missten Zäit a Mëttele kréien fir hir Missioun déi net onendlech laang dierf daueren erfëllen ze kënnen. Och op dësem Punkt gouf et d'Averständnis vun deene fofzéng Regirungen.

Den Drock op den irakesche Regime misst oprecht erhale ginn. Déi fofzéng Regirungen hunn hirer Iwwerzeegung Ausdrock ginn datt den amerikaneschen Opmarsch ronderëm den Irak eng essentiel Roll gespillt huet fir datt d'Inspekteren an dat Land konnten zréckgoen.

De Sommet huet däitlech gemaach datt den Asaz vu Gewalt, dee vum Weltsëcherheetsrot ze decidéiere wier, nëmmen dat allerläscht Mëttel zur Konfliktléisung kënnt duerstellen.

Dës Aussoen, dës Festleeungen an dës Orientéierunge vum europäesche Rot entspriechen millimetergenau deem wat ech den 11. Februar hei am Numm vun der Regirung virgedroen hunn. Si bilden een europäesche Konsenssockel op deem opgebaut muss ginn.

Weder de Saddam Hussein nach den amerikanesche President, déi ech beileiwen net wëll op een Niveau stellen, kënnen dësen europäesche Konsenssockel un d'Wackele bréngen. Déi eenzeg déi e kënnen auserneerappen sinn d'Europäer selwer.

 Et gehéiert zu de strukturelle Schwächte vun der gemeinsamer europäescher Aussen- a Sëcherheetspolitik datt déi zwee Memberstaaten déi permanent Mitglieder vum UN-Sëcherheetsrot sinn et als eng Fro ëmfannen déi an hirem eegenen Ermiesse läit wéi se mat deene  Rekommandatiounen a Festleeunge vum Conseil Européen ëmginn. Eng europäesch Aussepolitik hu mer eréischt deen Dag wou een europäeschen Ausseminister um Dësch vum Weltsëcherheetsrot sëtzt fir d'europäesch Positiounen ze vertrieden. Do si mer nach net. Wa mer net dohinner kommen gi mer – dat weist d'Irak-Kris – an der internationaler Bedeitungslosegkeet ënner.

Well mer nach net mat enger Stëmm am Weltsëcherheetsrot schwätzen ass et – och nom europäesche Sommet – méiglech gewiescht datt déi zwee permanent an déi zwee net-permanent Sëcherheetsrotsmembren europäescher Provinienz zu ënnerschiddleche Festleeunge betreffend déi zweet amerikanesch UN-Resolutioun komme konnten. Mee keen europäescht Land dat de Moment am Weltsëcherheetsrot sëtzt huet gesot datt ausserhalb vum UN-Sëcherheetsrot kënnt eng unilateral Decisioun getraff ginn. Dont acte. Ech hale fest datt déi zwou europäesch Initiativen déi vu Spuenien an England op däer enger a vun Däitschland a Frankräich op däer aner Säit allen zwou sech aschreiwen an d'Haaptfestleeung vum europäesche Rot nämlech datt den UNO-Sëcherheetsrot all relevant Decisiounen an der Irak-Fro muss huelen. 'T ass un den UN-Sëcherheetsrot wou déi zwou Initiative sech riichten, deen UN-Sëcherheetsrot vun deem mer zu fofzéng Regirunge gesot hunn hie wier eleng zoustänneg. Trotzdem: déi net inhaltsgläich Initiative vun deene véier Memberstaaaten vun der EU hunn den europäesche Konsenssockel net méi fest gemaach. Ech bedaueren dat. Ech hunn zéng Joer vu mengem politesche Liewen dermat verbruecht fir zesumme mat aneren ze hëllefen d'europäesch Wirtschafts- a Währungsunioun op d'Been ze bréngen. Net aus wirtschafts- a währungspolitesche Grënn mee well ech d'Hoffnung hat datt den Euro de Schrëttmaacher géif ginn fir eng gemeinsam Aussen- a Sëcherheetspolitik. Ech hunn ni gemengt dat géif automatesch goen. Mee ech hunn och ni gemengt datt mer nodeem mer de Bannemaart an den Euro hunn eis esou schwéier géifen dinn fir europäesch Ambitiounen gemeinsam formuléieren an zesumme vertrieden ze kënnen. Den Euro war laang een Dram. En ass haut Realitéit. D'gemeinsam Aussen- a Sëcherheetspolitik, esou fäerten ech, bleiwt nach fir vill Joren en Dram. Mee mir loossen eis net decouragéieren. Mir mengen datt Europa eréischt richteg komplett ass wa seng gemeinsam Aussepolitik geuerdnet ass.

 Den UN-Sëcherheetsrot ass zënter virgëschter mat enger zweeter Irak-Resolutioun befaasst déi vun den Amerikaner, den Englänner an de Spuenier abruecht ginn ass. D'lëtzebuergesch Regirung kann d'Opportunitéit vun däer zweeter Irak-Resolutioun net erkennen. Mir mengen datt d'Inspektere mat hirer Aarbecht nach net fäerdeg sinn. Mir mengen datt déi Inspektioune musse viru gefouert ginn, wat viraussetzt datt de Saddam endlech zu däer Zesummenaarbecht bereet ass déi d'Welt vun him verlaangt. Mir sinn iwwerzeecht dervun datt d'Entwaffnung vum Irak mat friddleche Mëttele ka geléngen. Dofir si mer dergéint datt de Versuch de Konflikt friddlech ze léisen ofgebrach gëtt. Mir mengen e misst viru goen. Déi fofzéng europäesch Regirungen hunn eng militäresch Léisung vum Konflikt net ausgeschloss. Am Géigendeel: si hu gesot et wier ee Mëttel zur Konfliktléisung. Mee si hunn och gesot et wier dat allerläschte Mëttel zur Konfliktléisung. Si hunn net gesot de Krich misst den nächste Schrëtt sinn. Virum allerläschte Schrëtt, de Schrëtt an de Krich, läit deen nächste Schrëtt an deen nächste Schrëtt dee virum allerläschte Schrëtt muss leien ass d'Weiderféiere vun dem Versuch de Konflikt friddlech ze léisen. Den Irak muss ofrëschten. Mir mussen alles derfir maachen fir datt en dat ouni Krich mécht.

Dernière mise à jour