Intervention de Lydie Polfer lors du débat de consultation à la Chambre des députés au sujet de la crise irakienne

Här President, Dir Dammen an Hären,

De Statsminister huet d’Schlussfolgerungen vum Europäesche Conseil explizéiert a kloer duergestallt, datt Lëtzebuerg sech ganz an denen Elementer erëmfonnt huet.

Eis Positioun war konstant an ëmmer geriicht fir all diplomatesch Mëttelen ze gebrauchen fir déi Krise am Irak ze léisen, den Irak ze entwaffnen an d’Gefor déi doduerch vum Saddam Hussein sengem Régime ausgeet, op seng eegen Leit, op d’Regioun an op eis ze briechen.

Dat wor eis Politik, déi ech hei virun deser Chamber explizéiert hun den 10. Oktober, den 30. Januar an dat selwecht huet den Statsminister de läschten 11. Februar erklärt.

Mir hunn als Lëtzebuerger Regierung alles gemaach, wat an eisen Méiglechkeete war an der Europäescher Unioun, an der Nato an an der Uno, fir datt déi Stemm vun den diplomateschen a friddlechen Mëttelen gehéiert a verstäerkt gëtt.

Ech wëllt drunn erënneren, datt d’Situatioun am September d’läscht Joer nach ganz anescht war. Ech sinn a menger Ried an der Assemblée vun der Uno, zesumme mat denen aneren Europäer dofir agetrueden, datt den Débat iwwert d’Krise am Irak keng unilatéral Wéer goen soll, mä datt dës Diskussioun soll an der Uno stattfannen. Wéi ech den 4. Oktober den State Secretary Powell gesinn hun, war eist Uleies, datt eng Résolutioun an der Uno soll den Drock op den Irak stärken am Kader vun dem Secherheetsrot vun der Uno. Datt d’Resolutioun 1441 dunn an der Estemmegkeet ugeholl ginn ass den 8. November, war eppes, wat mer eis e puer Wochen virdrunn nach net erhofft haten.

Et war wéinst der Sach richteg, mä och fir eis mettel- a langfristeg Objektiver absolut néideg, datt des Krise am Irak an denen multilateralen Fora behandelt ginn, wou Regelen an Prozeduren do sinn fir eis ze lenken a fir grouss a kleng Staaten zesummen un den Dësch ze brengen fir wichteg international Froen ze klären.

Dat ass d’Methode, déi och d’Basis ass vun eisem Handelen an der Europäescher Unioun. Dofir musse mer net ëmmer enger Meenung sinn, mä mir mussen de Familjensënn, den eis zesummen hällt gebrauchen, fir ëmmer erëm Wéer ze fannen fir neess Gemeinsames festzestellen.

Dese Méindech hu mer nach eng Kéier zu 15 Aussenminister den Point gemacht iwwert eist Viirgoen op der Basis vun de Schlussfolgerungen vum läschten 17. Februar.

Mir hunn des Diskussioun deelweis zesumme mam Generolsekretär a mat der aktueller libanesescher Präsidentschaft vun der Arabescher Liga geféiert. Well et läit jo den Europäer speziell drunn, fir des Krise am Irak och an hierem regionalen Zesummenhang ze gesinn. Dofir hat d’griechesch Präsidentschaft eng Rei Länner vum Noen Osten besicht, an den Minister Papandreou war och op der Sëtzung vun den Ausseminister vun der Arabescher Liga den 16. Februar. Des Länner sinn als éischt betraff vun dem Risiko, den de Saddam fir d’Regioun ass, mä si sinn och besuergt, datt alles gemaach gëtt fir eng friddlech Léisung ze fannen, well all aner Wéer grouss Risiken hunn fir d’Stabilitéit vun der Regioun. Dofir schafft d’EU ganz enk zesumme mat de Länner aus der Regioun, an et sin och d’Europäer déi ëmmer erëm am Zesummenhang vun Irak drop hin weisen, datt et parallel onabdengbar ass, den Friddensprozess am Noen Osten weider ze brengen. Dat ass och kloer um läschten Europäesche Rot gesot ginn an de Schlussfolgerungen. Den Israeleschen Ausseminister huet d’ailleurs den Europäer geschriwwen fir sech doriwwer ze beschwéieren. Mä dat wäert eis net dovunner ofbrengen, ëmmer ërem de Problem vum Friddensprozess an der néideger Aarbecht vum Quartet opzebrengen.

Här Präsident,

De läschte Méindech hu mer och zu 15 iwwert déi nei Texter geschwat, déi den Dag selwer nach dem Secherheetsrot viirgeluecht gi sinn, déi amerikanesch/englesch/spuenesch Resolutioun an de franséisch/däitsch/

russesche Memorandum. Et ass ze begréissen, datt déi eng an déi aner weider d’Solutioun an der Uno sichen, a mir kënnen nëmmen hoffen, datt an dene kommende Gespréicher am Secherheetsrot nach gemeinsam Wéer kënne fonnt ginn.

Fir eis ass et kloer, datt mer nëmmen kënnen déi Beméiungen ënnerstëtzen, déi weider probéieren mat friddlechen an diplomateschen Mëttelen d’Krise ze bëendegen. D’Inspekteren sollen eng läscht Chance kréien, fir ze weisen, datt Progreën méiglech sinn mam Irak an datt dese wirklech mat den Inspekteren aktiv zesummeschafft. Et ass un den Chefinspekteren Blix an El Baradei fir ze soen, wat geet an net geet. Dat hu sie schons zweemol gemaach, den 27. Januar an den 14. Februar. Sie hu festgestallt, datt keng flagrant Problemer sinn, mä datt den Irak net aktiv genuch an net éierlech genuch mat hinnen zesummeschafft. Verschidden Schrëtter sinn du vu Bagdad gemaach ginn. Et muss elo genau gekuckt ginn, wéi den Irak op déi Fuerderung vun der Zerstéierung vun den Al-Samoud 2 Missilen réagéiert. Et ka jo och net sin, datt zwëschent den Inspekteren an dem irakeschen Regime e Katz-a-Maus-Spill ass. Dat entsprëcht net dem Sënn an dem Text vun der Resolutioun 1441.

Mir mussen also kucken, wat um Terrain passéiert a wat dann d’Chefinspekteren dem Secherheetsrot an hieren nächsten Rapporen wäerten schreiwen a soen, besonnesch den 7. März. Duerno muss erëm weider gekuckt ginn. Mä wéi och de franséisch/däitsch/russeschen Memorandum seet, hunn d’Inspektiounen Resultater bruecht, an déi däerfen net ennerschätzt ginn. Wann d’Inspekteren fannen, datt nach Terrain ass fir weider ze fueren, da soll een hinnen déi Méiglechkeet ginn.

Dat heescht net fir éiwech laang, an et heescht och net, datt mer eng militäresch Aktioun ausschléissen. Nee, mä sie ass fir eis de läschten Recours, wann alles soss keng Resultater brengt. D’Sanktiounen an och déi militäresch Aktioun sinn en Deel vun der Charta vun der Uno. Sie sinn also en Deel vun dem internationalen Recht, dat mer net wëllen léignen an zu dem mer stin.

Här Präsident,

Vu militäreschen Mettelen ass och an der Nato Riets gewiescht déi läscht Wochen. Hei wor d’Diskussioun vun den Amerikaner ugefangen ginn, fir ze kucken, wat d’Nato plange soll fir d’Tirkei ze beschützen am Kader vun der jetzeger Krise. Lëtzebuerg hat Bedenken am Timing ausgeschwat, wat des Planung ubelangt, well mir wollten op den éischten grousse Rapport vu Blix an El Baradei waarden. Et goung jo drëm ze évaluéieren, op den Risikofaktor Irak géiff kënnen schnell durch d’Inspektiounen ënner Kontroll kommen. Dat war net de Fall. Vill Verbesserungen waren nach néideg an den Irak war net esou wëlleg, wéi en dat gehofft hat fir aktiv matzeschaffen. Dofir hu mir dunn eisen Accord ginn an der Nato, datt déi Plannung kéint ufänken, well mir eis kloer bewosst waren, datt et hei em eis Obligatiounen engem Alliéierten géintiwwer goung, an datt do, wann een sech bedrot fillt, eis kollektiv Défense muss spillen, well dofir ass d’Nato do. Dat huet och d’Demande vun der Tiirkei fir den Artikel 4 vum Vertrag vu Washington ze invokéieren, kloer bestätegt. Dräi aner Länner, Frankreich, Däitschland an d’Belsch, hu weider an der Nato drop beharrt, datt des Moossnahmen net kéinten akzéptéiert ginn. Sie wollten schlussendlech bis den nächste Rapport zu New York den 14. Februar waarden.

Verschidden Delegatiounen, mä och de Generalsekretär vun der Nato haten an Zwëschenzeit an de Medien deser Disckussioun eng Wichtegkeet ginn, déi eigentlech Planingsmesuren an der Nato guer net sollten zoukommen. Et ass dunn schlussendlech de Sonndech 16. Februar zu engem Accord an der Nato komm, den an de groussen Zich dem entsprach huet, wat schonns um Dësch louch. Däitschland, Frankreich and Belgien hunn dunn nach eng gemeinsam Erklärung un d’Press gemaach.

Et muss een hoffen, datt all weider Diskussiounen an der Nato an der Methode an am Toun esou geféiert ginn, fir erem op déi gudd Traditiounen vun der Organisatioun zeréck ze kommen. Ech soen dat besonnesch, well ech net richteg fonnt hunn, wéi eis belsch Noperen behandelt gi sin. A schwéieren Zeiten muss een dem aneren d’Situatiounen net nach weider erschwéieren.

An Zwëschenzeit huet d’Nato entschieden, déi Mesuren och emzesetzen an unzefänken d’Awacs an de Süden vun der Tiirkei ze schécken an och den Transport vun den Patriotmissilen ze organiséieren. Dat ass des Woch ennerwee.

Här Präsident,

An der Nato, an der Europäescher Union an an der Uno stinn grouss Decisiounen un. Verschiddener wäerten net am Konsens méiglech sinn. Dat hu mer an der EU gesinn. Mir sin eis zwar op villen Prinzipen eens, mä mir deelen net déi selwecht Meenung iwwert d’Methode fir zu engem Entwaffnen vum Irak ze kommen. Dat kann ee bedaueren, dat muss ee bedaueren. Et kann een awer och doraus léieren. Et ass ons firgeworf ginn, mir hätten keng kloer Line. Dat ass net richteg, well mir konsequent fir eng friddlech Leisung am Kader vun dem Weltsecherheetsrot agetrueden sinn. Wat wouer ass, dat ass datt mer keng verbal Excèen oder Attaquen geridden hunn, well mer der Meenung waren an sinn, datt alles muss gemaach ginn fir d’Europäer net zevill wäit auserneen drifften ze loossen. Eisen Appel riicht sech un déi eng an un déi aner, fir nach ze versichen op den aneren zouzegoen. De Contraire kéint negativ Konsequenzen hunn fir Europa, wat jo awer nach vill Gemeinsames ze maachen huet, wéi zum Beispill den Elargissement.

Dat hun ech och den läschte Méindech am Conseil menge Kollegen gesot. Mir hunn och immens vill gemeinsam, als Lëtzebuerg an als EU mat Amerika. Mir deelen déi selwecht Prinzipien a Valeuren. Alles dat hu mer festgesat an eisen Institutiounen, an eisen internationalen Organisatiounen.

Loosse mer also an der ganz schwéirer Debatte iwwer d’Entwaffnen vum Irak, an iwwert villäicht Krich oder Fridden net vergiessen, datt den Irak a seng Massevernichtungswaffen eist Belaangen ass.

Ech soen Iech merci.

Dernière mise à jour