Heure de questions au gouvernement relative à la crise irakienne à la Chambre des députés: intervention du Premier ministre Jean-Claude Juncker

(Seul le discours prononcé fait foi)

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

Déi Situatioun déi de Moment ronderem den Irakkonflikt agetrueden ass, muss ee realistescherweis dovun ausgoen loossen, datt déi net-militäresch Léisung vum Irak-Problem nach null Chancen huet, an datt et zu engem militäresche Konflikt am Irak kënnt.

D’Lëtzebuergesch Regierung bedauert dat op d’Déifst, well sie huet sech vun Ufank un, wou den Irak-Konflikt erem op déi international Agenda sech selwer gesat huet, ouni Paus dofir agesat, datt et zu enger friddlecher Entwaffnung vun dem irakesche Regime géif kommen. Déi international Gemeinschaft ass sech eens dran, datt den Irak eng Menace constituéiert, an ass sech largement eens dran, datt een déi Menace kann doduerch verschwannen dinn, datt een zu enger friddlecher Endwaffnung vum Irak kënnt.

Et ass dee Wee, dee vun der friddlecher Endwaffnung, dee vun der Fortsetzung vun der Aarbecht vun den UN-Inspektoren, déi d’Lëtzebuerger Regierung net nëmmen privilégiéiert huet, mä als den eenzeg richtegen an dene läschte Wochen a Méint dohinnergestallt huet. Mir kënnen net erkennen, aus wat fir engem Grond datt net bis zum Schluss, dat heescht bis zur läschter Minutt probéiert ginn ass, dem friddlechen Endwaffnungswee seng Chancen ze ginn.

Mir stellen haut fest, datt de Krich, dee mer als den Asaatz vum allerläschte Mëttel gesinn hunn, sech ëmfunktionnéiert huet an den Asaatz vun den nächstfolgenden Mëttelen. D’Lëtzebuerger Regierung ass matt där Politik net d’accord, an ass am Désaccord mat der Décisioun déi den amerikaneschen Präsident schéngt geholl ze hun. Mir sinn der Meenung, datt et richteg gewiescht wier, op Grond vun dem 85 Säite staarken Rapport vun dem Chef-Inspekter Blix, den Hënnt virgeluecht ginn ass, an engem kloer ofgestuftenen Zäitplang mat der Entwaffnung vum Irak virunzefueren, bis datt géif festgestallt ginn, datt déi Entwaffnung geschitt wier, oder bis datt festgestallt gi wier, datt den Irak sech weider géif weigeren, an eng aktiv a pro-aktiv Entwaffnungsprozedur anzetrieden.

Déi Tatsach, datt den irakesche Regime sech erwisenermoossen zu kengem Ament bereet erklärt huet, awer ënner Beweis gestallt huet, datt en zur integraler Entwaffnung bereet ass, ass een Element wat wiesentlech zu der dramatescher Zouspetzung vun deser Situatioun bäigedroen huet. An dofir gehéiert zu enger korrekter Bewäertung vun dem Gesamtvirgang an där Regioun, am Irak och, eng extrem däitlech Condamnatioun vun de Machenschaften an de Missetaten vun dem irakeschen Diktator, den ursächlech mat Schold ass un desem Konflikt, an den all Mëttelen an all Moyenën an der Hand gehat hätt, fir dëser dramatescher Steigerung vun der Konfliktzouspëtzung aus dem Wee ze goen.

De Saddam Hussein hannerléisst e Ruinefeld, net nëmmen an sengem Land, mä an der ganzer Regioun ronderem sech. Et hätt gutt zur internationaler Communautéit gepasst, wann och déi Regierungen, déi méi ze soen hunn am Weltsecherheetsrot wéi déi Lëtzebuergesch oder aner europäesch Regierungen, mat Insistenz den Irak zur Entwaffnung opgefuerdert hätten, a mat Insistenz dofir plädéiert hätten, bei denen déi et anescht wollten, datt des Entwaffnung mat friddleche Mettelen géif geschéien. Mir sinn iwwerzeecht dovun, datt dat méiglech gewiescht wier. Mir sin iwwerzecht dovunn, datt daat an e puer Méint hätt kënne gemaach ginn, a mir bedaueren et dofir, datt de Friddens-Entwaffnugsprozess duerch d’UN-Inspektoren ënnerbrach ginn ass duerch eng unilatéral Décisioun fir där hirt Zustanekommen mir net all rechtlech Virbedingungen erfëllt gesinn.

Wéi een dee méiglechen unilatéralen Schlag vun den USA an vun aneren - sie si jo net alleng - juristesch bewäerte soll, ass eng Fro déi läschtendlech relativ onwichteg ass. Ech stelle fest, datt et séier ënnerschiddlech juristesch Interpretatioune ginn iwwert d’Dimensioun vun der Resolutioun 1441 an iwwert d’Rechtbestännegkeet vun det Autorisatiounsgewalt vun dene Resolutiounen, déi virun der Resolutioun 1441 geholl gi sinn. Dee Rechtssträit wäerte mer an denen nächsten Deeg sech virun eisen intellektuellen Aan ofspille gesinn. Politesch as dat eng irrelevant Fro, well d’Lëtzebuergesch Regierung, wéi och d’Lëtzebuergescht Parlament, sech dofir ausgeschwat hätt, datt et eng kloer, eendeiteg, juristesch fundéiert, operativ, efficace an effizient Nei-Décisioun vum UN-Weltsecherheetsrot misst ginn. Insoufern ass d’juristesch Qualifikatioun vun dem Akt, dee mer elo hei ze dékoréieren hunn, eng irrelevant ginn. Well och wann e juristesch gerechtfäertegt wier, wiere mer jo nawell nach der Meenung, datt de Moment nach net komm gewiescht wier, fir de Konflikt elo ouni weider Evolutiounen militäresch ze léisen.

Ech wëll am Numm vun der Regierung dat heite soen: Bei allem Désaccord, dee mer der amerikanescher an der Décisioun vun aneren Staaten entgéintsetzen, bei aller Frustratioun och driwwer, datt d’UNO, an Erwaardung vun hierem internationalen Gewaltmonopol ausgehiewwelt ginn ass, bei aller Frustratioun och driwwer, datt de Wee vun der friddlecher Endwaffnung sech a läschter Instanz net méiglech erwisen huet, well fir aner Akteuren déi militäresch Optioun eng war, déi sech hinnen als scheinbar eng irresistibel Optioun opgedrängt huet, si mer nawell der Meenung, datt d’Vereenegt Staten vun Amerika, wéi och aner europäesch Staten, déi an dem Konflikt hei Wëlles hunn, sech militäresch z’engagéieren, Alliéierten vum Lëtzebuerger Stat sinn. Wouraus résultéiert, datt mer bei allem Ierger, a bei aller Enttäuschung iwwert déi agetruede Situatioun, net aus den Aan däerfen verléieren, datt aus eise Bündnis-Verpflichtungen eraus eng Reih vun Obligatiounen ofzeleede sinn, zu denen d’Lëtzebuerger Regierung och steht.

Esou wéi Däitschland, esou wéi Frankräich, an esou wéi d’Belsch, ass d’Lëtzebuergesch Regierung gewëllt, déi Obligatiounen, déi sech aus dem Zoustand vun der Appartenance zu der selwechter Allianz erginn, voll-empfänglech ze respektéieren, an déi eventuell Demanden, déi un se geriicht ginn, aus dem Geescht vum Alliéierten eraus, prinzipiell positiv ze beäntwerten, à moins datt Grënn, déi total géifen dogéint schwätzen, een dozou géife bréngen, fir sech denen Demanden do ze refuséieren.

Den Soliditéitslien, den iwwert den Atlantik geht, an den Amerikaner, Kanadier an Europäer zu enger Schicksalsgemeinschaft zesummegeschmolz huet, den däerf net a Fro gestallt ginn, iwwert dee Konflikt hei eraus. Well ee spezifeschen Konflikt ass, wou mer e graven Désaccord mat den Vereenegte Staten an mat aneren Alliéierten hunn. Et muss ee virun Aan behalen, datt europäesch a lëtzebuergesch Secherheet ausserhalb vum NATO-Bündnis net ze assuréieren sinn, wouraus sech eng gewëssen Aart a Weis vu Behuelen, och an dësem bedauerlechen an oofzelehnenden Konfliktfall ergëtt.

D’Soliditéit vun dem transatlanteschen Lien, dat ass net d’Solidaritéit an d’Soliditéit vun de Relatiounen tëscht denen, déi am Moment regéieren, c’est l’affaire des peuples. An an dem Mooss, wou dat eng Affär ass, déi op eng laang Zait eraus déi nordamerikanesch Völker mat denen europäeschen Völker op enger gemeinsamer Ambitiounspiste muss verbannen, muss een d’Noutwännegkeet vun der Erhalung vun dem Lien virun Aan hunn.

Ech sinn all dene Riedner, ugefangen beim Här Asselborn bis zum Här Bausch dankbar, déi drop verzicht hunn, an dëser Debatt, antiamerikanesch Téin an hieren Discours afléissen ze loossen, an déi d’Noperschaft an d’Proximitéit vun den Usiichten iwwert den aktuellen Konflikt eraus vun den nordamerikaneschen öffentlechen Meenungen an den öffentlechen Meenungen an Europa, wéi ech fonnt hun, gebührend an zu Recht ënnerstrach hunn.

Mir hunn eis an dene läschten Deeg, d’Madame Polfer op dem Niveau vun den Ausseministeren, an ech selwer um Niveau vun den Regierungscheffen, intensivst ennerhal mat eise Partner an der Europäescher Unioun an am nordatlanteschen Verdeedegungsbündnis fir zur Conclusioun ze kommen datt, eischtens, am Chef vun dene meeschte Regierungen déi amerikanesch Décisioun, déi vun aneren gedeelt gëtt, op Oflehnung stéisst, an zweetens, am Chef vun allen NATO-Regierungen d’Bereetschaft besteet, fir aus de Bündnisverpflichtungen eraus, déi Obligatiounen wouer ze huelen, déi d’Weiderbehalen an d’Weiderfestegung vum transatlanteschen Lien bedingt. Och déi belsch Regierung, ech well dat just soen, fir datt een villäicht net weider falsch Rieden op deem Thema soll halen, huet haut de Mueren - ech hunn um halwer dräi mam belsche Premier geschwat an d’Madame Polfer mam belschen Ausseminister – décidéiert, déi Ligne ze fueren an dëser Bezéiung, wat d’Hëllefleeschtung fir eis Alliéierten ubelaangt, déi vun den Däitschen, der franséischer an der lëtzebuergescher Regierung an dene läschten zwee Deeg an och haut ageholl si ginn. Dofir soll e villäicht de Versuch ënnerloossen, d’lëtzebuergesch Regierung an d’belsch Regierung op dem Punkt auserneen ze dividéiren. Déi Auserneen-Dividéirerei gëtt et net.

Sou wéi ech schon am Dezember gesot hat, bleiwt et bei der Positioun, déi d’Regierung hat. Ech hat am Dezember gesot, wann et zu dem Krich géif kommen, da gëllt fir dëst Land, datt mir eis selbstverständlech net un dem Krich bedeelegen an datt mir déi selwecht Bündnisverpflichtungen iwwerhuelen, wéi Däitschland, wéi Frankräich a wéi d’Belsch. Dat ass net eréischt zanter dem 26. Februar d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung, mä zanter dem Dezember. An et ass genau déi Positioun, déi haut och vun denen aneren dräi Regierungen vun eise Nopeschlänner a vun der griechescher Rootspresidentschaft, mat där mir laang communiquéiert hunn an dene läschten Deeg, a vun aneren Alliéierten, déi gläichzäiteg Member vun der Europäescher Unioun a vun der NATO sinn, ageholl ginn ass.

Eis Suerg bleiwt niewent der noutwendeger Fleeg vum dem transatlanteschen Soliditéitslien och déi Opfuerderung un eis eegen Adress an un d’Adress vun eise Frënn, fir déi gemeinsam europäesch Sëcherheets- an Aussepolitik ze stäerken. Déi spezifesch Irak-Kris hei, sou déifgehend wéi se och ass an sou bedauerlech wéi se och ass, däerf net als Konsequenz hunn, datt d’Europäer hirt Beméien fir zu enger gemeinsamer Aussen- a Sëcherheetspolitik ze kommen, ee gemeinsamen politesche Wëllen an dem Beräich entstoen ze loossen, an sech déi gemeinsam Instrumenter zur Gestaltung vun dem politesche Wëllen ze ginn, datt déi Beméiungen ofhuelen. Mir mengen, datt een dës Kris, aus där mir eis als Europäesch Unioun net grad brillant aus der Affär gezunn hunn, muss genotzt ginn, fir exemple à l’appui, terrible exemple à l’appui, ze weisen an ze léieren, datt dat doten net d’Fassong ka sinn, wéi sech Europa op der internationaler Tribün soll positionnéieren.

Wéi anerer si mer der Meenung, datt d’UNO mat hirer Aarbecht an dësem Konflikt net fäerdeg ass an datt een d’UNO net nëmmen am Gespréich muss halen, mä datt een d’UNO um Dësch vun de Léisungsméiglechkeetsvirberedungen muss halen. Dat gëllt a besonneschem Mooss fir déi Aktivitéiten a fir déi Aktiounen, déi d’Plaatz musse gräifen, wann de militäresche Konflikt eriwwer ass a wann et zur friddlecher post-konfliktueller Begradegung am Irak an an där Regioun kënnt. Dat muss ënner dem Leadership vun der UNO geschéien. Et ka net sinn, datt d’Léisung vun de post-konfliktuellen Situatiounen eng Verlängerung vun den Unilateralismen gëtt, déi zu der Noutwendegkeet vun enger post-konfliktueller Neess-Opbauaarbecht féieren. An dofir menge mir, datt een der UNO muss eng wichteg Plaatz aberaumen, fir während der Dauer vum Konflikt kënnen Initiative ze ginn a fir no Beendegung vum Konflikt kënne Initiative ze ginn, fir ze verhënneren, datt no dem Krich e neie Krich entsteht, den erëm op unilaterale Besënnungen géif begradegt ginn. Mir mengen, datt besonnesch och nom Konflikt an zum Zweck vun der friddlecher Opbereedung vum Gesamtraum ronderem den Irak, déi multilateral Approche, déi nëmmen d’UNO garantéiert, muss eng wieder Chance kréien, a setzen eis och an denen nächsten Deeg dofir an.

Et stellt sech natirlech d’Fro vun der Sëcherheet heiheem. D’Regierung huet an dene leschte Wochen ee Sëcherheetsplang opgestallt ënner der Leedung vum Innenminister, vum Här Michel Wolter, dee verschidde Phasen firgesäit. Et ass d’Absicht vun der Lëtzebuerger Regierung an och d’Pflicht vun der Lëtzebuerger Regierung fir déi Sëcherheetsmoossnahmen ze treffen, déi mir fir eis eegen Sëcherheet brauchen a wou mir fir d’Sëcherheet vun den Anlagen vun den Alliéierten op dem Buedem vun eisem Land mussen ergräifen. Dofir geschéien all déi Sëcherheetsmoossnahmen a ginn all déi Sëcherheetsdispositiver en place gesat, déi ee brauch, zur maximaler Ofsëcherung vun der Sëcherheet vun de Leit hei am Land a vun der Sëcherheet vun denen, déi sech hei am Land ophalen. Dat betrëfft déi physesch Integritéit wéi och déi materiell Protectioun, déi mir hei am Land ze assuréiren hunn. Mir hunn de Moment keng secherheetserkenntlech Hiweiser dorop, datt eng akut Bedrohung zu Lëtzebuerg géif bestoen. Ech wier dofir frou, wann d’Lëtzebuerger hir Rou géife behalen, sech net panikarteg géifen duerch Gerüchter oder duerch aner Viirgäng alertéiren. D’Regierung mecht an desem Punkt hir Aufgab a communiquéiert an dem Mooss an dësem Zesummenhang wéi et noutwendeg ass. D’Regierung kann eng honnertprozenteg Sëcherheet net garantéiren. Sie kann awer garantéiren, datt se honnert Prozent fir d’Sëcherheet vun de Lëtzebuerger suergt.

Ech soen Iech merci.

Dernière mise à jour