Heure de questions au gouvernement à la Chambre des députés: la ministre des Affaires étrangères Lydie Polfer au sujet de la crise irakienne

(Seul le discours prononcé fait foi)

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

Ech ka mech ganz kuerz faassen, well de Premierminister huet d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung hei virgedroen. An haut, sou wéi an dene leschte Méint, hat d’Lëtzebuerger Regierung vun Ufank un eng kohärent an eng Haltung. Et war déi, fir vun Ufank un, am internationale Kader, no enger friddlecher Léisung vum Irak-Konflikt ze sichen.

Leider, an dat stelle mir haut alleguer zesumme fest, konnt de Prozess vun der Resolutioun 1441 net zum friddlechen Ofschloss féieren. Leider konnt tëschent der militärescher Pressioun, déi doduerch opgebaut ginn ass, an den Inspektiounen net op eng coordinéiert Art a Weis bis zum Schluss weidergeféiert ginn an dat bedaueren mir allegueren zesummen hei.

De Saddam Hussein war vun Ufank un op der Uklobänk. Hien war dat an hien ass dat och. An hien wäert och den hei Konflikt verléieren. Mä mat him wäerten leider och nach vill Leit Saachen verléieren. Vill Leit wäerten hirt Liewen verléieren a mir hu schon vill verluer. De Saddam huet et nämlech fäerdeg bruecht, d’Welt ze dividéieren. Hien huet et fäerdeg bruecht, Europa ze dividéieren an et ass dofir héich Zäit dat dem en Enn gesat gëtt, där Divisioun.

An dofir hoffen ech, an dat soll, wéi an alle schwéieren Momenter awer en Hoffnungszeechen sinn, hoffen ech, datt mir ganz schnell eis Eenegkeet neess erëm fannen, fir mat ze hëllefen beim Opbau vum Irak, wann dann déi militäresch Aktioun sollt fäerdeg sinn, fir do mat ze hëllefen. D’Lëtzebuerger Regierung huet do hir Disponibilitéit ganz kloer ënnerstrach. Ech hoffen, datt mir, zesummen mat der Europäescher Unioun, wou mir den Owend eng Réunioun tëschent dene 15 europäeschen Ausseministeren hunn, kënnen op eng coordinéiert Art a Weis déi Kéier eis Efforten wirklech ficeléiren an datt mir hei zu Lëtzebuerg och mat villen ONGen, déi mathëllefen den Effort ze begleeden, an domat den Effort vun der Regierung nach méi staark maachen, fir enger Situatioun déi laang, ze laang, Misère fir ganz vill Leit bedeit huet, datt mir dem zesumme kënnen en Enn maachen.

Ech soen op alle Fall fir déi Ënnerstëtzung an déi Diskussiounsméiglechkeeten, déi mir zesummen hei an dene leschte Méint haten merci. Ech gleewe net, datt op ville Plaatzen esou oft an awer esou oppen konnt iwwer déi Situatioun, déi net einfach war, geschwat ginn. Ech hoffen, datt mir elo virun allem un dat méi Positivt geschwënn kënnen denken an dat ass dene Leit, déi ze laang scho gelidden hunn hëllefen.

Ech soen Iech merci.

Dernière mise à jour