Le ministre de l'Economie Henri Grethen lors de la présentation du rapport annuel 2002 de Luxinnovation

Dir Häre Presidenten,
Dir Damen an Häre,
Membere vum Conseil de Gérance a vum Personal vun Luxinnovation,
Dir Damen an Häre vun der Press,

Et ass döst déi zweete Kéier dass d‘Luxinnovation mech op hir ëffentlech Presentatioun vun hirem Joresrapport invitéiert huet.

Ech si dëser Invitatioun gären nokomm, well des Agence mir eng wichteg Hëllef as fir meng Innovatioun's Politik ze realiséieren.

Viru knapps enger Woch hunn ech selwer am Wirschaftsministère Bilanz vu der Politik am leschte Joer gemat. Ech konnt do mat Satisfactioun feststellen, dass 2002 – entgeint dem wat d'Ëffentlechkeet sech f'léicht erwaart haat - ee vun de beschte "Crus" aus de lëschte 22 Joer duerstëllet. Sô war ëch frô d'riwwer festzestelle dass eis Betriber net, wéi a vergaagenen eenlech wiertschaftleche schwierege Zéiten, hir Recherche-Ausgaben zeréckgestallt hunn. Et bléiwt nach ofzewaarde op mer dëst Joer net awer f'léicht, mat engem gewesse Retard esou eng Entwécklung feststelle mussen. Ech hunn awer weider Hoffnung dass dëst nët de Fall wiert sinn. Ginn ech doran bestätegt, da géif ëch mengen dass iwwert Joeren dach a grousse Mentalitéitswandel bei eise Betriber geschéit ass. Déi schéine mir näämlech zu ëmmer méi erkannt ze hu dass et sëch op länger Siicht rëchent dess Ausgaben ze maachen, och wann ee déi eng oder die aaner Kéier ën Echec vu senge Fuerschungsaarbechte verbuche muss. An der rasanter technescher Entwécklung an och duerch déi onbaarmhäerzeg global Competitioun ass ët neemlech onverzeilech gi wann ee ze spéit seng Producter erneiert oder seng Productionsprozësser optiméiert. D'Konkurrenz schléif nämlech nët!

Dëst ass e Message den niewent dem Wiertschaftsminister och eng Luxinnovation zënter nu bal 20 Joer ëmmer erëm onermiddlech an hire Sensibiliséirungskampagnen ënnert Leit bruecht huet. So ass et wahrscheinlech och hirem onermiddlechen Asätz ze verdanken dass de Wiertschaftsminister sech Haut iwwert dös Entwécklung freeë kann.

D‘Joer 2002 huet awer net nëmme duerch d‘Zuel vu den neie Projekter, déi ech encouragéiere konnt an déi Investitiounen déi Si an d‘Recherche um Niveau vun eise Betriber duerstellen, erausgestach, mee och duerch d‘Qualitéit vu dëse Recherchen. Mat Qualitéit mengen ech den Niveau vu technologeschem Risiko dee eis Betriber hei bereet si anzegoen. Wat een nämlech méi wéit an d‘Zukunft kuckt, wat et méi schwéier gët op die richteg Päet ze sëtzen. Deejéinege deen awer d‘Nues fir huet an och de richtege Richer hat, schaaft sech och déi beschte Viraussetzunge fir de gréisste Gewënn vu sengen Entwécklungen ze hunn.

Dëse Gewënn ass em esou méi grouss wann die Recherche net nëmmen eng relativ kuerzzäiteg Entwéckelung vun engem Endprodukt ass méi, doriwwer eraus, eng méi grondleeënd Nei- Entwécklung erméiglecht an sech beispillsweis géintiwwer Konkurrenz-Produkter méi däitlech ofsetzt oder ganz nei, bis dohin nach net bekannten Uwennungen erméiglecht, oder en neie Maart erschléisst wo et nach keng aner oder fill wéineger Konkurrenten an domat nach méi grouss Margë gëtt. Bis viru kuerzem hunn nach fill Leit och hei zu Lëtzebuerg gemengt mir géifen an enger Innovations-Wüst liewen. Fill Betriber hu sech selwer an hire Mataarbechter keng esou Leeschtungen zougetraut

Et ass och der pro-activer Aarbecht vun enger Luxinnovation ze verdanken, déi einfach och on-opgefuerdert de Reesbengel an de Grapp hëlt an an‘d Betriber geet fir si dann a Gespréicher ze encouragéieren dach emol ze versiche selwer déi Entwécklungen unzegoen déi se sech wënsche, de Fall gesat dass sech och mat Hëllef vun der Innovations-Agence an hiere nationalen an internationale Kontakter keng aner bestoend Solutioun ugebueden houert. Duerch déi iwwerwiegend positiv Resultater ginn eis Betriber ëmmer méi keng an traue sech progressiv un ëmmer méi schwéier Aufgaben erun. So konnt de Wiertschaftsministère, den dös Projekter finanziell begleet, iwwer d‘Rechenschaftsberichter erausfannen dass sech iwwert d‘Joeren an eise Betriber eng ganz Palette vu grondleeënden technologesche Kompetenzen erausgeschielt huet wo et och Sënn géif maachen déi zesummen ze notzen an auszebauen, frei nom Moto: "Zesumme si mer ëmmer méi staark ewéi eenzel!" Ech hunn doropshin d‘Pilotaktion “ Cluster “ an d‘Liewe geruff fir d‘Betriber zur technescher Zesummenaarbecht ze incitéieren. Néischt wor méi natierlech wie hei och d‘Luxinnovation ze beoptragen d‘Animatioun vun dëser Initiativ ze iwwerhuelen. Mat de Resultater vun dëser een-jäereger Pilotphase déi ech och d‘lescht Woch virgestallt hunn an op die mer an den heitegen Presentatiounen nach eng Kéier a'gin kann ech och zefridde si a si duerfir bereet des Initiative iwwert eng Rei vu Joren weiderzefueren. Ech hun och schons mat Minister-Kollegen aus der Grossregioun iwert eng Zesummenarbecht an dem Bereich geschwat.

Ech hoffen dat alles an allem de Wiertschaftsminister duerch regelméisseg Pressekonferenzen , esou ewéi seng Kollegin, d‘Madame Hennicot, die d‘Recherche publique an d‘Héichschoulpolitik an hire Kompetenzen huet, dach esou lues d‘Lëtzebuerger iwwerzeecht krit dass sech dach esou Munches an der Innovatioun hei am Land deet. Och de 1999 gegrennten "Fonds National de la Recherche" an déi zukenfteg "Uni Lëtzebuerg" hëllefen d'Fuerschungs-Potential nach ze steigeren fir eist Land fit fier d'Wessensgesellschaft ze maachen.

Dat soll eis natierlech elo net gleewen doen domat wär et gedunn! Et muss nach méi geschéien, nach net all d‘Betriber hu sech enger interner Innovatiounspolitik verschriwwen an dës ass och keen “ one shot “, mee hei gelt et onermiddlech um Ball ze bleiwen.

Ech wär dofir och weiderhin d'Innovatioun als ee vun den wichtegsten Pilieren vu menger Wiertschaftspolitik betruechten.

2002 hunn ech an dësem Kontext ee weidert Instrument an d'Liewe geruff, wat och ermeigleche soll de Grënner vun neien Technologie-Betriber ënnert d'Ärem ze gräifen. Déi sougenannten "ECOSTART"-Infrastrukueren zu Féiz, a spëider um Campus vun der "Cité des Sciences de l'Innovation et de la Technologie" zu Esch-Belval sollen hinnen höllefen déi éischt Duuschtstréck no der Grënnung besser ze iwwerstoen. An dëser Phase hu Si nach oft net déi néideg finanziell Mëttel fir schouns a Briqueten, Betong oder Stol ze investéieren.

Och desen Betriber ass d'Luxinnovation eng ganz netzlech Hëllef fir ze beroden an nëzlech Kontakter mat méiglechen Investisseuren, Fuerschungszentren, aaneren Betriber an den ëffentlechen Ariichtungen hierzestellen.

Si hunn do schonns eng gud Erfahrung un'gesammelt am Technoport Schlassgoart an an der "Business Initiative" deene Si eng Hand upaken. Ech wäert och dëss Kooperatiounen tëschent mengem Ministère, dem CRP-Henri Tudor, der Luxinnovation an hire Memberen, der Business Initiative an anere Partner weiderdreiwen.

Wann ech also op déi lescht Joeren zeréckblécken, stellen ech mat Satisfactioun fest, dass déi zousätzlech Mëttelen déi ech dëser Agence zënter 1999, zesumme mat eise private Partner (d'FEDIL an déi béid Chamberen), zer Verfügung gestallt hunn, eng gud Investitioun waren a weider sinn.

An deem Investitiounspaak sin och d'Mëttel enthalen, déi et erméigleche solle fir een Innovatiouns-Portail um Internet ze gestalten a ze bedreiwen. Wat wier eis Innovatiounspolitik wärt, wa mer net geiffe selwer an déi technesch Hëllefsmëttel investéieren déi de Motor vu dëser Politik si? Mir hoffen heiriwwer nach méi Clienten fir eis Instrumenter ze erreechen an, souwuel no banne wéi no bausse, ee méi komplett d'Bild vum Technologie-Standuert Lëtzebuerg kënnen ze ginn.

Ech sinn duerfir voll Erwaardungen op d'Presentatioun vun dësem Portail op déi mer Iech geschwënn invitéiere wäerten.

Dir Damen an Hären,

Et bleift Mier nach Merci ze soe fir den deeglechen Engagement deen dës Equipe an hir Aarbecht stécht an deen, zesumme mat der Ennerstëzung vun mengem Ministère eise Betriber Mutt mécht an d'Innovatioun ze investéieren, well an den heinsdo ongemiddleche Welle vun den internationale Wiertschafts-Märt sëtze mir all zesummen an dem nämmlechten Boot wat Lëtzebuerg heescht, an do gelt et gemeinsam an déi selwecht Richtung ze rudderen.

Merci fir Äert d'nolauschteren.

Dernière mise à jour