Le Premier ministre Jean-Claude Juncker à l'occasion de la Fête nationale 2003

Dir Dammen an Dir Hären,

Net jiddferee weess mat Nationalfeierdag eppes unzefänken. Mee déi meescht vun eis wësse wou se dru sinn – mat sech a mat hirem Land.

Op Nationalfeierdag do stoppe mer dat hektescht Op an Of vun der Zäit, maachen eng Paus fir no hannen ze kucken, huele Loft fir besser no vir ze kommen.

Zréckkucken ass net ëmmer schéin – an et kann och heiansdo wéi dinn.

Deen terriblen Akzident vun der Luxair stécht eis alleguer nach an de Glidder. De läschte 6. November ass eng national Katastroph geschitt. An haut, op eisem nationalen Dag, wëlle mer un déi denke fir déi de läschten 6. November de läschten Dag vun hierem Liewen war. Grad wéi eis Gedanke och bei deene sinn déi hiert Liewen op der Strooss verluer hunn: och eng national Katastroph, déi sech Joer fir Joer, Woch fir Woch, heiandsdo Dag fir Dag wiederhellt. Mir sollen eis haut virhuelen besser op eis selwer an besser op déi anner op ze passen.

Méi wäit vun eis ewech, am Irak, do gouf et Krich. Well d'Politik sech selwer an de Féiss stung an well d'Diplomatie versot huet. Vill Lëtzebuerger, déi d'Frënn vun den Amerikaner sinn an d'Frënn vun den Amerikaner bleiwen, ware géint dee Krich, esou wéi se och géint den irakeschen Diktator waren. Et huet gutt gedoen ze gesinn datt virun allem déi Jonk d'Banaliséierung vum Krich oflehnen a sech fir eng Welt asetzen déi an Harmonie mat sech selwer liewt.

Fir déi europäesch Harmonie do si mer selwer méi direkt mat zoustänneg. Mir sinn amgaang – am Konvent an duerno an enger Regirungskonferenz – déi kontinental Partitur nei ze schreiwen. A manner wéi engem Joer ass d'europäesch Unioun ëm zéng Staate méi grouss a méi räich ginn. Wann Europa méi grouss gëtt dann huelen och d'Méiglechkeete vun engem klenge Land zou. Mir ginn net méi kleng. Mir wuesse mat. Wirtschaftlech. Kulturell. Als Mënschen och déi eng grouss Ambitioun beienee bréngt.

Déi grouss europäesch Ambitioun déi dréckt eis Natioun net op d'Säit. Mir wëlle bleiwe wat mer sinn. An mir bleiwen och wat mer sinn. Ee Land dat mat sengen Nopere vun no a vu wäit a gudden Termen ass. Ee Vollék dat mat sech selwer eens gëtt, dat an déi selwecht Richtung kuckt, och wann mer net emmer alles d’selwecht gesinn.

E Land och dat selbstverständlech do ass fir seng Léit mee awer och fir déi Anner. E Land an deem mer eis respektéiere well mer eis Ënnerscheeder verstinn kleng ze halen. Déi Wäerter vum tolerante Matenee déi lafen an der Persoun vun eisem Grand-Duc zesummen. Hien ass de Staatschef vu jiddferengem, Hien kennt eis natiirlech Differenzen well en sech fir se interesséiert, Hien wees em eis heiandsdo künstlech Kontroversen well en sech informéiert. Mee en mëscht sech net an an eis Kontroverseren, seet net wat richteg an wat falsch ass. Hie steet iwwer all deem an ass nawell ee vun eis. Dofir fällt et eis och liicht eis an Him z'erkennen.

Eise Merci un Hien ass och e Merci un eis Grande-Duchesse. Déi sech net schount wann et drëm geet Seng an eis Laaschte méi liicht ze maachen.

Mir wëllen haut den Owend, och um Virowend vun eisem Nationalfeierdag, der Grande-Duchesse Joséphine Charlotte vun dëser Plaz aus soen datt mer u si denken an hir vill Courage wënschen. Si huet es vill a Si brauch es och vill. Hire Mann, de Grand-Duc Jean, soll wëssen datt mer En a Gedanke stäipen.

A ceux qui vivent chez nous et qui viennent de plus loin, à  ceux qui nombreux me regardent au-delà de nos frontières je voudrais renouveler le message de sympathie et de solidarité de mon pays.

Iech alleguer wënschen ech e schéinen Nationalfeierdag.

Vive de Grand-Duc !
Vive d’Grande-Duchesse !
Vive eis groussherzoglech Famill !

Vive eist Land !

Dernière mise à jour