Discours du ministre de la Défense, Luc Frieden, à l'occasion du 60e anniversaire de la Libération

Distinguished veterans of the American Allied and Luxembourg forces,

I stand here tonight on behalf of the free Luxembourg Nation and a democratic government because of you. You were then young men and I spoke to some of you earlier on today. You were nineteen, twenty, twenty-one. You came here to liberate us from a terrible dictatorship. You came here inspired by the willingness to put an end to a regime that wanted to destroy democracy. The fortunates of you went home, changed forever. Many thousands stayed in Europe. Their families lost part of what they had build up because they wanted to do something for our freedom and our liberty. Our nation salutes and honours you. And on behalf of the Luxembourg Nation I want to tell you that we owe a debt of never-ending gratitude to the veterans of the Allied forces who liberated us 60 years ago on this very day.

Mir, déi haut politesch Responsabilitéit hunn, kennen déi Befreiung nëmme vun de Biller, vun de Fotoen, vun deem wat déi eis verzielen, déi dat matgemaach hunn. Déi schrecklech Momenter an déi Freed, déi bei der Libératioun komm ass. Dorënner, ënnert deene Veteranen, waren och vill Lëtzebuerger. Mir sinn hinnen dankbar. Mir denken un si. Grad esou wéi un all déi, déi op anerer Plaz heiheem an dobaussen als Lëtzebuerger an deenen Deeg gelidden, gekämpft hunn a sech agesat hunn, fir eis Fräiheet eis erëmzeginn, déi sech agesat hunn, fir eis Eenheet, déi sech agesaat hunn, fir eis Eegestännegkeet an eis Souveränitéit.

D'Symbol vun der Souveränitéit war deemools wéi haut eis groussherzoglech Famill a mir, déi zwanzeg Joer nom Krich gebuer sinn, hunn all verzielt kritt, wat fir ee formidable Moment et fir d'Lëtzebuerger war wéi den Prënz Félix op Lëtzebuerg komm ass an am Nomëtten deen deemolegen Ierfprënz Jean an d'Leit geruff hunn: "Vive de Prënz Jang". Monseigneur, mir si frou, datt Dir, eise spéidere Grand-Duc, haut mat eis hei sidd. Stellvertriedend och fir all déi Veteranen, déi an deem Dag hei an d'Land erakomm sinn an och an deene Wochen duerno, an eist Land erëm fräi gemaach hunn. A mir si frou, datt Dir, wéi déi aner Veteranen, duerno déi Erënnerungsmedaille iwwerreecht kritt, déi un dësen extraen Dag soll erënneren.

Mä deen Dag, wou mir befreit gi sinn, war net nëmmen en Dag fir en Enn ze sëtzen zu engem Krich. Et war virun allem och en Dag a Wochen, déi sollten en Enn setzen un eng Diktatur, un ee Régime, dee kee Pluralismus an der Demokratie wollt, ee Régime, dee keng Ausdrocksfräiheet erlaabt huet, ee Régime, deen d'Leit wollt ënnerdrécken. An ech mengen, datt et eis Pflicht ass, nieft deem enorme Merci, dee mir musse soen, deenen déi eis befreit hunn, datt mir ëmmer erëm mussen drunn erënneren, wat d'Ursaache vum Krich waren, wien eis befreit huet a wat mir musse maachen, fir datt mir déi Fräiheet, fir déi vill Leit hiert Liewe ginn hunn, fir déi vill Leit an dësem Land gelidden hunn an zum Deel nach haut leiden, datt mir dat ni méi op d'Spill setzen. Et geet drëm, eis Demokratie an eis Fräiheeten ze verteidegen.

An et kommen ëmmer erëm nei Geforen. Mir gesinn dat duerch de Fundamentalismus, deen eis demokratesch Werter och erëm wëllt a Fro stellen. Mir hunn et och gesinn an anere Kricher, déi am leschte Joerzéngt och um europäesche Kontinent gespillt hunn.

Notre devoir dès lors, au-delà de l'énorme gratitude que nous souhaitons exprimer aujourd'hui au nom du peuple luxembourgeois, doit également être un regard vers l'avenir. Préservez ce que ceux qui nous ont libérés nous ont donné. Ils nous ont redonné la paix et nous avons pu consolider la paix dans les 60 années qui se sont écoulées depuis cette fameuse Libération en construisant l'Europe et en construisant des relations transatlantiques fortes.

Il s'agit donc aujourd'hui de renforcer, de consolider cette Europe élargie, parce qu'elle est seule le garant de la paix, de la stabilité, de la culture démocratique et des droits de l'homme en Europe et au-delà de l'Europe dans le monde. Les libérateurs nous ont ramené la paix et la démocratie en la consolidant, en nous engageant chaque jour pour cette paix, pour l'Europe, pour les relations transatlantiques et avec tous ceux qui partagent les mêmes valeurs de démocratie et de respect des droits de l'homme, nous faisons peut-être le meilleur cadeau à nos libérateurs et nous leur exprimons ainsi un signe de reconnaissance et de gratitude profonde.

Merci deenen, déi eis befreit hunn.

Thanks to you all.

Dernière mise à jour