Discours du ministre de l'Intérieur et de l'Aménagement du territoire, Jean-Marie Halsdorf, à l'occasion de l'ouverture de l'Oekofoire

49 Deg dat déi nei Regierung am Amt ass,

49 Deeg fir als neien Innenminister festzestellen,

wann ech daat nach nët bis dohinner verstaanen hätt,

dat déi Aarbecht, IVL genannt, déi déi lescht Regierung fir eist Land programméiert huet, dest wichteg fundamental Visioun an Organisatioun vun eisem Staat, eisem Land, net därf als Papeiertiger an irgend engem Tirang, verkümmeren jo, verschwannen, neen, mir hun elo, haut, de Moment eng Méiglechkeet eist Land esou ze gestalten, an dat et am Kader vun den üblechen Entwecklungszyklen déi eng Gesellschaft an och ée Staat all 20 bis 30 Joer esou durchleeft, dat et weider den néien Role vun engem groussregionalen Motor kann wuer huelen, fir datt daat wat an den leschten 30 Joer geschaafen guef, sech esou kann bonifizéiren, dat jidfereen deen dorun Deel geholl huet, direct an indirect, Gefill kritt an huet dat hien sein dozou beigedrot huet, an datt des wichteg Erkenntnisser  weider verschafft gin an dem Modell vun moar deen seng Berechtigung an den Wurzelen vum Plan Directeur fennt, deen een als Papp vum existenziellen IVL muss gesinn.

KOMPLIZEIERT AN OCH NET. Anescht gesot

D’Implementéirung, d’Emsetzung vun deser Fleissaarbecht, vun deser eenzegarteger Chance steet un.

Déi déi mengen et wier alles gudd wéi et elo ass leien total falsch,

Déi déi mengen et wier nach Zait ze waarden, leien falsch,

Déi déi mengen et misst alles schnellstens emgesat gin, leien och falsch,

Déi déi mengen et misst konsequent, nuancéiert an prioritär virgangen ginn, verstinn, dat Komplexitéit an Villschichtegkeet vun denen Decisiounen esou verstane musse gin dat all Forces vives, an desen Prozess mussen agebonnen gin, jo informéiert gin, fir dat Form, wéi et oft de Fall an der Politik ass, net als Argument kann benotzt gin, fir de Fong, deen a sech kloer ass, an den Hannergrond ze drängen.

Fir d’éischte Kéier sin d’Raumplanung, d’Organisatioun vum Verkéier an d’Erhaalen vun der Landschaft an enger gemeinsamer Perspektiv betruecht gin.

Ziel war a bleiwt et dës dräi zentral an ontrennbar matteneen verbonnen Pillier’en vun der Landesplanung beschtméiglesch openeen ofzestëmmen, an esou ze gestalten, dass Lëtzebuerg an Zukunft nët nëmmen liewensfähëg bleiwt, mä insgesamt och d’Weichen gestallt gin, fir dass Lëtzebuerg ée Qualitéitssprong kann machen am Sënn vum Leitprinzip vun der Nohaltëgkeet.

Seit der Präsentatioun vum IVL ass schon vill geschwaat a geschriwwen gin. Erfreelecherweis, gouf trotz Wahlkampf, bis ëlo weineg polémiséiert, nëmmen vereenzelt Stëmmen hun probéiert dem IVL vun vir eran eng negativ Connotatioun ze gin, matt  Sloganen type "den IVL steet fir den heemlëchen Opbau vun engem Megalëtzebuerg".

Dëst ass dann och ée positivt Zeechen. Et weist dass den IVL als wichtëg Saach ugesinn gët.

Dest grondleegend mëttel- bis längerfristëgt ausgerichtend a wëssenschaftlëcht Konzept erlaabt eng Objektivéierung vun den Diskussiounen iwwert d’Zukfunft vun Lëtzebuerg an esou besteet och d’Chance fir eng méi rationnell Entscheedungsfannung an Beräicher an deenen ganz oft ganz emotional debattéiert gët.

Et kënnt also nët vun ongeféier, dass den IVL am Regierungsprogramm ganz ausféierlëch berücksichtëgt gouf. E gouf nët nëmmen an engem speziellen Kapitel beim Innen- an Landesplanungsministär ënnerbruecht – am Fong geholl - esou ze soen d’Denkfabrik an Saachen IVL - mä e fënnt  sech och direkt oder indirekt bei aaneren Departementer erem.

Daat léit an der Natur vun der Sach. Den  IVL kann nët jhust vun engem Ministär emgesaat gin, mä brauch eng effikass an kollegial Zësummenarbëcht vun villen Ministären, a ganz besonnësch deenen déi fir Raumplanung, Verkéier, Emwelt, Wunnengsbau, Wirtschaft an öffentlëch Bauten zoustänneg sin.

Mä och eng méi strukturéiert a waïtsichtëg Zesummenaarbecht tëschent de Ministären, wéi se och am Koalitiounsprogramm virgesinn ass, wärt alleng nët duergoen fir all déi Erausfuederungen déi am IVL ugeschwaat sin, ze meeschteren.

Och d’Gemengen, d’Wirtschaft, d’Zivilgesellschaft an all Eenzelen dén zou Lëtzebuerg schafft a wunnt, muss an der Rumm vun sengen Méiglechkeeten derzou beidroen, dass mer Léisungen op déi wichtëg Froën aus dem IVL nët nëmmen fannen, mä och emgesaat kréien. Mir sin all gefoudert!

Daat wärt nach déi eng oder aaner méi komplizéiert a sëcherlëch kontrovers Diskussioun an Entscheedung mat sech brengen. Den IVL huet eben nët jhust un der Uewerfläch vun de Problemer no Léisungen gesicht, mä ass der Saach op de Fong gang.

Zaiten vun der Théorie, wou nach masseg Modeller méiglech waren, sinn erriwwer.

Praxis steet un, dat heescht, den groussen gesellschaftlechen Debat wéi en am Regierungsprogramm ugekënnegt gët, muss gefouert gin an zwar esou dat no vir gekukt gët, dat den IVL als solchen net méi a Fro gestallt gët, dat all Concernéiert, all Forces vives an desen Emsetzungsprozess agebonnen gin.

Verschidden Fakten an Zësummenhäng weisen deitlech wou Knackpunkten, wou Probleemstellungen sin:

  • Déi extrem Zentraliséierung vun den Aarbëchtsplaatzen op d’Stad Lëtzebuerg - iwwer 44 % vun allen Aarbëchtsplaatzen sin zou Lëtzebuerg ugesiedelt, awer nëmmen 18 % vun der Populatioun wunnen hei. Zënter ronn 30 Joër ass d’Awunnerzuel an der Stad relativ stabil bliwwen wou awer Gesamtbevölkerung em 30 % geklommen ass.

  • D’Wunnen an de groussen Agglomeratiounen ass nët méi esou attraktiv oder och bezuelbar, esou dass d’Populatioun tendenziell ëmmer méi stark an d’Peripherie respektiv ëmmer méi wäit an de ländlëchen Raum wunnen geet.

  • Wunnen an Schaffen driften ëmmer méi waït ausserneen, eng Entwecklung dei zousätzlëch un eng Bauweis gekoppelt ass, déi ganz vill Terrain brauch. D’Bebauungsdicht vun den Wunngebidder zou Lëtzebuerg erreecht am Duerchschnëtt 13 Wunnengen pro Hektar. Esou gët "d’masse critique" déi mer brauchen fir den öffentlëchen Transport gudd ze organiséieren, ëmmer méi dënn. An d’Experten soen, dass én eng Dicht vun mindestens 20-30 Wunnengen pro Hektar brauch fir den öffentlëchen Transport méi effikass ze gestalten.

  • Fir den Undeel vum öffentlëchen Transport vun jhust 12 % kënnen ze erklären, geet ët awer nët jhust duer der Raumplanung an der Transportplanung d’Schold ze gin. D’Raumentwecklung an och d’Verkéierssituatioun gin ganz entscheedend vun eisem eegenen Verhaalen beaflosst.

  • Mir sin matt ronn 630 Autoen op 1000 Awunner an der europäëscher Spëtzt, an och am Velofueren sin mir Spëtzt awer nëmmen bei der Olympiad an am Tour d’Espagne, wou Lëtzerbuerger besonnesch gudd ofgeschnidden hun, well héihéem gin bal 60 % vun de Weer ënnert 2 km nämlëch schons mam Auto zreckgeluecht an nët mam Velo oder ze Fouss.

Dës puer Beispiller aus der IVL-Analyse wéisen ganz kloër: Hei beweegen mer eis an engem Daïwelskrees. Hei drängen sech evident strukturell Verbesserungen op an zwar durch Synergien tëschent den dräi Pillier’en vum IVL – der Siedlung, dem Transport an der Landschaft.

Esou wärt ët zum Beispill op d’laang Siicht nët duer goën, fir vill an den Transport, a besonnesch och an den öffentlëchen Transport, ze investéieren, wann ët parallel nët geléngt den öffentlëchen Transport besser matt der Raumentwecklung ze koordinéieren an ëmgedréint. Dëst ass dann och eng Viraussetzung dofir, dass den öffentlëchen Transport längerfristëg kann einegermoossen wirtschaftlëch organiséiert gin.

Dest heescht définitiv: d’Landes- an Verkéiersentwecklung musssen méi aktiv a manner reaktiv gestaltet gin.

Daat heescht dann an leschter Konsequenz dass mer musse kucken fir aktiv réimlëch Schweierpunkten ze setzen, an déi noutwëndëg Viraussetzungen ze schafen, fir dass d’Entwecklung, am Aklang mat iwwerzéchten Gemengen, besonnesch do stattfënnt

  • wou Potenzial ass fir matt modernen an attraktiven urbanistëschen Konzepter méi dicht ze bauen,

  • wou gudd infrastrukturell Viraussetzungen bestinn,

  • wou e IVL konformen Funktiounsmix – Wunnen an d’Schaffen – kann gefördert gin,

  • wou keng Konflikter mam Natur- a Landschaftschutz bestinn oder längerfristëg ze erwaarden sin - d’Natur ass e Kapital waat mer nët nëmmen fir  déi heitëg Generatiounen mussen erhaalen,

  • wou eng gudd Ubannung un den öffentlëchen Transport, a besonnësch d’Schinn, schons besteet oder längerfristëg kann sënnvoll opgebaut gin.

Emgedréit heescht daat awer och, dass verschidden Réim am Land, nämlëch déi wou dës Viraussetzungen nët esou gudd kënne réaliséiert gin, méi moderat wuessen sollten. Dat heescht net Stillstand, mee eng Entwecklung déi de Rahmenbedingungen an de réimlëche Potenzialer besser gerecht gët.

Een Dossier wéi deen vun "Meysembourg", iwwert deen jo schons vill geschwaat an diskutéiert gouff, muss dann och am Liicht vun dëssen Prämissen gekuckt gin. Et sollt een awer de Prozeduren déi en cours sin net viergréifen.

Grondsätzlëch, an onofhängeg vun iergendwelchen konkreten Projeten, ass awer och kloër dass esou een Usatz nët vun haut op muer kann vun uewen erof décrétéiert an emgesaat gin. En ass als Leitgedanken ze verstoen, deen sech lues a lues – natierlëch awer net ze vill lues - muss an den Entscheedungen déi beim Staat, an an de Gemengen geholl gin, eremfannen.

Dofir brauche mer én intelligenten a wueldoséierten Mix vun Instrumenter a Strategien deen verschidden Komponenten ëmfassen muss.

Mir brauchen:

1. den Dialog, fir sëcherzestellen, dass op alle Niveau’en eng gemeinsam "prise de conscience" entsteet an dass enner anerem de Gemengeniveau an de nationale Niveau zou enger gemeinsamer  Démarche kommen;

Mir brauchen:

2. ee national verbindlichen Kader deen iwwert  d’Instrumenter vun der Landesplanung – an hei besonnesch de Plan sectoriel -  geschaafen muss gin.  Dëse Schrëtt ass noutwendëg fir ze garantéieren dass déi national relevant Aspekter vun IVL kënnen längerfristëg emgesaat gin. Als prioritär gëllen de Plan sectoriel "Transports", "Zones d’Activités Economiques", "Logement" an "Ensembles paysagers et forestiers".

Am Sënn vun engem gesonden Zësummenspill tëschent dem Staat an de Gemengen, kënnt ét bei der Konkretisatioun vun de Plans sectoriels dann och op daat richtëgt Fangerspëtzengefill un, well nët fir all Element vum IVL eng reglementarësch Festleeung noutwendeg ass an och Sënn mëcht.

Mir brauchen :

3. eng effikass Ëmsetzung vum aalen 37. Gesetz iwwert den Aménagement communal an den Développement urbain, well dëst Instrument éischtens de Gemengen vill Méiglechkeeten bidd, fir d’Entwecklung vun hierem Territoire besser ewei bis elo ze stéieren an well dëst Instrument d’Gemengen awer och verpflicht, d’Entwecklung vun hierem Territoire, méi staark wéi bis elo, an de Kontext vun der Landes- an der Regionalplanung ze setzen. Parallel dozou mussen d’Iwwerleeungen geféiert gin, wéi een d’Gemengen besser « outilléieren » kann, fir dat si hieren vielfältigen an och komplexen Missounen als modernen Service Provider kënne gerecht gin.

Mir brauche, jo mir mussen

4. aktiv Akzenter setzen, op Plaatzen déi fir eng équilibréiert Raumentwecklung zou Lëtzbuerg besonnesch entscheedend sin :

  • Entwecklung vun der Nordstad

  • d’Ënnerstëtzung vun deenen wichtëgen klengen städtësch Zentren am ländlëche Raum

  • eng weider Stärkung vun de Naturparken tëschent deenen och d’Kooperatioun, déi haut schons gudd fonktionéiert, wéider ausgebaut soll gin.

Am städtëschen Raum gët ët drëms déi sougenannten Zone Verte Interurbaine als "Regionalpark" ze entweckelen, waat een néit Konzept fir Lëtzebuerg ass.

Weiderhin muss sëchergestallt gin, dass Belval-West als Projet matt Modellcharakter séier réaliséiert gët, woubai muss opgepasst gin, dass déi zwee aaner Entwecklungsschwéierpunkten - den Südwesten vun der Stad Lëtzebuerg an den Kierchbierg - am Sënn vun enger méi kohärenter Landesplanung, matt der Entwecklung vun Belval-West koordinéiert gin.

Mir brauchen

5. e kontinuéierlëchen Prozessmanagement, fir sëcherstellen, dass den IVL seng Dynamik och iwwert e längeren Zäitraum kann oprechterhaalen, dass d’Kohärenz vum Konzept garantéiert bléiwt, an dass haut schons de noutwëndege Monitoring opgebaut gët, fir d’Entwecklung vum Raum an Verkéier zou Lëtzebuerg an domadder  och d’Emsëtzung vum IVL, méi objektiv a transparent ze évaluéieren.

Ech soen et nach eng Kéier: D’Erausfuerderungen an d’Léisungsvirschléi aus dem IVL sinn komplex. Elo mussen "Neel matt Käpp" gemeet gin fir déi richtëg Weichestellungen fir d’Entwëcklung vun Lëtzebuerg virzehuelen. Dës Weichestellungen verstinn ech als präzis Virlagen fir eis Partner, Ministären a Gemengen, deenen et dann opléit fir se um Terrain konkret emzesetzen.

Ofschléissend nach e puer Wierder iwwert een aneren Domaine deen och eng global Strategie verlangt: Eis Waasserwirtschaft.

Ënner "Waasserwirtschaft" versteet d’Regierung den Ëmgank mat eise Wasserressourcen no de Prinzipien vun der nohalteger Ëntwëcklung, dat heescht et muss méiglech bleiwen fir eis Waasserressourcen fir eist alldäglecht Liewen a fir eis Ekonomie zu engem ugemiessene Präis ze notzen a gläichzäiteg dës Ressourcen als Bestanddeel vun der natierlecher Ëmwelt optimal ze schützen.

Dëst ass jiddefalls den Objektiv vun där neier europäescher "Waasserrahmen-Richtlinn" déi d’Regierung deemnächst no deene genannte Critèren an nationalt Recht wärt a muss ëmsetzen.

"D’Rahmen-Richtlinn" verlaangt vun de Member-Länner, dass spéitstens bis am Joer 2015 all Grond- an Oberflächegewässer nees an engem gudden ökologeschen a chemeschen Zoustand solle sinn. Zu deem Zweck musse bis spéitstens 2009 déi néideg Moossnahmeprogrammer an och e "Gewässerbewirtschaftungsplang" erstallt ginn déi dann bis zum Joer 2012 operationnell musse sinn fir kënne bis 2015 hir Friichten ze droën.

D’Erstellung vun deene Moossnahmeprogrammer mat dem Bewirtschaftungsplang asst eng vun den Haaptaufgaben vun eiser Wasserwirtschaftsverwaltung an et ass elo scho gewosst dass d’Haaptakzenter vun deene Programmer op dräi Schwéierpunkter leie wärten :

1) d’Finaliséierung vum kommunalen Oofwaasserentsuergungs-Programm :

hei muss de Staat nach ëm déi 900 Milliounen Euro bereedstellen fir dass eis Gemengen Kläranlagen kënne bauen oder moderniséieren, haaptsächlech laanscht d’Uelzecht an d’Musel ;

2) d’Renaturéierung vun eise Fléissgewässer :

mir wëlle wéinstens dee vun der Kader-Richtlinn gefuerderten ‘’gudden ökologeschen’’ Zoustand erreechen, ee Programm deen zesumme mat dem Ministère de l’Environnement soll définéiert ginn ;

3) eng besser Maîtrise vun der diffuser Nährstoffpollutioun aus der Landwirtschaft :

Nitrat- a Phosphorauslaugungen aus der Landwirtschaft stellen nach ëmmer eng ze staark Belaaschtung fir d’Grondwaasser an d’Oberflächegewässer duer.

Zesumme mam Landwirtschaftsministère an am Kader vun där neier europäescher nohalteger Landwirtschaftspolitik musse mer, ënner anerem, nei Weeër fir eng méi efficace Notzung vun Gülle, Piff a Mineraldünger fannen. Déi momentan Léisungen am Beraich "Klärschlamm" ginn net duer, hei mussen nei Léisungen an Aen gefaast gin.

Hei der niewt musse mer awer och op eng méi streng Uwendung vum Prinzip vun der Recuperatioun vun de Käschten uechten déi d’Waassernotzung verursaacht, dëst och no deementspriechenden Viirgaben vun der europäescher Waasserrichtlinn ; dëst bedeit, dass esou wuel d’Drénkwaasser- wéi d’Ofwaassertaxen wärten erop gesat musse ginn.

Besonnesch am Drénkwaassersektor mussen deemnächst vill Renovéierungsaarbechte gemaach ginn z.B. an de Quellefassungen, fir dass déi an a fir sech gudd Qualitéit vum Quellwaasser erhale bleiwt.

Héichwaasserschutz bleiwt och en Thema vun dramatescher Aktualitéit, wahrscheinlech ëmmer méi oft doduerch, dass mer manifestement an enger Zäit vu Klimaverännerung dra sinn; och wann d’Renaturéierung vun de Flëss eng gewëss héichwaasserbremsend Wierkung wärt hunn, mir dierfen eis net der Illusioun higinn dass dës Moossnahmen duerginn fir allen Iwwerschwemmungsproblemer kënnen een Enn ze setzen ; ganz ouni technesch Moossnahmen, déi selbstverständlech kompenséiert musse ginn, wärte mer nett auskommen.

Ech ka mer virstellen, dass ech mech haut un e Public hei riichten dee mengt d’Kompetenz fir Waasserwirtschaft léich besser an den Hänn vum Ëmweltminister. Heizou wëll ech soën, dass Waasserwirtschaft déi sech nohalteg wëllt, an dat ass eist Ziel, net nëmmen no der Ecologie, awer och net nëmmen no Economie ausgeriicht dierf sinn, mais an engem richtegen Dosage vu béiden Aspekter besteet.

Déi aktuell Situatioun get durch hier relativ Neutralitéit verschidden Garantien:

De Gemengen ënnersteet di primär Kompetenz an der Drénkwaasserversuergung, an der Ofwaasserentsuergung, inklusiv, fir déi zwee Domäner, d’Tarifgestaltung, an och zu engem groussen Deel an der Héichwaasserbekämpfung an esouguer am Ausbau vun de Gewässer ;

Aus esou enger Logik mecht et Senn, dass de Gemengen hire "Ministère de tutelle" och d’Kompetenz an der Waasserwirtschaft huet, Kompetenz déi en awer net laanscht den Ëmweltministère wëllt ausüben, besonnesch och well a Beraicher wéi zum Beispill Gewässerrenaturéierung nach muenchen Klärungsbedarf besteet.

Mäin Uléies wärt et an deenen nächste fënnef Joer sinn, eist Waasserwirtschaftsamt esou z’organiséieren dat et nët nemmen no baussen ee Bild get vun enger wichteger Institutioun, eng Art Referenz,  mais dass eng nohalteg Notzung vun de Waasserresourcen fir de mënschleche Gebrauch zu vertrietbaren awer käschtendeckende Präisser geséchert gëtt a bleiwt an dat bei gläichzäitigem optimale Schutz respektiev beschtméiglechster Verbesserung vum qualitativen a quantitativen Zoustand vun dëse Ressourcen.

Dir gesitt, et steet muenches un, mir packen et un.

Dernière mise à jour